d'Bild besteht aus 3 Opnaamen,mat ënnerscheedlecher Beliichtungszäit, ouni Filter
ech wollt hei d'Liicht spille loosen fir déi flott Strukturen vum Marber uerdentlech erauszekréien
klick och weg
Hallo Mischii,
du wees jo dat ech e Fan vun dengen Archi-Fotoen sin, mais hei fannen ech naischt wat mer richteg gefällt, den HDR-DRI as zwar ganz diskret wei et soll sin, mais dei Fassad hätt ech emr aus der Distanz ouni Verzerrung gewenscht.
Als Gesamtbild gefällt mer dat do net esou gut.
Merci Marco, mech huet d'Verzerrung och e bessi gestéiert, a riicht setze mat der Objektivkorrektur ass net gaang soss wär zevill verluer gaang, et ass mir zwar hei virun allem drem gaang mam bracketing ze probéiren, waat ech kéint aus der Fassad eraushuelen