MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
ech sin zefriden
konnt deemno awer nach fotoe man. ech sin bessi traureg
trotzdem schued dass et net richteg geklappt huet.
__________________
|
|
25.08.2007 12:56 |
|
|
Surf-republican
Mitglied
Dabei seit: 03.10.2006
Beiträge: 32
Herkunft: gudd aal Mousel
|
|
jo daat war decken unschass mat deem countdown...ech haat och domat gerechent, dass en direkt gesprengt get wann den alarm ausgeet...mee nee...do haat ech een moment net gekuckt...hu et just eheiren knuppen, hun mech emgedreint an dun stung en schon schief...do haat en schon baal rem opgesaat...an dann kippt en just na no riets em...
nierft mer haat su een eeleren härchen d'hänn iwwer dem kapp zesummen geschloen wei en no riets gaangen ass
deen huet su geflüstert "oh houer merde"
deen wusst waat lass wier
|
|
25.08.2007 12:57 |
|
|
Pelz
Tripel-As
Dabei seit: 26.11.2006
Beiträge: 179
Herkunft: Luxemburg
|
|
SCHIEEEBUNG!!!! Kruut deck den zidderer an t'Hand, mat deem schäiss Countdown!!!
Mais, wei emmer ass rem alles schief gelaaf.....oder war et souguer gewollt?!!!Hmm....Ech loossen dei Äusso einfach mol am Räum stoen an maachen Plaatz fier dei neidesch Spekulatiounen :-)
P.S.: Et war flott, fier mol verschiddener vun ierch live ze gesin, mol eng Perséinlechkeet, hannert deem Nick do :-)
Wieerholungsgefahr.
__________________ Haste the Day and get a Taste of Chaos
|
|
25.08.2007 13:01 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Jo ech wosst och direkt dass et falsch wir, mee grad well et falsch war huet et vill mei laang gedauert. Matt mengen 3 Biller pro Sekonn hun ech 4s laang Fotoen gemaach, nodem et geknuppt huet, an dei läscht Foto ass sujust gemaach ginn wou en no riets ugefaang huet ze tippen. Kack do ^^Nie mei verloossen ech mech op iergend eng Automatik, och wann et natirlech net dem Apparat seng Schold war
__________________ 404 - Not found
|
|
25.08.2007 13:05 |
|
|
Pelz
Tripel-As
Dabei seit: 26.11.2006
Beiträge: 179
Herkunft: Luxemburg
|
|
Jep, et ass EMMER dem Apparat seng Schold. Mier sin dach onfehlbar :-)))
__________________ Haste the Day and get a Taste of Chaos
|
|
25.08.2007 13:08 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
|
25.08.2007 13:57 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Wann d'Sauerei bis do as, as een emmer méi schlau. Ech sin awer definitiv der Meenung dass déi dote Firma keng Sprengungen méi dierft maachen an di ganz Mannschaft erem sollt op d'Igenieursschoul gescheckt gin. Verschiddener hu woul an der Physique nët esou richteg opgepasst.
1. Klenge Killtuerm.
Hei as ménger Meenung no eng komplett falsch Approche gewielt gin. De klengen Tiermchen besteht aus engem imposante Sockel aus arméierten Beton. Si hun ennen op alle 4 Säiten d'Stützen eweggesprengt. Dat huet den Tiermchen awer guer nët beandrokt. Wann een d'Filmer richteg kuckt, da gesäit een, dass dee klengen zum selweschten Zäitpunkt wéi de Grousse gesprengt gin as, mee e wackelt absolut nët. Eréischt wi de Steps fort war huet ee gesin dass e sech säitlech e besse gesat huet. Hei war d'Ladung secher nët grouss genuch, an éierlech gesot, dee klengen war esou stark gebaut, dass dee beim Emkippen einfach nët konnt futti goen. Gidd iech en emol ukucken: kee Rass am Beton wäit a breet !!! Gudd geschafft Sprengmeeschter.
2. Grousse Killtuerm.
Dese Video weist et flott:
http://www.tageblatt.lu/images/journal/differdange-explos2.wmv
Och hei gouf di falsch Approche gewielt an di extrem solid Bauweis komplett Ennerschätzt. D'Idee war, komm mer sprengen him op enger Säit d'Been eweg, an da kippt en och op déi Säit. Dat huet och während der éischter Sekonn gudd geklappt. Op de Filmer gesäit ee schéin, wéi den Tuerm an d'Knéie geet. Leider hun d'Been op der anerer Säit, wuelgemierkt déi, di nët gesprengt gi sin nët schnell genuch nogin. Op de Filmer gesäit ee flott wéi de ganzen Tuerm sech duech seng Elastizitäit verformt, mee nà ischt brecht. Schliesslech gin di nët gesprengte Been awer no, an den Tuerm kann sech elo op di aner Säit leeen. E bleift zerguer bal op séngem neie Sockel ouni Been stoen !!! Dat wier flott gewiescht. Well en awer genuch Schwong huet, kann e weider an di falsch Richtung kippen.
Fehler: och d'Been hannen hätten definitif misste gesprengt gin, eventuell 1 Sekonn no de fiichten. Ech sin zwar kee Spezialist an der Matière, mee ech hätt hei awer nët un Dynamite gespuert.
Conclusioun:
Esou vill Misère fier näischt. Wann et stemmt wat ech héieren hun, da sin d'Waasserleitungen bei d'Killbatterie zerstéiert. Dat get natierlech e grousse Problem am Walzwierk. E pensionéierten Arbed-Elektriker huet mer verzielt wat fier Leitungen nach alles nieft dem Tuerm verlafen. Do wärt och alles futti sin. A nët ze vergiessen de Magasin an d'Atelieren déi dem Buede gläich gemaach gi sin.
Wat kascht et fier dat erem ze flikken? Wier et nët méi belleg gin den Tuerm ze sanéieren. Mee Bon, aner dischteg Leit schéngen et emmer besser ze wissen.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von patrickr am 25.08.2007 15:05.
|
|
25.08.2007 14:59 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Och hei gouf di falsch Approche gewielt an di extrem solid Bauweis komplett Ennerschätzt. D'Idee war, komm mer sprengen him op enger Säit d'Been eweg, an da kippt en och op déi Säit. |
Genau meng Meenung an genee daat waat ech och de Leit soen.
Dass en sech sou schlemm verformt ass eben duerch de Stol den drann ass, ech wees net mee hun dei daat ganz ignoréiert oder wéi? Dee kann net einfach sou mol briechen do. Wei ech soot, hier Method huet ZE einfach äusgesinn an dofir bräuch ee keng Profi'en fir sou eppes ze maan.
Waat dee klengen ugeet, (dee gesäit ee jo gutt op menge Fotoen op http://gallery.photogen.eu/differdange/) hues de och Recht. Dee Sockel wär och genee sou stoe bliwwen wann dei läscht Sprengladung och an d'Luut gaang wär. Ob dee klengen lo wirklech zäitgläich matt dem grousse gesprengt ginn ass daat hun ech elo net gekuckt, mee scho witzeg daat ganzt.
//EDIT: Wei ee gesot huet den ech kennen ... De schiefen Tuerm vun Déifferdéng
__________________ 404 - Not found
|
|
25.08.2007 15:15 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
|
25.08.2007 15:22 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Wei gutt dass ech mer d'Filmer rofgelueden hun
Hun en grad nach eng Keier gekuckt an jo ... gott ass daat witzeg, dee beweegt sech guer net. Just froen ech mech wei en beemol sou schief komm ass, dofun huet kee Biller a Videoen well do ze vill Stëps war. Sou huet et emol vun eiser Vue äus äusgesinn.
__________________ 404 - Not found
|
|
25.08.2007 15:23 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
|
25.08.2007 15:34 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Do haas de zwar beim zweeten och effektiv eng ganz gutt Vue. An daat ass bis lo dee Video wou een d'Verformung suguer am beschten gesäit geif ech mol soen.
(Deng 2 klick'en hun ech héieren
)
__________________ 404 - Not found
|
|
25.08.2007 15:59 |
|
|
Pelz
Tripel-As
Dabei seit: 26.11.2006
Beiträge: 179
Herkunft: Luxemburg
|
|
Hey Patrick, mega Vue dei 2. Prise!!!!!Ne Johny:-)!!!!!
__________________ Haste the Day and get a Taste of Chaos
|
|
25.08.2007 16:03 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Ha ha, génial Video'en. Deen klengen as wierklech onbeandrockt vun sénger Sprengladung. Hat déi éischt Kéier wou ech gekuckt hun mol net gecheckt dass do iwwerhapt eppes falen sollt.
__________________ www.gloda.net
|
|
25.08.2007 16:05 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Déi 2. Vue as am Wangert, 3 Meter iwwert dem Bueden um Daach vu méngem Landrover
. Hat mer eng Platform op de Gepäckdréier montéiert, an den Auto schons geschter dohi gsat fier méng Plaatz ze reservéieren
|
|
25.08.2007 16:21 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Daat war jo suguer nach mei krank wéi ech ...
Mee bon gutt Arbecht, bass jo belount ginn dofir.
__________________ 404 - Not found
|
|
25.08.2007 16:25 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Beim Wort steet och e Video.
Huet een d'Méiglechkeet den RTL stream an de stream beim Wort als VideoDatei ze späicheren? Dat wier gudd ier se eventuell verschwonne sin.
|
|
25.08.2007 18:45 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Beim RTL hu se iergendeng gezwafft dass een keen direkten Zougrëff op d'Video-datei huet, ech wees och net genee wei daat ass (hun och nach nie selwer vill matt Videoen ze din gehaat), an dofir kritt een de Video net su einfach rofgelueden. Allerdings denken ech dass se den Owend am Journal och wäerte vill weisen an dee ganze Video dofun kreien ech per Podcast an den iTunes direkt.
__________________ 404 - Not found
|
|
25.08.2007 18:50 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
@ Johny: Ech denken en einfachen .htaccess leet fest dass just Player zougrëff op d'Datei kritt. Ech hat awer emol wéinst engem anere Video gefrot, et kann een ouni weideres den Video an säin egenen Site 'embedden'.
__________________ www.gloda.net
|
|
25.08.2007 19:42 |
|
|
|