Bildopbau: top... di Diagonal vun dem Wellbriecher-Bësch, déi de Bléck genee op de Stär an der Façade vum Casino féiert an an engems di onästhtesch Wannkasäre verstoppt gin der Foto di Dynamik, déi dat Desolat an Eidelt vun der ganzer Szen kontrastéiert. An di genial Farwe vum Portra, déi suwuel douce op der Limite vum Kitsch sin an zur gläicher Zäit eng Zort Endzäitstëmmung transportéiere, well se sou verwäsch sin, dat passt hei wi d'Fauscht op d'Aa.