Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

D'Essenz vum Wanter

 
D'Essenz vum Wanter
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.02.2010
  • Gekuckt:
    43870
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    8/1000 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    320
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.666666666667 EV
  • Gréisst:
    1000x665
  • Späicherplaz:
    213 KB
  • Originaldatum:
    2010:02:14 17:56:15
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    AF-S VR Nikkor 70-200 mm 1:2,8G ED
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Allgemeng »» Abstrakt
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=42817]
Kommentar vum Fotograf:
Méi Reduktioun geet baal net méi...
Laurent76 15.02.2010 - 14:14
"Méi Reduktioun geet baal net méi..."
dach, mee dann schwetzen mer vun engem waissen Din A4 Blaat... smile
Ech kucken deng Foto mat engem breeden Grinsen am Gesiicht, wann ech net geif wessen daß et eng Foto wär geif ech mengen du häs dei am Paint gemolt.... hehehe
Nicon07 15.02.2010 - 14:21
Sou wäiss ass dat guer net an der ënneschter Halschent, also net wi een DIN-A4 Blad, éischter nach wéi een DIN-A2.... smile
Laurent76 15.02.2010 - 14:30
closed_eye
ech war mer am Ufank net secher weis te mein Kommentar geifs obhuelen, dein Kommentar berouegt mech awer elo e bessen...
Nicon07 15.02.2010 - 14:40
Ech sin normalerweis ee Schelm an ee Witzegen. Ech verdroe villes, och wann et geschriwwen ass, wou een jo de "laachendes Monds" net ëmmer sou direkt matkritt. mais ee Smilie verréit jo awer scho villes.

Bref, du duerfs roueg stëtonguepelen.
Laurent76 15.02.2010 - 14:46
smile)
pol9000 15.02.2010 - 14:15
deen Hiwwel ganz rechts steiert e bessen closed_eye
Laurent76 15.02.2010 - 14:19
Genialen Kommentar...., aus dem Grinsen ass elo een laachen gin...
Nicon07 15.02.2010 - 14:19
Tjo, ech gin da bei d'Gemeng, si solle mam Schnéiplou do botzen.... closed_eye
Maimonides 15.02.2010 - 15:22
Dat do, Nico,
ass bal di allerläscht,
(awer nëmme bal),
Konsequenz vum
"Less is more".
Radikal ausgeduecht géif
dat nämlich heeschen:
"Weis guer Näischt,
da gesi mir Alles."

Dee ganz schmuele Paad tëschent dër Réalitéit an dëm Nonsense hues du eis hei magistral gewisen. "En connaisseur de cause" hues du deng Foto dann och "d'Essenz vum Wanter" genannt.

Duerfir gefällt deng Foto mir super. Awer nömmen mat dengem Titel. Dat seet (bal) Alles.
smile



Nicon07 15.02.2010 - 15:58
Déng treffend Analyse maache mir ëmmer neess freed.
galileo 15.02.2010 - 15:24
Ass däin 70-200 bei f11 nët méi scharf ?? bigsmile bigsmile *duw*

fir de Rescht schleissen ech mech dem Maimonides un ! closed_eye
Nicon07 15.02.2010 - 16:12
Wéi dann? Muss eng essentiel Foto da scharf sin???bigsmile
Laurent76 15.02.2010 - 16:21
Daat kann zumindest keen behaapten daß et denger Foto un Schärft fehlt
Jaqueline76 15.02.2010 - 15:38
hey coool den Fändel vun Monaco am schwaarz/weiss smile

"Grau, teurer Freund ist alle Theorie,
und Grün des Lebens goldner Baum."
=> Mephisto [Goethes Faust]
Nicon07 15.02.2010 - 16:13
Dann hoffen ech, datt d'Theorie gläich eriwwer ass...
shingo 15.02.2010 - 20:42
Gudd Iddi, gudd ëmmgesaat!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 465 Gäscht online