Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Fräiheet ass och...

 
Fräiheet ass och...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.06.2010
  • Gekuckt:
    21925
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/50
  • Blend:
    f4
  • Brennwäit:
    93 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    540x805
  • Späicherplaz:
    305 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    EF24-105/4L IS
Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=46682]
Kommentar vum Fotograf:
..daat hei nët.

De Kärel hei ass scho ganz aal a setzt zu Nanzëg am Parc, ganz aleng a sengem Kabuff...Meng Kanner an ech, mir hun eis gefroot, wat hien dann wuel esou denkt....

Dem suraki seng Foto huet mech verleed, meng och ze weisen...

Fräiheet ass ...


suraki 26.06.2010 - 21:30
galileo, du weis hei och eng immens traureg Foto ,
den traurege Bléck an d'Eidelt léist éen schon nodenken !
sollen esou Déieren iwwerhaapt agespaart gehale ginn ?
et ginn 1000 Grënn derfir, mä déi puer dergéint ... hunn et a sech

déi Zwee Biller ergänzen sech gutt , merci smile
galileo 26.06.2010 - 21:38
Merci och dir fir deng Foto ! A Wierklechkeet war d'Situatioun nach méi ergräifend....e puer Kanner hu widder d'Glas geklappt, an hien huet zréckgeklappt - mir hun awer nët erausfonnt, op et war fir ze soën "Pack dech" - oder ob et an dem heigen Alter trotzdem nach gespillt war....nuje - du sees et - 1000 Grënn dofir, mee déi puer dergéint hun et a sech !!!
gloda 26.06.2010 - 21:41
Ech fannen et ass hypokritesch an den Zoo ze goen an dann ze soen dass et schued ass dass d'Déieren agespaart sinn.
suraki 26.06.2010 - 22:02
jo, Recht hues de ... et ass awer trotzdem ëmmer erëm traureg, Déieren ze gesinn déi alleng do setzen. An den Afen gesäit een et nun emol un, wann se net glécklech sinn. De Gros vun den Zooen , an déi den Ottonormali ewéi ech selwer , higeet si jo awer Déierefrendlëch oder so in etwa. Ech selwer hunn och Deieren déi agespaart sinn, an dierft doriwwer jo guer néicht soen .
galileo 26.06.2010 - 22:10
Ech fannen absolut näischt hypokritesch un der Saach fir senge Kanner hiere Meenungsbildungsprozess mat Material ze fidderen. Wann e Kand vu 7 Joër engem an der Situatioun d'Fro stëllt, op deen Schimpanse dann elo frou do ass, an nët nëmme seet: "oh waat e léiwen Äffchen" , dann huet d'Saach sech scho rentéiert ! Mengs de nët ?


Datt daat nët am Zoo mee just zu Nanzëg am öffentleche Parc ass, spillt hei dann och keng Roll.

gloda 26.06.2010 - 23:55
Ok dat mam Zoo / Park hat ech falsch verstanen. Den Ënnerscheed ass do, am Zoo ënnerstëtz de d'Basis no deeër en Zoo fonctionnéiert jo mat Suen.
marker 26.06.2010 - 21:54
wat dâat Déier hei wuel denkt ass schwéier ze soen, mais ët muss een kée grousse Kenner sin fir ëm a sengem Bléck ofzegesinn dat en sech mat Secherhéet net wuel fillt
ech fannen ët ganz gudd och emôl esou Fotoen ze weisen
shingo 26.06.2010 - 23:11
jo den Armen, mee trotzdeem flott Foto
mischii 26.06.2010 - 23:44
dass och Déiren Gefiller hun gesäit een hei ganz gudd,
et stëmmt wierklech traureg
lux-weimaraner 28.06.2010 - 15:12
Super...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 664 Gäscht online