Ech sinn e bessen hin- an hiergerappt. D'Perspektik fann ech scho ganz interessant, mee et fehlt mer un Schärft. Ech wees net genau, wou ech hikucke soll. Un de Faarwen hätt een och nach e bessi kniwwele kennen.
Déi Foto do war eng Verléegenhéetslisung well ech kéen Stativ dabäi haat. Hun d'Kamera op de Buedem opgesaat a versicht mat max. Blend an Iso 800 eng méiglechst kuerz Beliichtungszäit ze kréien. D'Déifteschärft ass bäi Blend 2 natierlech minimal an de Fokus léit am Prinzip op de viischten Steileren.
Schlussfolgerung: nie méi ouni (Mini)Stativ
Jo, mengen och dass 1sec ze laang ass fier net ze verwackelen.
Ech ginn emol net dervun aus dass Du een Stativ haats (esouguer en Minis Stativ oder eng fest Oplaag wier besser gewiescht) mais dann hätts Du deen Problem net gehaat an Du hätts ausserdem nach kennen mat Iso 100 fotographéiren.