Also dat sin elo d'Féiss vun engem erwuessenen sougenannten Blue footed Boobie. Ech fannen dei Faarw einfach impressionant vun den Féiss. Wei en Déier einfach sou Féiss kann hun... :)
Hei en jonken vun senger Zort :)
Hmm wann ech di Daten do kucken häss de kennen dat Rauschen masseg reduzeiren ... du hells 400 ISO an dann stees de bei enger 1250 ? wann et su hello do war dann hells de dach iso 100 an dann kanns de eng 4000 huelen wann et neideg ass Sou hues de vill un Qualiteit verluer, wat schued ass well et een flotten Detail ass ...
Oh, daat as nawell wierklech eng impressionnant Faarw vun deem Blau-Fuß Tölpel.
Bei där Duerchbluddung misst seng Fra him jo schéin grouss Eer leen, well en as jo manifestement gutt am Fudder. Aanerersäits schéngt en sech gesond an ausgewooen genuch ze ernieren, vue déi schéin Turquoise. Jo, deem seng Kanner mussen nët bei d'Diéticienne. Daat freet een, well eng glécklech Famill gesäit een gär!
Daat mam Rauschen as wouer a gutt gesoot, vun kriddlechem Perfektionismus léieren mir all eppes, soulaang sech keen zevill drop verbäisst.
D'Schärft schéngt, souwäit ech daat beurteelen kann, insgesamt jo gutt gerooden, obwuel en wuel e bëssen gewibbelt huet, mee bei Déierenfotoen as daat jo ëmmer sou eng Saach.
Allefalls wierklich vill flotten Detail, super Faarwen, schéin Kontraster tëscht Steen a Stës an natierlech mat dem an op dem Déier selwer,
anstännegen Kadrage, gutt gesinn,
wierklech eng Foto mat Textur.
Merci
Ohmei ohmei Sou een Kommentar kridd een nawell net oft geschriwwen. Villmols Merci fir dei exact Kritik vun der Foto.
Hehe jo eng glécklech Famill dat kann een sou soen... Ech gesin du verstees jo alt eppes vun deenen Déiren. Wars de schon op den Galapagos?
Rauschen dat stemt. Nächste Kéier dann en bessen besser oppassen
Villmols merci nach eng Kéier fir dei vill détailléiert Aspekter déis de beschriwwen hues