Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Glieser II

 
Glieser II
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.03.2007
  • Gekuckt:
    14758
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x653
  • Späicherplaz:
    183 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio
Extras:
Bletz vun Hannen
Stativ
Canon Ef 24-105L IS USM

Fir anzesetzen: [pg_img=15906]
Kommentar vum Fotograf:
Iergendeppes steiert mech heidrunner.. wees awer net waat.. hellef :)

No:
Waat leeft kromm? Reloaded


Zebra
Sam 12.03.2007 - 17:58
uahhhh! geeenial! D idee an den recht wierkleg gudd! Wat mech steiert sin dei kleng luchtspigelungen an den glieser an vieleicht platzenweis bessi ze deischter mee fier den recht gefaellt se mer megaaa!
Ah jo hues de den beltz manuell ausgeleist oder wei hues de dat ronn kritt?
coolpix 12.03.2007 - 20:14
1) Iop ass deelweis op den Kanten bessi zevill donkel, haett ech keinten ophellen
2) En Adapter vun engem Koleeg geleint closed_eye

Merci smile
Neckel 12.03.2007 - 17:59
Hm di orange Streifen am Glaass an der Mett ?? an och bessen an denen aneren zwee ... ass et dat vleicht tongue
NoHa 12.03.2007 - 17:59
Waat eng Foto! Super gudd idee, nondidjeft smile

Also mech steiert:
1) dei réflexioun vum Blëtz (oder waat daat gielt do as)
2) datt den schwaarz-weiss Hannergrond net gant riicht as...as aawer net su schlemm...

Mee soss aawer tip top !
coolpix 12.03.2007 - 20:15
T'ass d'Televisioun dei mer dei Sträifen an d'Mett geworf huet.. beis TV.. jehjeh closed_eye
Merci smile
spako 12.03.2007 - 18:00
eng ganz flott Iddi! Mech steiert dei Rosa Reflexioun am Glas an der Mett an dat een vun deenen zwee baussechsten Glieser d'Kontouren am schwaarzen net sou gudd erkenne kann. Fier de Recht wiirklech flott gemaach!
elmuzo 12.03.2007 - 18:04
Also reng intuitif, aus dem Bauch eraus, stéieren mech d'Usätz beim rietsen an beim lenksen Glas (also do wou d'Rechtecker zesummen kommen)... fir de Recht fannen ech se superflott.
coolpix 12.03.2007 - 20:13
Hm effektiv, io. D'Rechtecker laafen net perfekt obeneen zou (wei beim BMWs-Zeechen, mee ech well elo hei keng Reklamm maachen smile ). Och op d'Lëcht vun den Verbesserungsvirschlei opgeholl closed_eye.
Merci
elmuzo 12.03.2007 - 20:47
Zua, hues Recht, BMW, hehe, lo wous d¹et sees bigsmile
Olivier 12.03.2007 - 18:11
Gail idee...
Mojoo 12.03.2007 - 18:43
Flott Idee coolpix! Dei "stéierend" orange Reflexiounen gouffen well ugeschwaat. Desweideren gefällt mir den Hannergrond, genau wei dem NoHa, och net esou gudd. Zumools uerwen gin dei schwaarz Rechtecker jeweils lenks an rechts flou an schief an deen hellbloen Toun iwwer. Vläicht häss de do einfach radikal am Photoshop kennen een neien schwaarzen Rechteck driwwer leen.

Ech wees net ob dat teschnësch meiglech ass, mee wei wier et dei ganz Foto komplett am Schwaarz/Wäissen ze haalen? Obwuel deen hellbloen/groo Toun flott ass, giff dat aanert beschtemmt net ellen ausgesin. Oder den kompletten Geigendeel, wann schon dann schon, an komplett mat knallegen Faarwen schaffen, vum faarwegen Inhalt an den Glieser bis hin zum knallegem Hannergrond... ech wees et net closed_eye

Summa summarum fannen ech d'Foto flott, mee ech mengen dass een un der Realisatioun nach féilen kann... smile
Kwitchibo 12.03.2007 - 20:04
voila.
coolpix 12.03.2007 - 20:11
Daat mam ganz faarweg haat ech och schon als Iddi, mee ass bei der Realisatioun wuel eichter schwiereg, well ech fier Reflexiounen ze vermeiden, vun hannen duerch een Kallekblad gebletzt hunn. An deen Moment hues de vun fier net genuch Luucht fier daat eppes op dei Faarwen erauskennt. An vun fier gebletzt kritt een erem iergendwelch Spiggelungen closed_eye.

Merci fier daein Comment, wei gesoot maachen se bei Geleenheit nei closed_eye.
Mojoo 12.03.2007 - 20:26
Kann mer firstellen dass et net esou einfach ass wei ech dat elo vielleicht mengen smile Sin gespaant ob däin zweeten Versuch.
CANON 12.03.2007 - 18:52
Immens gemach ...top 9/10
Paukl 12.03.2007 - 19:56
d'Idee gefällt mer super gudd.
the_zipper 12.03.2007 - 19:58
Cool idee jo keng ahnung waat ass dann net gudd drun? bild beit sech bessen an der mett oder? keng ahnung trotzdem cool idee an och gudd emgesat
gloda 12.03.2007 - 20:03
Bon, d'Iddi as net nei. Wat dech stéiert as vläit dass d'Iwwergäng op den Säiten duuss sin?
coolpix 12.03.2007 - 20:09
Aaaalso fier d'eicht mol e decken Merci fier all aer Kommentarer.. ech kreien emmer mei raus waat mech steiert.. Nämlech mol daat dei schwarz Fläch hannen uewen bessi kromm zouleeft, an och kleng Steierungen an den Glieser iwwert dem Waasser. Dann nach d'Reflexiounen am Glas an der Mett. Daat wier daat mol fier d'eicht.

Waert d'Foto haut oder muer nach nei maachen, dann wameiglech ouni dei do Feeler. Vläit och am schwarzwäissen, wann daat bei daer aanerer besser ausgesäit. Bei daer hei hunn ech ganz schwarzwäiss e bessi langweileg fonnt.
Nayna 12.03.2007 - 20:39
Hehe dei Foto kennen ech vun eigendwu hier.... hmmmm... *iwwerlee* tongue
coolpix 12.03.2007 - 20:54
Jap dei hei ass awer iwweraarbecht.. elo glaeich kennt dei iwweraarbecht Versioun vun daer iwwerarbechter Versioun closed_eye.
Eva 15.03.2007 - 16:47
Di Foto geseit deck cool aus, respekt closed_eye Just kann et sin dat daat lenkst Glas liischt schief steet? An bei deem an der Mett steiren mech di 2 Streifen dran. Trotzdeem schein Foto.
cecil 12.01.2008 - 14:47
wow also ech fannen d'idee deck cool, an d'foto ass o deck schein gin
daat eenzeg waat ech net sou schein fannen sen di orange spilegungenan bei mettelsen glaas daat d'schwaarz sou regelmeisseg ophaäll an net irgentswei mi ouce an d'gor iwwergeet
mee eng 9/10 ass di foto awa wert smile
coolpix 17.02.2008 - 23:06
Danke smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Stairs

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: PDC
Am Ganzen: 3684
keen Benotzer an 164 Gäscht online