Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Alzette

 
Alzette
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.05.2008
  • Gekuckt:
    29250
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    0,5"
  • Blend:
    f/F/20
  • Brennwäit:
    17 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    120 KB
  • Originaldatum:
    Abrëll 2008
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 40D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc  
Extras:
Gorillapod
Funkfernsteierung
ND Filter

Fir anzesetzen: [pg_img=26732]
Kommentar vum Fotograf:
Den Rescht vun den Fotoen vun ménger Visite an der Staat fannt der op gloda.net.
Fir déi wou den Making-of interesséiert:
Méng Kamera hun ech mat engem Gorillapd op een vun den Steng an der uelzecht gesat, an mat der Fernsteierung ausgeléist fir Verwackelungen ze évitéieren. D'Foto as zesummengesat aus 3 Beliichtungen bei F/20. Ech hat och nach en ND Filter drop fir d'Beliichtung esou laang ewéi méiglech ze maachen. Ënnen um Waasser déi längst, dann eng mëttler fir dat Iewecht vum Floss an d'Corniche, an dann eng méi kuerz fir den Himmel. Dann lokal um Kontrast geschafft mat maskéierten Curve Layeren, nach ën bëssen Saachen erausgeklont déi gestéiert hun, an vill Dodge & Burn op den Festungsmaueren an der Corniche fir d'Detailer erauszehuelen. En blo-orangen Faarwgradient op den Himmel, an en Turquoisen Faarwlayer op d'Waasser. Also et gouf vill am Post geschafft, an dat war och schon esou geplangt wéi ech d'Foto gemaach hun. Dat eenzegt wat ech nach gären anescht gemaach hätt wier nach méi an den Wäitwénkel ze goen, mee mäin 10-20 läit an England.
gloda 01.05.2008 - 22:46
Ween fënnt dann d'Déier am Bild? (Tipp: Et as keng Giraffe.)
Nicon07 01.05.2008 - 22:55
Ehech!!! smile) Hat ech dir dach scho gesot, gedu... Oder wollt ech et nëmmen?

Sou as et: ech hat et geschriwwen, an dunn awer erem geläscht. Mais de Reiher mécht gudd do. Ech hun deen op enger aanerer Foto bei der Grënnescher Bréck. Déi weisen ech da muer, wann ech neess een upload fräi hun.

Bis dann, Nico


An nach eppes: Härzléch Gléckwënsch fir des artistesch Interpretatioun vum Gronn.
elmuzo 02.05.2008 - 11:55
Déi ass de Glanz ... ech hun alt geduecht ... den Reiher hat ech schon op enger Foto vum Nico erbléckst ... däin Opwand am Post huet sech gelount ... fehlt jhust nach d'Melusinabigsmile
CHEERS
MUZ
by the way ... och ... Gratulatiounen fir deng éischt Plaatz am Contest
MarcGerard 02.05.2008 - 12:56

lol, hun en och elo réicht gesin bigsmile
coole foto !
Jean-Jos 02.05.2008 - 19:31
staark Foto mat enger flotter, an onheemlecher Atmosphäer,
de Reier ass mer direkt an d'Aen gespronge, (nodems ech däi comment gelies hat),
Felicitatiounen!
Mika 02.05.2008 - 20:45
Bei deser Foto hunn ech direkt den Wow-Effekt. D'Waaser ass top, daat eenzegt waat mech beim dretten Kucken steiert sinn hannen d'Haiser an den Baam an den Iwwergang zum Himmel

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 480 Gäscht online