Deen Eck do fuerdert d'Fotografen raus. Hei hues du déi Erausfuerderung nawell gutt gemeeschtert. Di Foto sprécht méch u, wéinst där Andeelung an ënnen quasi perfekt symmetresch an uewen strukturéierte Chaos. Déi Linnen, Flächen, Liichtpunkten an dat diffust "Geschaims" am Himmel, dat kribbelt de Bléck, deen séch net sat ka kucken. Den Effekt gëtt nach verstärkt oduerch, datt et eng Nuetsopnam ass.
Et ass eng Art "Bermuda-Drei-Eck". Des geometresch Form trëtt duerchgehend an dëser Vue op.
Op allen Fall merci fier dein Kommentar, freet mech wann se gefällt. Lo wou ech den Eck kennen, wärt ech secher nach emol dohin pilgeren. Do sin e puer Punkten (Symetrie, Ausriichten, d'Plaatz kieren, ...) dei ech nach optimeieren well.
ech war virdrun nach net do...wou een Fotoapparat een iwerall hinbrengt ...
Do war ech schon dacks. Ech weise just nit all Foto hei, déi ech schon do gemaach hun. Do hues du da fir di näxt Joerzingte genuch ze entdecken! Vill Spaass!
Fréier huet kee séch un deene Line gestéiert, awer haut, mat PS an LR, wou een dat "redresséiere" kann, fënnt een déi schreckléch. Mais wat soll een do maachen? "Fuddelen" a séng Fotoen opriichten (ech maachen dat konsequent, och wann et nit ëmmer riicht geet ) oder zu den Eeegenaarte vum Objektiv stoen? Hei stéiere méch di Linnen eigentléch manner, well se duerch d'Linnen am Dräieck um Buedem "kompenséiert" gin.
Mais datt et eng "staark Nuetsfoto" ass, dat ënnerschreiwen ech mat zwou Hänn.
Nico, fréier ass net haut. Ech sen zwar och der Meenung dass net alles waat technesch méiglech ass och automatesch gudd ass, mee bei den stürtzenden Linien schon. Daat ass dach keen Gefuddels wann eng Foto sou ausgesäit wei et vun den Aan gesin gett.
Genee dat wollt ech jo och a méngem Kommentar soen. Woubei: wat d'Aa gesäit a wat eis d'Gehiir doraus mat séngem Erfarungswerter zesummebaut fir eis Wahrnehmung, dat ass och nach à discuter. Mais dat geet elo hei ze wäit. Hei geet et ëm Fotografie an nit Neurologie.
Problemer hun ech am meechten mat dem Melia an dem Lift. Dei kreien ech net gleich riicht gestallt, wann daat eent engerjermoossen paast ass daat aanert net mei gudd. Ausserdeem faalen den Convention Center an daat Gebei lenks hannert der Philharmonie souwisou no lenks. Waat en Ausriichten vum Lift an dem Melia (also "richteg" schief setzen) weinst den optriedenden Verzerrungen onmeiglech mecht (also ech muss do Rauten wenken...)
No villem Gepiddels mat dem vertikal Kneppchen hun ech mech entscheed fier se esou ze loossen. Mä, wei ech schon ugedeit hun, gin ech dei do nach emol probeieren.
Merci fier dei ureegend Diskussioun an ären Interessi un der Foto
Jo, je no Gebeier an Perspektiv kann een do mol verzeifelen. An dann ass et wirklech besser et léist een se wéi se ass. Meng Remarque ass net als Kritik ze verstoen gewiescht, just als Feststellung.
Nee, nee, Paul. Déng Remarque ass pertinent a richteg. Dofir ass jo dee Site hei do an éischter Linn: fir iwwer Fotoen ze diskutéieren a verschidde Meenungen dozou an ee konstruktiven Dialog ze setzen.