Simon-Christiansen & Associés... Meng Fro: Firwat ass dei Info wichteg? Ausser dass ech d'Foto net keint maachen wann et net gebaut ginn wär. Mä dann misst een logescherweis och bei engem Produit den Designer erwähnen, bei enger Statue de Kenschtler asw. a wann mer et dann total iwwerspëtzen bei engem Porträt den Numm vun der Mamm a vum Papp
Nee ganz seriö, ech well verstoen firwat een dat soll maachen? Also eng Fuerderung vum OAI ass et bestemmt net...
Déi ass net wichteg, nëmmen fir den Maimonides. Et ass schaissegal, ween den Betonsklotz dohinner gesat huet. Mee hien hat domadder nach ëmmer en Problem.
Schreiw och d'Nimm vun den Arbeschter dobai, deen dat dengen gebaut huet...
Well wann Foto gudd ass, heescht dat nach laang net, dat dat Gebai irgendwéi flott soll sinn.
PS: Foto ass ganz gudd
ouni Designer keen Objet
ouni Mann a Fra keen neie Mensch
ouni Objektiv keng Foto...
Wou haalen mer ob? OK komm mär bleiwen bei Gebaier:
1. ass dem Architekt seng Aarbecht bei engem Gebai entscheedend? Fir d'Ausgesinn jo, fir dass et do steeht villäicht zu engem Drëttel, een Drëttel deen, deen et bezillt an een Drëttel dei, dei e gebaut hunn....
2. ass dem Bieleser Bauer säin Gromperemfeld wou 1900 nach keng Schmelz stung net dat Entscheedends? Hätt deen net un d'Arbed verkaft, wär do ni eng Schmelz komm, ni eng Industriebroch an dono ni eng Bank...? Komm mär philosopheieren doriwwer an iwwerhaapt war et net den T-Rex deen sech eng Keier zu Bieles um Feld erliichtert huet, deen dat Feld virun 235 Mliliounen iwwerhapt fir Gromeperen fruchtbar gemaach huet? Ween wees? War do e Feld? War do Mier?
3. Wat maachen ech wann ech mäin eegent Haus fotografeieren ass vun 1930 (ongefeier) Architekt inconnu.
Lo hues du schonns vill geschriwwen an ech wees nach net ob d'Foto fir dech OK ass oder net? Dorëms geet et dach hei oder ass hei e Site wou een Architektenbüro kennen leiert?
Moment: Falls den Architekt net do steet an et een wierklech esou brennend interesseiert kann een mat engem gewessen Taux un Intelligenz nach ëmmer folgendes maachen: Link
Däerf ech d'Gare zu Léck just knipsen wann ech am Virfeld kann bescheinegen, dass ech wees ween den Architekt war? Oder wéi oder wat oder ????
Mir feelt hei e bësse Kontrast dran am ganzen, dee géif d'Foto méi peppeg wierke loossen.
Och gutt wier et wuel gewiescht hei mat Polfilter ze schaffen fir d'Spigelungen méi ze eliminéieren