Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Inborn

 
All Fotoen an dëser Serie:
2916 Thumbnail
2917 Thumbnail
2918 Thumbnail
2919 Thumbnail
2920 Thumbnail
Inborn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.10.2009
  • Gekuckt:
    45967
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Originaldatum:
    03.10.2009
  • Fotoapparat:
    Sony A700
  • Objektiv:
    Minolta 50mm f/1.7 & Tamron 11-18
Kategorie: Events »» Concerten  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=39871]
Kommentar vum Fotograf:
Inborn, Musek huet mer net sou gudd gefall, photogen waren d'Jongen awer... :D
Den Rescht
OK-Photography 08.10.2009 - 23:20
mengen do spillt den Max mat...XD

dei fotoen sen wierklech gudd gin!dFaarwen sen TOP bigsmile
mengn dei 1. an 4. gefaalen mer am beschten!Silhouetten sen emmer gudd!smile
good work! smile


edit, op Deendo hin:
Rauschen steiert mech nik sou, hechstens di 2. kiint bessi mei neat um Hannergrond sen...
an zur 5., njah...wou en Rescht hott, hott en Rescht ;p
Metalbambi 08.10.2009 - 23:49
Merci, freet mech daat se dier awer gefaalen. tongue
OK-Photography 09.10.2009 - 13:42
closed_eye
deendo 08.10.2009 - 23:32
Also firt éischt sin d'Fotoen alleguerten fuerchtbar verrauscht, eventuell hätt do en Noise-Ninja & Co gehollef.

Dann fannen ech ët schued dass op der éischter Foto den Muséker quasi am daischteren steet, well d'Belichtung selwer ass éischter Hobbykeller méisseg an naischt extraes.

Bei der véierter Foto froen ech mech wisous de hien ofgeschnidden hues!?

An zur 5: së ass onscharf. Kuck emol den Verstärker am Hannergrond, deen ass scharf an nët den Musiker.

closed_eye

Edit: esou photogen fannen ech së zwar nët!
Metalbambi 08.10.2009 - 23:49
Also d'Rauschen steiert mech hai och net wierklech dran, et ass nach keng Pixelzopp an och net no drun.
Bei der laester Foto hues de Rescht, hun och laang iwwerluegt ob ech se soll weisen oder net.
Silhouetten sin adg, dem BP gefaalen se jo wei et schengt. smile
An ofgeschnidden... hm, mengen huet mer einfach besser gefall, man daat zimmlech oft.

Merci awer vier den Kommentar.
deendo 09.10.2009 - 09:53
Gär geschidd, Photogen ass jo geduecht fir Kritik a Meenungen zu sengen Fotoen ze kréien/liesen. smile
OK-Photography 09.10.2009 - 13:42
<quote>Gär geschidd, Photogen ass jo geduecht fir Kritik a Meenungen zu sengen Fotoen ze kréien/liesen.</quote>

souepps misst grouss (64pt?) an lieserlech (extra-bold?...mat fluo-orange Hannergrond!) op der eischter Sait fun PG stoen!! bigsmile
huesde mol gudd gesoot deendo!!!! bigsmile bigsmile bigsmile
deendo 09.10.2009 - 13:43
smile smile *ganz séier ënnerschreif a fëtt ënnerstraich*

JOHNY hues de daat gelies!?

closed_eye
Metalbambi 05.11.2009 - 00:04
Daat geif den Scheinen Design awer och liicht verkacken Jungs... XD
deendo 07.11.2009 - 00:13
Wéi heescht et esou schéin: form follows function. Also gett d'Website ugepasst a basta xD
xaph32 09.10.2009 - 08:52
déi 4.
an d'rauschen? et ass e concert, als musiker kann ech blëtzer nët ausstoen, do beift also keng aaner méiglëchkeet, en plus ass d'rauschen hei wierklëch nët schlëmm, gehéiert iergentwéi dozou...ech denken ninja noise kann do nëmmen méi futti maan wéi gutt maan
closed_eye
Metalbambi 09.10.2009 - 15:32
Net nemmen d'Musiker kennen d'Bletzer net ausstoen, wans de bletz zersteiers de jo d'ganz Luuschtstemmung wou do ass an dan braus de net mei ob en Concert ze goen!
Dan 10.10.2009 - 08:55
Rauschen ass definitiv hei keen Thema an den Noise Ninja hätt de Grain vläicht erausgeholl mä d'Fotoen " platt " gemaach!

Silhouetten fannen ech bei Concerten och ëmmer ganz stëmmungsvoll an deemno gefält mir deng 4.Foto hei och ganz gutt.
Deng ganz Serie ass der gutt gelongen, mat Äusnahm vun där leschter vläicht smile.

Metalbambi 10.10.2009 - 13:21
Freet mech vun der ze heiren! bigsmile
kruemelatease 09.10.2009 - 10:17
Nee, rauschen ass hei keen Thema, fannen ech. Série gefällt mer, Nummer 4 fannen ech génial!!!!!
Metalbambi 09.10.2009 - 15:32
Witzeg wei d'Meenungen auserneen gin, dem deendo gefaellt dei 4 jo net an dier2 fannt se am beschten. bigsmile
kruemelatease 09.10.2009 - 16:39
Mä di 4. huet einfach eppes. D'Luucht ass einfach top wéi déi do de Mikro beliicht, an dann nach den Damp... Wat nach besser wier, dat wier wann een Zuschauer an der éischter Réi géif besser erkënnen, mä dofir war et wuel ze däischter !
Metalbambi 09.10.2009 - 16:49
Eigentlech net, haat dei extra ofgedonkelt vier mei Kontrast dran ze kreien an den Guitarist ze isoleiren... XD

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 587 Gäscht online