Herrlech schwaarz-wäiss! gefält mer dat den Bierg esou däitscher ass. Am Himmel sinn mer schonn bal ze vill Sträifen, wierkt sou abstrakt. mä d Liicht/Stëmmung funktionéiert awer ganz gutt. Format fannen ech och super. Ganz flott Foto!
Merci fir däin Komment...
Streifen am Himmel: kenn net dofir et ass d'Zäit dei daat gemeet huet an ech hun eben d'Zäit fotografeiert... an et ass daat gin...
Abstrakt an awer Reel... Et ass näischt denatureiert gin ... d'Kontraster an d' Donkel Teinung ass mäin Entwecklingschoix.
Jojo ass mer schonn kloer datt d Zäit déi Sträifen gemoolt huet, d kann een jo ni sou genee soen wéini et duerno ausgesäit Se stéieren och net krass oder sou fir mech. Wann een d Foto vun net ganz sou no gesäit verschwannen se an mir gefält et mengen et halt besi besser wann dat lineaart doranner net méi sou präsent ass. "abstrakt an awer réel" gefält mer, dat maan ech och ganz gären. An deng Entwécklungschoixen fannen ech wéi gesot ganz flott!
Merci fir de feed back...
D'Streifen kreien ech eraus mat selektiv blur assetzen, hun och esou eng versioun ... Hun dourno fir des opteiert ...
Merci nach e moll
Di Foto do kéint grad sou gudd mat enger Vintage 6X6 Kamera à la Rolleiflex oder sou gemaach sin. Dodurch ass se zäitlos, obschon datt s du d'Zäit fotograféiert hues.
(wi mir elo d'Autostrada del Sole dorower op Amalfi gefuer sin, si mir jo quasi dee ganzen Zäit laanscht d'Abbruzze gefuer, an do hun ech missen méi wi eemol un déch an déng Fotoe vun do denken. An ech hu mir virgeholl, di näxte Kéier, wann ech an Italia an d'Vakanz gin, eemol nët bei d'Mier oder an d'Toscana ze fuere, mais an d'Abbruzzen.)
Merci gesoot ---
Amalfi... ass oniresch awer do sin zefill Lait---
So du mir awer wannste an d'Abruzzen fierst... et waer flott wann ech do waer an dech keint empfaengen
Dat vergiessen ech net, mais dëst Joer awer net méi. Dofir kéint ee séch jo mol eng Kéier kurzfristeg an de variskesche Bierger, och nach Ardenne genannt, empfänken...
an villeicht geet de Bierg mat der Zäit ouni dass een et mierkt...
Et waer flott op e enzescht Bild ... stonnen Meint oder esouguer Joeren dropp ze hun... ouni eppes wellen ze kümuleiren mé just nemmen observeiren..
Genee sou gesinn ech daat och. Scho fascinant datt ee matt Photographie enger Seits eng Beweegung afréieren kann an aanerseits duerch Laangzaitbeliichtung ee Moment als éiweg duerstelle kann.
Wolleken an de bloen Himmel sinn prozentual gesinn an engem gudden Verhältnis. Beliichtungszäit mam Filter an mat där Wandgeschwindegkeet ass dir ganz gutt gelongen, fir di schéin Sträifen am Himmel op de Sensor ze kréien! Di Gondel oder wat och ëmmer ass e bëssen Suspekt, stéiert awer net am Bild. Just dat Liicht oder den hellen Strich ënnert dem Bam lenks am Bild, zitt mäin Bléck ëmmer erëm dohinner.
an den Abruzzen wuar ech och nach net, mee Italien steet um Urbex-Tour, zum Bild, den Bierg ass zäitlos, well deen bleiwt, alles aanescht geet.....iergendwann......
Och ee Bierg bleift nët éiweg, Zora. A scho guer nët an Italien (am Allgemengen) an an den Abruzzen (am Speziellen). Mir waren elo an der Bucht vu Pozzuoli (dat ass quasi an der Bucht vu Neapel), do ass de Biedem nawell zolid a Bewegung. Do tauchen - iwwert Johrhonnerten gekuckt - (also geologesch gesin ee Aaenzwinkeren) réimesch Vestigen an d'Mier ënner an neess op. A vergiess nët d^Ärdbiewe vu L'Aquila 2009...