Hey, dat ass eng flott Idee!!! Mir gefalen d'Idee an d'Foto immens gudd... Dat eenzegt wat et ze bemengelen kéint ginn: D'Mme Popp kéint sech eventuel e bessen méi riicht halen! Et ass och Schued dass een gesait dass se op engem "Podest" steet. Et wier villeicht nach méi flott wann se och Been hett an eng Jeans un genau wéi d'mennlecht Model. Méi héich uewen ofschneiden hett bei daer Pose warscheinlech net mi sou gudd gewierkt vum Cadrage hier... Ech wees net wéi een et hett kennen man... Mee alles in allem fannen ech se wéi gesoot ganz flott.