Schwarzwäiss ass hei ee Must. A wéi de Georges scho geschriwwen huet, sin di 2 Persounen ee Plus am Bild. Deen eenzeche Bémol fannen ech d'Schärft, déi fir méng Begrëffer e bëssen ze stark ass. Warscheinléch duerch d'Kompressioun vum jpeg fir datt et hei op PG passt. Do sin sou di typesch Bordën op eenzelne Plaze, wou de Kontrast héich ass. Mais dat ass elo meckeren op héichem Niveau. De Gesamtandrock iwwerzeecht.