Ech fannen dat ass eng flott Landschaftsopnam. Wat den Cadrage ugeet, fannen ech, dat den rietsen Bierg e bësschen ofgeschnidden ausgesäit. Soss fannen ech elo näischt um Bildopbau ze bemängelen. Villäicht kéints Du nach e bësschen Dynamik bei ginn, villäicht och net. Wär fir ze probéieren.
Cool mat deem Plateau deen nach sou just dat lescht Sonneliicht ofkritt! Probéier mol méi en radikalen Crop ëm den Séi, lenks bei den méi däischteren Beem an riets sou 2 cm an d'Bild eran. Muss dann kucken ob 16:9 oder 3:2 besser passt vir uewen an ënnen (kanns nach 1 cm Bësch ënnen ofschneiden). Domadder hues de en vill méi stäerk fokusséiert Bild mat manner 'onnéidegen' Elementer.