Flott Linneféierung: d'Aen gëtt schéin a Richtung Tunnel-Enn, dat ee jo nët gesäit, drainéiert. Ech hätt se nach e bësse recadréiert, dat Stéck 'Tableau de bord' ënnen kéint een ewechschneiden an an engems déi wäiss linn uewe lénks dodirech an den Eck kréien. Gefällt.
Merci, mam tableau de bord hueste vollkommen rescht, mee daat mat de linn uewe lénks hun ech mool getest mee fannen den rendu herno awer nemmi sou schein ... also ass mool d'meenung vun engem ufenger wei ech )
Wann ech mer d'Saach nach emol esou ukucken, sin ech dénger Meenung ouni et probéiert ze hun: wann déi eng wäiss lénks am Eck wäer, ass wahrscheinlech d'Bildschnëtt-Gläichgewiicht am Eemer... also léiwer si loossen a jhust ënnen e bësse schneiden. Ech denken du gesäis dat richtég.
An der Theorie kléngt verschiddenes op den 1. Bléck gutt, et hällt awer nët ëmmer an der Praxis duer