hihi si ass effektiv e bessi gring, ma daat géiff sech hei nach liicht korrigéiren lossen.....wubai, den GRINCH ass och gring, an feiert trotzdem löschtög virun sech hin!
Dei Deko hunn ech zu mengen Zaiten do um Campus awer nie gesinn, gudd festgehaal.
MERCI fier den Comment, ech hun déi selwecht Photo nach am rouden, bloen, an rosaen, je nodeem wéi se belicht gouf. Dofier wollt ech och keng faarwlech Korrekturen maachen, well se einfach esou wor.
Den Problem wor nach, dass ech se net vum Stativ z.B. mat low Iso maachen konnt, dann géif se secher manner rauschen, mais ech hun se mussen mat Iso 800 maachen, well déi Schreft sech bewegt huet, an bei enger ze laanger Belichtungszeit hätt een dovun neischt méi gesin.
oha, gesinn den "Problem" - bei laanger Beliichtung häss de als Moyenne vun all denen Faarwen eng WAISS derbai rauskritt... (allerdings dann ouni Schreft, woumat den Kontext verluer gaang wier...)