mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
|
|
Mahlzeit,
ee muss jo den eischten (?) heibannen sin: mäin iPhone ass de Mettsch op eng onfräiwelleg an ongewollten Tauchfahrt gaang...
Ergo: nix funzt mei (elo gesin ech och den berühmten Nässedetektor am Kopfhörerunschloss :/).
Huet een eng Iddi waat daat kaschte kann fier en flécken ze loossen? Well Garantie ass do keng drop.
Thx
mikE
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
|
|
14.06.2009 23:29 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
ausman an net méi uman bis en ausgedrëschend as...
vir drëschnen ze loossen kann een en an alkohol zappen. hun ech mol héieren. dacks kann dat wonner wierken. probéiere kascht näischt. soss fällt mer do keng an ausser bei aple anzeschécken an/oder nozefroen.
__________________
|
|
15.06.2009 01:39 |
|
|
JADE
Kaiser
Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer
|
|
|
15.06.2009 08:35 |
|
|
tscjoki
Mitglied
Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28
|
|
Ofgesoffen Geräter gin net méi gefleckt.
Platine vun deenen Geräter ass oxydéiert an esouguer wann en nach sollt goen,ass et eng Fro vun der zeit bis déi éichten Defekter kommen,well daat emmer weider oxydéiert.
Am Prinzip ass daat Gerät just fir an Pubelle...esou leed et mer fir dech deet.
Bei ganz!!! liechter Oxydatioun(Schwees,e puer Reendrepsen) kanns de emol Chance hun dass ,je no Relatioun mam Reparaturcenter,daat Gerät nach un laafe bruecht get,awer dann ouni Garantie op "Folgeschäden"
Souweit zum Prinzip.
Lo awer d'Ausnahme :
Apple mecht keng Reparaturen.
Si tauschen just déi defekt Geräter aus an hun dofir ,onofhängeg vum Defekt,2 verschidden Preisser,je nodeem op et en 8 oder 16 Gb Gerät ass.
Dorenner faalen och Geräter mat Waaserschued.
En Austausch kascht 200 Euro (bei 8 Gb)..waat denken ech eng relatif fair Propose ass esougesin.
Wouhier ech daat wees...ganz einfach..schaffen am SAV vum greissten letz. Netzubidder ;-)
Wanns de en also hei kaaft hues,kréien ech en souwisou an Hand.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von tscjoki am 15.06.2009 13:56.
|
|
15.06.2009 12:52 |
|
|
mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
Themenstarter
|
|
@ all: Merci fier d'Infoen an d'Linken
@ tscjoki:
Hun en bei Mobistar kaaft
Mengen och dass en komplett am Eemer ass, well d'Waasser wor en plus knaschteg, sandeg an liit salzeg.
Haat de muer dohinner ungeruff an d'Mme soot mer dass se net repareiert, mee äusgetosch gin. Fier den 16GB (deen ech hun) giffen se 450€ froon... Mengen net dass daat sech elo nach lount dei fier en "aalen" ze bezuelen...
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
|
|
15.06.2009 14:12 |
|
|
tscjoki
Mitglied
Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28
|
|
Dann ass Mobistar zimlech deier ;-)
Mengen net dass mir 450 Euro froen fir e 16Gb,misst daat awer nofroen. Den 8 Gb ass op jidferfall genau 200 Euro
Et ass och egal op et knaschtegt Wasser oder kloeres war,Oxydatioun ass Oxydatioun.
Daat eenzegt waat eng Roll ka spillen ass Art vun der Flessegkeet...bei Ueleg zb hues de eventuell eng kleng Chance :-)
All déi aaner "Vodoo"-Rezepter kanns de vergiessen. Du kanns emol Chance hun dass en nach funktionnéiert,mee ass wéi gesoot alles eng Saach vun der Zeit.
Ob daat sech elo fir dech lount muss du selwer entscheeden.
Kanns och op dee neien Modell warden oder der den HTC HD kaafen,deen ass besser ;-) (Awer och nemmen wann e net an Waaser fällt :-) )
|
|
16.06.2009 08:35 |
|
|
tscjoki
Mitglied
Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28
|
|
Sou,hun elo nach eng zousetzlech Info fir dech.
Et ass esou dass de Preis vu Mobistar nach een aale Preis ass,deen Apple soss emmer firgeschriwen huet bei engem Austausch.
Apple mecht 2 Differenzen :
Geräter mat opteschem mechaneschem Defekt (auserneegebrach..Display,etc) an net optesch Defekter wéi zb. an dengem Fall Oxydatioun.
Daat eicht huet emmer 450-500 Euro kascht,je no 8 Gb oder 16 Gb,déi aaner 200 Euro.
Oxydatioun ass emmer zu déer 1. Kategorie gezielt gin,well daat Gerät jo och esougesin komplett futti ass.
Seit dem 1 Mai huet Apple awer hier Preisser adaptéiert well se ganz vill Plainten kruuten dass Geräter als Oxydéiert déclaréiert si gin well hier "Detektoren" daat ugewisen hun.
Et waren awer ganz vill Fäll wou just grad eng Dreps Reen zb. op deen Detector komm ass,wou daat Gerät selwer awer kee weideren Schued haat.
Dofir hun sie seit dem 1 Mai Kategorie Oxydatioun zu den net opteschen Defekter erofgesaat an sie froen nach just 200 Euro,onofhängesch op 8 oder 16 Gb.
Du kanns also roueg mat deem Argument bei Mobistar nohaaken,well daat gellt iwerall.
Desweideren just als Info...de Preis vun engem Neigerät ass em ca 50% gefall elo well dee neien Modell kennt ;-)
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von tscjoki am 16.06.2009 09:45.
|
|
16.06.2009 09:44 |
|
|
mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
Themenstarter
|
|
ma daat ass jo intressant! villmools merci!! dann waert ech deenen daat mol soon!
an weini kritt dann den gréissten L-GSM opérateur
den 3GS?
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
|
|
16.06.2009 12:33 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von tscjoki
Majo Q4 fir dest Joer ass en annoncéiert fir Europa...e genauen Datum hun ech nach net.... |
Ech weess net ween deng Quellen sinn, mee Apple selwer huet en fir d' Belge, an aner europäesch Länner schonn fir den 26. Juni ugekënnegt. (Weess d'Länner net méi all, Schwäiz war just sécher och nach derbäi). Dat ass awer net Q4
__________________ 404 - Not found
|
|
16.06.2009 14:44 |
|
|
tscjoki
Mitglied
Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28
|
|
Jo,stemmt ;-)
Haat meng Mailen nach net ganz gelies :-)
Ursprünglech stung Q3 fir US dran,an Q4 fir Europa.
An der läschter Mail elo méi prezise 26 Juni.
Quellen hun ech keng speziell...setzen am SAV op der Post,deen awer mam Akaaf zesummen am selwechten Service gruppéiert ass ;-)
|
|
16.06.2009 14:53 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
OK
Weess du dann ongeféier wéi laang et géif daueren fir en iPhone ze flécken wou de Powerknäppchen hops gaang ass? Ech sinn domat hänke bliwwen an der Täsch vu menger Jeans an dunn ass dee ewechgeflunn - auf nimmer wiedersehen. Ass eng kleng Dommheet, hunn awer keng Loscht lo puer Wochen ouni iPhone do ze sëtzen, dann liewen ech léiwer domat dass ech mam Nol muss déif eran drécken fir en an de stand-by ze setzen
__________________ 404 - Not found
|
|
16.06.2009 15:02 |
|
|
tscjoki
Mitglied
Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28
|
|
Reparaturdauer ass u sech net de Problem...au contraire..do ass Apple onschlagbar.
Si tauschen wéi gesoot just aus,daat heescht du hues en an 2-3 Deeg erem wann ech en bis hei hun.
Awer elo kennt et :
Setz dech léiwer!
Wéi ech firdru scho geschriwen hun,hu si just 2 Forfait'spreisser bei Reparaturen déi net enner Garantie faalen.
Daat heescht deng Reparatur kascht onoofhängeg dervun waat futti ass 200 Euro!
Apple !
|
|
16.06.2009 15:20 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von tscjoki
Daat heescht deng Reparatur kascht onoofhängeg dervun waat futti ass 200 Euro!
Apple ! |
OK den deel hat ech dann wuel ze schnell gelies fir dat ze realiséieren .. dann kënne se mech emol
(Ech hu mäin an der Belge kaf bei Mobistar, also géifs du en sou oder sou net an d'Hand kréien
)
__________________ 404 - Not found
|
|
16.06.2009 15:38 |
|
|
tscjoki
Mitglied
Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28
|
|
Da ging et jo nach méi laang daueren :-)
Jo,ging ech an denger Plaatz och machen. Hier Politik ass bei groussen Defekter jo ganz flott,resp. esouguer fair bei Oxydatiounen (woubei si jo do och all Interet hun dem Client nees e Produkt ze verkaafen fir en domadden erem un hieren Istore ze bannen ... also schlau sin hier Marketingleit schon...)
Mee bei klengen Defaut'en wéi elo bei dengem ,do deet et scho richteg wéi.
|
|
16.06.2009 15:44 |
|
|
indigo
Mitglied
Dabei seit: 24.10.2005
Beiträge: 32
|
|
berouegend dass ech nit dat eenzegt sin deemsein iphone eng keier bueden gangen as...
main as och nemi gangen, naischt ze man! den ipod as glecklecherweis no puer deeg nees gangen!!
(wasserfläsch an der posch ausgelaf
)
|
|
11.07.2009 21:23 |
|
|
mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
Themenstarter
|
|
@ indigo: jojo, shit hapens to anyone
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
|
|
13.07.2009 10:07 |
|
|
tscjoki
Mitglied
Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28
|
|
Dynafix ass e Reparaturcenter an Holland,deen enner aanerem och vun Nokia,SE,Samsung a nach vill aaner benotzt get.
Ech fir mein Deel si net ganz iwerzeecht vun hinnen well se ganz strickt schaffen,daat Wuert "Kulanz" net kennen a net am Senn vum Client schaffen.
Normal,well si stin net an direktem Clientkontakt !
Et leit also un dengem Provider deen an desem Fall dein Handy reparéiert u wien hien sech wänd,resp. wien Apple hinnen als offiziellen Reparaturcenter ugett.
Et ass selten esou dass e Gerät vum Hiersteller selwer reparéiert get.
Am Allgemengen sin Defekter un de Geräter a Kategorien opgedeelt..Level1 ass dann zb. just Software...asw...
Dovunner hängt et of,wou daat Gerät dann higeet...daat kann also enner Emstenn vun engem Provider hei am Land bei e Servicecenter hei am Land goen.
Dee scheckt et da weider bei Dynafix zb. an deen,je no Defekt, a Bulgarien bei den Hiersteller.
Soumadden ass et da kloer wouhier déi laang Waardezeiten bei de Reparaturen hierkommen :-/
Ennert dem Strech ass de Client emmer deen Dommen an zum Deel och déi Provider well deem Hänn och gebonnen sin an zweschen 2 Still setzt.
Waat elo de Preis ubelaang,do sin ech mer zimlech secher dass bei eis 200 Euro facturéiert gin ....wouhier Dynafix un dee Montant do kennt ass mir e Rätsel.
Ech ging mech wéi gesoot un Apple direkt wenden,déi kennen der och soen waat et genau kascht.
|
|
13.07.2009 16:31 |
|
|
|