Ma et ass justement deng Foto déi mëch drop bruecht huet, déi Serie hei eropzelueden. Wann een elo daat grousst d'Lach do gesait kann een sëch kaum nach virstellen wéi ët virum Chantier war.
Ech haat déi Biller hei gemeet fir meng nei Spillsaach ze testen (Fuji XT2).
Ech haat den Dag och eng ganz positiv Erfahrung matt den Aarbechter do gemeet; fir op der Sait vum Bd. Royal bis firbai ze kommen, haat Ech gefroot op daat méiglech wier, haat awer nët wierklëch gemengt datt een daat wéinst de Sëcherkeetsregelen ging zoulossen. Em esou méi iwerrascht an erfreet war Ech, wéi e Chef Chantier mer dun en Helm siche gaang ass, an een Aarbechter matt mär bis fir hin gaang ass, a sëch nierwt mëch gestallt huet bis Ech meng Biller all gemeet haat.