Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Riiserad

 
All Fotoen an dëser Serie:
13289 Thumbnail
13290 Thumbnail
13291 Thumbnail
Riiserad
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.02.2011
  • Gekuckt:
    13725
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    23
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    D7000
  • Objektiv:
    Tokina AT-X 116 PRO DX
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=53263]
Kommentar vum Fotograf:
Vun deem läschten ausfluch nach...
Ass Mega Imposant dat dengen.
Alles HDR
DDave 21.02.2011 - 23:42
Woah, as dat eng Dampfmaschine? Dei 3t Foto gefält mer am beschten.
Miisamm 22.02.2011 - 00:41
Di 3t ass lo di 2t, hun eppes geännert.
Villmols merci, dat ass e schwongrad fir elektresch ze man, hmm den undriff ka sin dass deen mat damp funktionneiert. Misst mech mol Informeieren wat ech knipsen smile
JG 22.02.2011 - 09:13
Flott Fotoen! Wou stinn dann déi doten Saaachen nach?
Miisamm 22.02.2011 - 16:24
Villmols merci, ma eist Land huet eng schein Geschicht iwwert d'Stohlindustrie, an wann een do e besse wulle geht da fennt een sou saachen closed_eye
Quaffit 22.02.2011 - 11:15
Schéin Fotoen, wirklech... Ech muss do och mol hinkommen closed_eye.
Esou wäit ech wees goufen esou Kraftwierker mat Gas bedriwen den d'Héichiewen als Niewenprodukt ofgin hun (CO an H2). Damp war et secherlech net. Dofir hätt jo mol misten Waasser erhëtzt gin, also Energie zougefouert. Daat mecht keen Senn bei engem Héichuewen den Energie als Nieweprodukt ofwerft déi just emgewandelt muss gin.
Miisamm 22.02.2011 - 21:26
Villmols merci, an merci fir di ganz info.
Zora 22.02.2011 - 12:15
Deck... an och cool, jo ob der Foto gesäit een net, wei grouss daat Monster wirklech assclosed_eye
Miisamm 22.02.2011 - 21:28
Villlmols merci, jop do muss een een dobäi Stellen fir d'greisst wirklech ze gesinn, mee ech depp hun dei foto mat bracketing un gemeet, an dei war fuerchtbar ennerbeliicht... dofir poubelle unhappy
Zora 22.02.2011 - 21:40
Schadeunhappy
Miisamm 22.02.2011 - 21:45
Net schlemm dem Gil seng ass gudd gin smile
Zora 22.02.2011 - 22:00
Mengen deem aaneren do seng ochclosed_eye
Pixelman 22.02.2011 - 17:34
Erste Sahne, imposant, an och déi vill kleng Détailer net ze vergiessen.
Miisamm 22.02.2011 - 21:28
Villmoleg merci smile
gtaddei1 22.02.2011 - 19:02
Flott plaatz , mé firwaat sinn dei Fotoen dann esou Mautschech?
Miisamm 22.02.2011 - 21:30
Merci smile. Ey wat heescht hei mautscheg closed_eye. Schärft oder faarwen, wees lo wirkleg net genau wats de mat Mautscheg mengs...
Metalbambi 22.02.2011 - 22:57
Béides, unis Flächen sinn net méi unis, mee ginn méi däischter no bannen an d'Schäerft... naja

Try this: Blending
Vir déi ganz haart Nëss, wéi am d'Fënsteren lees de nach an Layer dertëscht wous de ganz soft iwwerlagers. An onbedéngt virun deems de ufänks d'Ausgangsbiller per Ps ausriichten (Datei/Automatisieren/Ausrichten oder sou). Wanns de den deBaemm féin frees, vläicht huet deen nach den Pdf wou ech ëm den Tutorial aus der Docma gescannt hat.
Miisamm 23.02.2011 - 17:14
Jo bei der eischter ass mer bei der fiichter Fenster eng schiefgelaaf... Schärft jo bon Photogen 700k bufft vill op 1024.
Dei iwwer Hell "bleeding" Fensteren waren sou geduercht.

Hah deen Tutorial ass jo cool. Benotzen zwar Photomatix, mee dann probeieren ech dat do och awer mol eng keier smile
Metalbambi 23.02.2011 - 21:44
Den absoluten Virdeel un der Method hei ass dats de all Schratt zu 100% selwer kontrolléiers, du optimiséiers d'Masken herno einfach bis et genau sou ausgesäit wéis de et gären häss.
gtaddei1 23.02.2011 - 12:17
Et ass e bessi ze mann detail drann , d'Farwen sinn an en een gelaaf (Farwkontrast).
Ech soen dir daat elo no menger sensibiliteit, et ass meiglesch dass ech fir dein gout dolaanscht laien.
No menger Ménung ass dein Workflow net onbedingt optimiseiert. Mé et ass schon guer guer net schlecht.
ZerberuZ 22.02.2011 - 22:39
coooll dood smile
Nathalie 26.02.2011 - 23:27
Flott flott, gefällt mer, an wou ass dat dann wann een froen derf?
Miisamm 01.03.2011 - 15:01
Villmols merci smile. Arbed closed_eye
Nathalie 01.03.2011 - 18:36
Merci

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 515 Gäscht online