Kommentar vum Fotograf:
Opgeholl zu Lone Pine, California. Ech hunn ND Filter benotzt, fir eng lang Belichtungszait ze kréien. Well et awer zimlech hell war, hunn ech ausserdem nach Blend 22 gehol, wat awer net grad zu enger gudder Qualitéit beigedroen huet. Doduercher entstinn nämlech 'Beugungsonschärften'. Et wär also besser, méi stark ND Filteren ze benotzen, sou dat een mat Bleng 8 oder 11 dat ganzt machen kéint. Ech wollt mol eng Kéier en Waasserfall mat 'verweschtem' Waasser duerstellen.