hmm dein cardrag gefaellt mer net gudd... du hues zech kaepp oofgschnidden an eng duerchgeschnidden =P den Poto lenks steiert och en bessen... an fann et ass einfach ze vill op der Foto lass wees een net richteg wou een soll hinkuken...
wanns de se an der belle etoile op enger leinwand mat beliichtung ausstells mat aneren fotoen vun dem style bleiwen ganz secher e ganze koup leit dobai stoen!
dat halen ech dovun...
sou fotoen beandrocken d'leit emmer rem, well se d'liewen vun enger anerer kultur ouni vill gespills dokumenteieren.
tip top soen ech just. et geet bei sou enger foto net em d'perfektioun, dee poteau stoung eeben do, an em dee geet et jo awer nu guernet, well d'meedchen zitt d'opmierksamkeet jo op sech.
Ganz flott! Just schued dass se e bessi schief ass. Wann ech daat gesin, dann freen ech mech duebel op déi nächsten Vakanz... Wou hues du déi Opnahm gemeet?
Zu New Delhi, fier ganz genau ze sin am Nizamuddin Komplex. ( Seet der natirlech jsut eppes wanns de schon do wars).
Ass se schief? wor mer guer net opgefall.
Mee daat kennt wahrscheinlech dann dodurch daat do en zimlech d'gedrecks wor.
Virunallem well ech mat der kamera do stoung, an schiddferen d'resultat wollt gesin.
Ech war zwar schon do, mee den Nizamuddin Komplex kennen ech awer net. Daat brengt mech awer richteg a Stemmung well ech an 1 Mount erem am Fliiger setzen. Ech maachen awer dann just e Zweschenstop zu Delhi fir eng Nuecht (souwiesou Monsun em dess Zeit).
Jo, dann ass Monsun, mee et geng mech troztdem eng keier interesseieren, Dehli enner Wasser ze gesinn. Virunallem nodems ech elo alles zimlech dreschen an versteppst gesin hun.
Mee opschiddefall vill Spass wanns de elo an Asien flitts. ( Och wann et beruflech ass)