Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mueres frei....

 
Mueres frei....
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (28.02.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.02.2013
  • Gekuckt:
    16543
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/13 sec
  • Blend:
    f/1.8
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    900x752
  • Späicherplaz:
    544 KB
  • Originaldatum:
    27.02.2013
  • Fotoapparat:
    NIKON D90
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Nikon 50mm f1.8
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70875]
Kommentar vum Fotograf:
... ennerwee am Schmuddelwieder....Am Fond-de-Gras.

Hunn se am Retrostyle verschafft, och fier bessi dei dreif, kaal Ambiance ze kreien.
Johny 27.02.2013 - 16:54
Mech stéiert dass d'Schäerft enzwech riets op der Mauer ass amplaz um Zuch - dem Haaptmotiv smile Retrostyle passt u sech gutt, mä ech géif domat méi iwwerdreien nach: Nach méi Faarw raushuelen / sepia dra maachen, méi Kontrast, Rauschen (Monochromt, kee faarwegt!) an Vignettéirung.
Maimonides 27.02.2013 - 20:49
An de Clou ass:
di ganz kuerz Kéier, Johny,
su just laanst d'Haus...

closed_eye
Johny 28.02.2013 - 10:27
laanscht ass laanscht, oder net? tongue
Maimonides 28.02.2013 - 20:40
"laanscht ass laanscht" = evident.
Esou *no* laanscht ass fir eng Lokomotiv net evident.
closed_eye
micky-maus 01.03.2013 - 08:54
Dei dooten, Maimonides, ass gaaaanz lues ennerwee, dei ass loo nach amgaang doo laanscht ze fueren.... closed_eye Doo kann naischt passeieren tongue
Maimonides 01.03.2013 - 20:40
Wann ech d'Schinne gesin, micky-maus,
weess ech dass et laanscht geet
an ech weess och dass näischt passéiere kann !!!

Trotzdem hun ech nach ni en Zuch gesin
deen esou no laanscht en Haus fiert.

An dat "Not" ass de Clou.

(Well wann d'Lokomotiv mi weit ewech vum Haus wär,
da wär deng Foto banal. OK ?)

closed_eye
micky-maus 28.02.2013 - 10:22
Merci Johny,
d'Schäerft ass duercht Rauschen flöten gaang, probeieren och mol eng s/w Versioun awer ouni grain well doo geet zefill vunn der Foto verluer. Wann se mier gefällt, ersetzen ech se.... closed_eye
micky-maus 28.02.2013 - 10:40
Esou, ersaat.
Hunn awer Rauschen ewechgeloos ann Kontrast eichter erofgedreint well Meschinn soss Pesch-schwaartz get. Eng hell Vignette ronderem ann gudd.
Hunn mier relatif vill aal Fotoen ugekuckt, ann dei sinn eischter gestache schäerf wei verrauscht.
Merci vier Deng Ideen. Gefällt mier besser esou. smile
Johny 28.02.2013 - 11:22
Hu mat Vignett däischter gemengt, sou wéi et mat schlechtem Objektiv wir closed_eye An dat mam Kontrast war gewollt dass d'Maschinn zimmlech schwaarz gett, dat ass sou bei entwéckelen monochrome Fotoen smile Blatzeg gi se just wann se bis laang do leien.

Awer ass scho méi interessant wéi virdrun, definitiv!
gemu 28.02.2013 - 10:56
Gefällt mir och besser esou, d'Schärft ass besser, flott Perspektiv,ganz neelech laanscht den Eck vum Schapp
micky-maus 01.03.2013 - 08:50
Merci Georges, Jo bei der 1. hunn ech bessi vill laanscht main Ziel geschoss. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 523 Gäscht online