Schein Opnahm. Et ass net wierklech eraus ze erkennen, dass et eng aktuel Foto ass, daat gefällt mier gudd. Just uewen riets ass den Daach vun der Brauerei mier e bessi no um Rand.
Merci Tom fir deng konstruktiv appreciabel Kritik, ausser de Stecker vum Chargy weist op eisen Zäitalter hin iergend ëpes muss jo ëmmer stéieren. Mee waat effektiv méi grave ass daat ass de Dach vun der Brauerei deen ze knapp um Rand ass. Ech ?nneren daat am PS
Mat deem "erweiderten" Himmel gesäit di Foto hei richteg gutt aus. Besonnesch den architektonesche Géigesaz tëscht de klasseschen Haiser aus enger lëtzebuergescher Klengstad an de Betonskëschte riets bréngt och Dynamik. An dann net ze vergiessen, deen naasse Macadam deen a) durch dat mi Däischtergro de Kontrast erhéicht a b) eng Spigelung méigléch mécht, och wann déi diskret ass, mais si geet duer fir den Effekt.
Merci Nico, fir deng interessant Bildanalyse, leider sin de Moment d'Handwierker um Site sou daat di richteg aal Gebäier vun der Brauerei en cours de transformation net photogeniquement disponibel sin an net ze vergiessen den Handwierker hire Fuerpark, soss wier eng méi interessant Vue mam ganze Bürogebäi lënks am Eck dra gewierscht