Eng wonnerbar Vue a Kompositioun. Aus daer Perspektiv stécht dem Matterhorn seng Zmuttnues besonnesch eraus durfir huelen ech mol un dat déi Foto enstanen ass fir erop op Zmutt ? Esou Faarwen mat Grain kritt een effektiv digital net esou hin och net mat Filter, analog Biller sin nun mol w?is du et esou treffend formul?iert hues"esou eppes vun haptesch" a wierken mi lieweg och esou guer nach op digitalem support.
Di Foto hun ech gemaach, wéi mir zu Fouss iwwert Schlittepisten a Wanderweeer vun eer Riffelalp op Zermatt gaange sin an dobei dann de Wee iwwert d'Zmutt gaange sin. Ech hun och nach eng Foto durch de Bou vun der Kapell do gemaach, déi weisen ech, wann ech neess een upload fräi hun.
Kloer kriss de dee Grain an deng Foto: Photoshop, Filter, Rauschen hinzufügen an alle Varianten, Farbrauschen, Monochromatesch mat verschidden Astellungsebenen.
Dat ass richteg. Ech hu suguer ee Programm ( deen awer wéinst allméigleche Mise à jourë vu System etc... net méi geet. Domadder konnt ech Emulsiounen imitéieren. Mais dorëms geet et jo nët. Wann ee muss digital Foten digital manipuléieren, datt se wéi analoger ausgesin, da kann ee jo och direkt analog bleiwen...
@ pixelman: Et get näischt waat et net get am Photoshop, denken ech mol, wann een en esou excellent beherrscht a flott asetzt wéi du dat kanns. Esouguer Tréisschen kann e Liddchen doriwer paiffen wéi et seng Wäsch an der Entrée vum Palais gesin huet hänken
Wann ech dann eemol grad näischt ze din hu, gin ech op de Späicher a méng Negativkëschte wullen fir de Film ze fannen. Mais ech hun déi Zäit entweder mat Kodak Gold, Ektar oder mam Fujicolor Superia geknipst. Wann ee Losch huet, da kann e rode, wat dat hei fir ee Film ass, an ech gin dann d'Opléisung mi spéid.