Besonnesch wou zanter dem läschte update vum Lightroom et eng Entrauschungs-KI gëtt, déi aus enger 25000 ISO-Foto eppes rechent, wat kéint 200 ISO hun.
Wéi bal emmer, keng Reaktioun, keng Erklärung. Eric sou fonktionéiert photogen net! Wanns de Bemierkungen zu enger Foto kriss wir et vleit ubruecht ze entweren. An net, wéi bei denger leschter Foto vum Aaf aus dem Zoo se einfach ze läschen. Daat ass ze einfach. Ech well hei net den Oberlehrer spillen mee sou geet daat net.
ech hun dei camera nach net lang hun mat tv fotografeiert an hun och duech fenster fotografeiert mam 70-200 blend 2,8 an muss nach bessen üben wei ech meng camera muss astellen virdrun hat ech eng mat spiegel dei ech elo nach emmer hun mä wollt R10 mol mat huelen
Dat huet nit vill mat "nach übe mussen" ze din, Eric. All Kamera mat Optik reagéiert plus minus t'selwécht. An een Ëmklamme vu Spigelreflex op Mirrorless ass keng Ursaach, fir manner gutt Fotoen ze maachen.
Du hues selwer geschriwwe, wou hei de Problem läit:
Tv hëllt ee just fir Opnaame, wou d'Vitesse prioritär ass, an nit an de schlechte Liichtkonditioune vun engem Zoo. Ech huelen un, du hues eng kuurz Zäit gewielt, fir nit ze wackele bei 200mm. Mais - an dat soen ech als Nikonist - Canon huet ee performante Vibratiounsreduktiounssystem, sou datt s du scho roueg kanns mat 1/125 oder suguer 1/60 aus der Hand bei enger Telebrennwäit fotograféieren.
Wann een duerch eng Fënster fotograféiert, huet een automatesch Reflexer a Liichtverloscht, déi séch op der Foto bemierkbar maachen. Ouni vum falsche Wäissofgläich ze schwätzen.
Bei deene meeschten Objektiver, och deenen neien, ass Oppeblend ni di bescht Léisung. Mindestens eng Blend méi zou maache, fir optiméiert Resultater ze hun, wier do schon ubruecht.
Lued einfach di näxte Kéier deng EXIF-Date mat rop, da kënne mir dir hëllefe, fir ze soe, wou de Problem läit!
An dann denk drun, datt s du jo awer scho vill schéin a gutt Fotoen an déngem Liewe gemaach hues an hei op PG gewisen hues. Du kanns et jo!
ok dann maachen ech dat mä hat mat av probeiert fotoen zemaachen mä dat geet net gud gin net enz dabei mä wes ech wärt an zukunft dat machen mä wou den paul emmer muss schreiwen fannen ech net an der rei emmer remarken maachen am platz soen hei eric do muss du op passen do ass net gud
Waat genau war dann net an der Rei vun deem waat ech geschriwen hun? Du bass schon laang derbäi, du misst et mettlerweil besser beherrschen.
Wéi den Nico schon soot: Lued dach endlich EXIFEN mat rop, ouni déi ass et quasi onméiglech Tipps ze gin. Du soos mir eng Kéier dass de och Lightroom benotz mee deen fresst se net. Mat waat schaffs de dann? Daat ass nämlech och wichteg ze wessen.
Deen fresst awer keng EXIF Daten, wéi ass daat méiglech? Verschaffs du deng Fotoen vleit nach mat engem aaneren Programm éiers de se an de Lightroom ran hells? Oder hells du selwer EXIFEN raus wanns de hei rop lueds?
Do stemmt eppes net, kann et sin dass d?in LR irtemlecherweis sou agestallt ass dass en keng EXIF Daten mat ofsp?ichert ? Ech haalen mech bewosst sou drun well et wichteg wier ze wessen wievill ISO des Foto huet.