Den problem as, d'Photo as Faarftechnëg nët bearbëcht! Do drun as den Vario ND Filter ("schold". Allerdéngs wier ët interessant ze wëssën wat eng "Crisp bearbëchtung" as. Merci awer, et kann een ëmmer nëmmen bäiléieren. (Den Smiley as e fehler am System)
Crisp ass hei d'Nummer 1: Helen
steet am Géigensatz zu 'Vintage' an wéi se all heeschen: Rursee
D.h. schäerfen Sujet, keen extremen Colour-Grading, relativ natierlech Faarwen an propper Beliichtung an keen Räuschen.
Net beaarbecht heescht net automatesch gutt (Net ob deng Foto bezunn, mee generell). Eng modern digital Kamera produzéiert sou neutral wéi méiglech Biller, vir engem herno ze erméiglechen an all Richtung ze goen. Wann een se net am RAW mee am JPG speichert, gëtt an der Kamera schonn Kontrast, Faarwen an Schäerft gepimpt. Out of the box ass vläicht schéin a gutt am analogen, mee ass décken Blödsinn wann een digital fotograféiert. Fréier huet een jo och den Film rausgesicht deen den gewënschtenen Look hat.
Ok, Crisp bearbechtung as dann dat wat ech mir geduecht hun.
Beim "City Flitzer" as jo genau dat gemach gin, de Velo as Thema vum Bild, do stëmmt den Kontrast, d'Schärft an d'Faarf.
Am Digitalen kann een och Out of Box schaffen, andeems een z.b mat Spotmiessung schafft fir den Sujet aus der Kamera schon direkt an der richteger beliichtung ze hun oder mat der déiften schärft plus Spotmiessung,do gin et X méigelechkeeten, dat as emmer wéi een et de moment gesäit oder hanno gären hätt. Machen déi sachen léiwer direkt mat der Kamera, dann brauch een hanno net esou lang beim Computer ze setzen.
Wéi bei der Rursee Foto, do hues de jo mat Blëtz geschafft an der umgebungsluucht oder et as vill nogeschafft gin. Oder leien ech do falsch?