Haut ass Rollstulldaag
Ganz flott Jacques an zwar ass méi Grënn: nët nëmme flott an d'Bild gesaat, mee och gutt Luucht an eng intressant Spannung tëscht Stull an den ofgehangene Biller riets (de Réck vum Rollstull huet eppes ewéi e Kader vun engem Bild, ass vläicht wäit hiir geholl, an awer mir esoiu an d'Aen gesprongen).
Eenzég kleng bémol'en fir mech: ënne ze enk um Rollstull an d'Faarwen, déi fir mech liicht ze düster eriwwer kommen, awer dat ass adg, et ass jo eng urbex-Foto
Merci fir déin Komentar Jean-Jos
Et ass en ganz aalen Rollstull an do hun ech mer geduecht deen géif gudd an dess Foto eranpassen och farwlech gesin.
Du hues recht, ennen ass et e bessen ze eng mee do haat ech leider keen Spillraum méi.
Wollt se gären e bessen méi düster loossen
Merci Aiello
Effektiv ass se ennen e bessen ze eng, ech haat leider keen Spillraum méi.
Den Stull ass en 3D- Model an hun en nodréijlech an déi original Foto gesaat waat net esou einfach woar