Also ganz éierlech, déi doten ass net mein Fall (net wéinst deem léiwen Meedchen) mais :
-ech fannen uewen an ennen ofgeschnidden,
-Sujet an der Mett vum Bild;
-fannen se och e bessen iwerbelicht;
-an den Kontrast, do ass och eppes komesch.
Du hues an allen Punkten absolut Rescht! Ech hunn hei ganz bewosst eng méi modern Approche gewielt déi ganz stäerk un Film (Kino, net Fotografie) orientéiert ass. Dowéinst den 16:9 Cadrage, Lensflare an méi doucen Kontrast. Et geet hei net drëms en Portrait nom Kachrezept aus dem alen Buch ze maachen mee Dynamik an Atmosphär ze schafen. Wann ech der d'Foto am original Cadrage weisen (se ass effektiv am Portrait gemaach) fënns de se doudlangweileg.
Dofir géif et mech interesséieren ob mer dat gelongen ass, oder wat ech an där Hisiicht nach verbesseren kéint?
Et deet mir leed, mais ech sinn deen falschen fier dir do "Verbesseronsgvierschléi" ze ginn, ech sinn fier déi "Experimenter" ze aal...mais et ass een jo awer nie ze aal fier eppes beizeléiren.
Schéinen Daag
den Kadrage ass effektiv bessi "speziell" --- onkonventionell... en passt sech awer den spatzen Liichter un an hiewt d'Textur vum Ufer erfier wat amfong gudd sou geléisst ass...
den Filtrage an dHandschreft sinn METALbambi, daat fannen ech top!!
(plus yellow/blue thing going on...nice!)
vum Style hier gefällt se mer gudd, och wann se eenzel an ganzalleng un eng Mauer gehaangen nik déi stärksten Foto aus dem Portfolio ass...
De Look, Cadrage, Pose sinn absolut am Fashion Trend, virun 5 Joer hätt ech esou eng Foto an d'Pubell geheit, haut sin ganz Agencen déi machen hier Fotoen mat dem Stil, do ass nix mat 2/3 Regelen a.s.w.
Ech sinn elo och net onbedéngt begeeschtert vun denger Foto. Awer du hues dech getraut se ze weisen. An eppes Neies ze weisen, fannen ech ëmmer gutt. Beschäftegen soll oder muss een sech awer domat. An dann gefält deng Bea mir awer!