All Fotoen an dëser Serie:
Fotograf:
Eropgelueden: 05.04.2022
Gekuckt: 13137
Favoriten: 0
Kommentarer: 4
Originaldatum: 04.04.2022
Fotoapparat: Pentax S2
Objektiv:
Kommentar vum Fotograf:
Gëschter huet de Kuréierdingscht mir zwee nei Objektiver fir op méng Pentax Spotmatic S2 bruecht an ech hun déi och direkt missen teste fueren.
A lo kënnt et! Vu kenger "Sachkenntnis getrübt" hun ech een Agfa Copex 50 an den Apparat gemaach ouni ze wëssen, datt een dee Film eigentléch just mat engem Entwéckler vun der Marque "Spur" serieux kan entwéckelen. Op alle Fall hat ech keng Zäite fir déi Entwéckler, déi ech am Keller stoen hun. Vu datt ech awer net wirkléch Loscht hat, dee Film professionell entwéckelen ze loossen (sou vill hat ech méch lo net ugestrengt, fir flott Motiver ze hun), do hun ech et einfach drop ukomme gelooss an an d'Blannt ran experimentéiert. Ech hat nach ee rescht D-96 do stoen, knapps 60ml, deen hun ech du mat Waasser bis op 500 ml opgefëllt hun an dunn no gefill 10 Minutten plus minus entwéckelt hun. D'resultat ass duerchwues, mais et sin awer e puer Fotoen eppes gin.
Foto 1 ass mam 24mm gemaach a Foto 2 mam 35mm.
|
|
Neisten Benotzer:
JaviAm Ganzen:
3725 keen Benotzer an
661 Gäscht online