D' Sonn steet ze héich fir 'Kuerz virum Sonnenënnergang'.
Ofgesin dovun hätt ech hei e bësse méi 'Äerd' dra bruecht an dem Baam esou 'Wuerzele' gin, a priori denken ech och datt se kippt (gesäit een un den Häiser).
Dat ännert näischt drun, datt et eng schéin, stëmmungsvoll Foto ass, déi och vun 2 Diagonalen liewt.
Mir ass keen aaneren Titel agefall an et war awer relativ kuez virum Sonnenennergang well et hat netmei laang gedauert bis d'Sonn fort war nodeems ech dei Foto gemaach haat.
Du hues Recht, ech hätt mei Buedem ennen op der Foto mathuelen missen an den kompletten Baam mat Stamm dropkreien sollen. Dass se kippt fällt mir zwar net sou opp...
Merci fir dein Feedback