an waat ass elo esou extra drun daß de Foto eroplueds, waat waren usprech vun déer Foto? Sorry, naischt fir ongudd an schon guer naischt geingt deng Persoun, mee fir mech geheiert dei Foto net heihinner.....
nee keen Problem, ech mengen du kanns mer jo deng Meenung zu der Foto soen. majo et ass zimlech einfach, et war net speziell den VW-Logo wou ech wollt am Bild hunn, mee déi Linnen, an den Krees vum Logo.
Mir gefällt et. Wann se e wéineg méi scharf wier, hätt se och an den üblichen VW Prospekter kéinten stoen. Do gesait een oft esou Detailoppnahmen.
Daat do ass een GTI ?
Jo mat der Schäerft hues du schon iergendwéi Recht, mee et war schon relativ däischter dobaussen wei ech déi Foto gemaach hunn, an ech hat keen Stativ dobäi. Mee esou konnt ech mol testen wat mäin 50mm 1,8 esou kann, wat ech den Moment relativ nei hat.
Maja, Experimenter sin do fier gemaach ze gin. Iwerigens schéin Spiegelung am VW Logo! An loss dech net verrëckt maachen duerch denen aneren hier iwerzunnen negativ Kommentaren.
Nee dat souwisou net. ech mengen jiddereen kann mer seng Meenung zu enger Foto soen. Dofir lueden ech jo och Fotoen hei erop, well ech aneren Leit hier Meenung well héieren. Ech mengen et entweder eng Foto gefält engem oder net. Och negativ Kritik kann ab und zu hëllefen wann een sech dann domadder auserneen setzt. Méi domm gëtt een jo jiddefalls net dovun.
Iwwregens ech hat vergiess op den Fro ze äntweren ob et een GTI wär. Et ass den GTD. Mee et ass net mäin Auto.
Naja déi Reaktioun vun deem Laurent war schon méi wéi nëmmen konstruktiv Kritik.
Jo um "Wabbengrill" erkennt een daat gut waat et fier een VW ass ! Wanns de den Auto an der klassicher GTI rouder Faarw geknipst häss, wier och bestemmt een schéint Resultat gin.