..ma nee, bei menge Biergwanderungen sin ech ewéi di meeschte Touristen am Prinzip owes nees um Ausgangspunkt vu moies zréck, vun dohier hun ech bis dato och leider nach ni an enger SAC-Hütt iwwernuecht.
..jo, de Wallis ass effektiv grandios, do kann ech dir nëmmen zoustëmmen, mäi et sin net nëmmen eleng d'Bierger, och dee spezielle Charme vun dene klengen Dierfer a Weileren, mat hirer krommer Architektur a verwénkelte Gässelen huet mir et ugedoen, a vum Kulinareschen net ze schwätzen
Merci Jean-Jos..!!
Flott, datt's de niewt krommer Architektur an de verwénkelte Gässelen och déi kulinarësch Kultur erwähns; ech war schon oft am Wallis a sin 'nach' wéi 'vor' begeeschtert vun de Bierger, den eemolegen Dierfer an hirer zweesproochéger Kultur, dem richtég gudden Iessen (wann ee nët just fir d'Fueswakanz dohinner geet) . . .