Wow fannen sou Biller fascinant an beängstegend zugleich...Wou wor dat?Haett daat gaer materliewt an och rem net well ech mech ennert der Decken verkroch haett...Hun Naturgewalten mega gaer mee sin en Angschthues.Deen Bletz geseit einfach Mega aus!
wow also do muss ech dem aleyshia nemmen zoustemmen hun nanie eng foto gesin wou souvill bletzer drop sin wierklech super gelong bravobravo
schein an de farwen dat wesentlecht stecht gut eraus an
an wat ech ochna ganz witzeg fanen sin dei luchten ennen wou un sin scho lusteg sou eng richteg reihenfolg flottlflott
bon also muss zwar och soen den ascht do lenks wees ech net wierklech op ech den dropgemach haet well de steiert mech awer schon e bessi anererseits fellt en t bild ob oballefall des foto gefaellt mer ganz gut
just eng fro =D ehm ech huelen mol un dass daat do nett "eng" foto ass mee dass de fill foton vun verschiden bletzer gema hues an dei dun esou zs gesaat hues nee? also ech huelen un well sou en bletz ze kreien ass schon gleck
Et ass "eng" Foto matt enger Beliichtungszait vu 6 Sekonnen. Ech hunn do nët nogehollef, dofir awer bestëmmt 50 Fotoen gelescht wou kee Blëtz drop ze gesinn war. Et ass also eng Saach vu Gedold a Chance. Just Liichtintensitéit vun de Blëtzer hunn Ech verstärkt (PS), fier domat d'Urgewalt vun engem Donnerwieder nach méi erfierzehiewen.
Schéin schaarf hues de déi hei kritt. Méng éischt Foto vu Blëtzer haat ech iwregens och 'power of nature' genannt . Wann ee lo nach géif eng Foto maachen wou d'Heiser ënnen ganz beliicht sin, an déi 2 Fotoen zesummesetzen, géif et gehirlos äusgesin. Mee och schonn sou ass et natirlech tiptop
wou ass daat? ech sin sait laangem op der sich no richteg schéinen bletzer, ech wees dass et der an nord amerika / canada ganz flotter gin, mee ech war leider na ni do. op allefall ass daat doten ganz flott, ech wees wei schweier et kann sin sou fotoen ze maan, an kann mer och gudd virstellen, dass de gudd frou wars wous de dei sou hikruus zu letzebuerg hun ech allefall na ni een bletz gesin deen sech horizontal esou wait duerch den himmelschafft, hun zwar och schon e puer horizotaler virun d'lens kritt, awer ni mat souvill ärm. freen mech op deng entfert gudd geschafft!
Genial awescht. Haat virun kuerzem daat selwecht probeiert...Mee alles waat geschitt ass, ass dat meng Ausrüstung naas gouf Shit happens. Gudd awecht. Gefällt mer megagudd. An do soll nach een soen et keint een keng gudd Fotoen ouni SLR maan.
Well Ech Donnerwierder op der Hausdier hat Ech dee Problem nët .Waat de Fotoapparat ugeet sinn Ech och haut nach ëmmer zefridden matt der G2 an gebrauchen'se nach ëmmer fier meng Infraroutfotoen, well mai Standardsobjektiv (17-85 mm) vun der D20 nët IR-kompatibel ass.