Daat huet zwar en Hannergrond: Ech hun mol eng Foto fir eng vun mengen Expoen vergréisseren geloos déi zimlech krass vill chromatesch Aberatioun drop haat an ech haat et virdrun net gesin. Seitdeem sen ech allergesch drop
esou ass et Paul, mat enger Vergréisserung op 200% um Display kënnt meeschtens die Stunde der Wahrheit. E Pedant, den e grousse Print vun 50cm Entfernung analyséiert kënnt dann schnell un d'Grübelen.
D'Fro, déi ee séch haut stelle muss, ass déi: Ass d'optesch Qualitéit vun de ganz neien Objektiver manner gutt, wéi nach vun deene vu virun 10-15 Joer, well ee jo haut intern am Boîtier an hanneno an de Verarbéchtungsoftwares Korrekturprogrammer dran huet, déi sou Aberratuiounen a Vignettage digital ewechrechnen? An datt een dann awer op eemol dät Imperfektiounen zillt, wann een d'Fotoen um Computer verschafft? Ech weess et nit. Schwiereg Fro...