Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Déi idee mat "engem Grupp vu Leit" geheien ech direkt erëm wech .. well dann geet et herno rem "Jo de Jury hei an de Jury do" ... wann déi Method sollt iergendwéi ëmgesat ginn, dann soudass wirklech jidfereen kann mat entscheeden. D' Wochefotoen sollten jo och bëssen den Ersatz si fir Topfotoen, an do kann och jidfereen fräi mat entscheeden.
@McQueen: Merci
__________________ 404 - Not found
|
|
02.12.2009 20:44 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
just sou als iddi, an ech baséiren mëch do rëm op een system den ech kennen an wou ech weess dass en funktionéiert:
vlait misst méi wéi een admin eng foto guttheeschen, den system den ech kennen muss een 3 vun 5 positiv avis-en hun, me dat sin detailler déi absolut variabel sin.
den avantage ass den dass d'fro vun der subjektivitéit bal ausgeschloss ass
den desavantage ass den dass e grupp an der gréisst vun pg +- 20-30 admins brauch fir dat uerdentlëch ze maan
de recrutement vun engem admin leeft do iwwer casting (ass jo ganz an der mode)
asw....
|
|
02.12.2009 21:07 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Dann wiren dat keng Admins mee Helferlein
Also soen mer mol mer géifen et sou maachen, wann dann 2 missten zoustëmmen respektiv 2 mussen dergéint sinn fir dass et geholl gëtt, dann missten awer eng 6 Leit duergoen. Zemols well ech immens vill online sinn an kann mat aktivéieren...
__________________ 404 - Not found
|
|
02.12.2009 21:24 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
dat kanns du besser aschätzen wéi ëch ;-)
wéi gesot, als iddi fannen ech et interessant, an ass relativ einfach ëmzesetzen, ouni alles ëmzebauen...
|
|
02.12.2009 21:54 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Trotzdem ginn och dann d' Riichtlinnen nach gebraucht
__________________ 404 - Not found
|
|
02.12.2009 21:56 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
ganz richtëg, ech wier prinzipiell fir den typ fotoschoul, matt e puer ausnahmen, entsprëcht dat och dem stand vun lo
ech denken dass déi meescht vun eis een konstruktiven input kënne gebrauchen aus der gemeinschaft eraus, dat muss een berücksichtëgen beim fraischalten, ech mengen just dass wann leit sëch op der platz bewegen, ass dat vlait och un der communautéit fir dat festzestellen. ech hun och schons comments ofgin: dat do kanns de besser etc...
d'tatsaach dass bei neien memberen méi "peace" gemeet gët, haalen ech och fir den gudden wee
et gin vill kriteren: kompo, sujet (gët et e iwwerhapt e sujet), etc à définir
mol ugeholl et huet een 5 sou kriteren (ëch nenne lo eng dummy zuel), mussen der dann 2-3 je nodem erfëllt sin, asw. asw., den kommentar vum auteur sollt vlait berücksichtegt gin wann een zB no hëllef freet..., d'fro no hëllef kinnt vlait eng kategorie gin???
du gesaiss meng ongeféier richtung?
|
|
02.12.2009 22:28 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Also lo mol just zu der laeschter Idi: wan der et wellt iwwer en Voting steieren, geet et net mat 2 voten pro Foto duer, missten der schon 3 sin (am Fall vun 2+ an 1-, oder emgedrient).
Wubai, wan ech mer mol daat ganzt duech den Kapp goen loossen, dem Blueric seng Idi mer nach am beschten gefaellt. Ech geif soen bei deenen awer villen aktiven Useren hai, missten sech der awer bal emmer puer fannen dei en Kommentar ob eng schlecht Foto wellen maachen (misst dach en Paradies vier den BP sin...
). Ech geif lo mol sou spontan soen daat ech der reegelmeisseg geif maachen.
Wan eng Foto dan wierklech sou schlecht ass daat keen se kommenteien well, dan get se sws gelaescht. Egalwei kennen d'Fotografen nemmen drun gewannen, wan se direkt refuseiert gin kreien se secher keen Kommentar, hai besteet alt mol nach d'Chance. Teschnech wier et jo keen greisseren Probleem, misst 'just' een et programmeiren.
Deen System hai geif dan och nees en vill mei harden Filtrage erlaaben, well dei refuseiert Fotoen net einfach inexistent sin, mee awer nach Kommentarer kreien.
Eng schlecht Foto kuckt sws no engem Mount keen mei (an sou geif et den Useren nach erspueren selwer hier Galerie ze botzen...
)
Den 'richtegen' Niveau vun Pg geif dan nees e gudd Steck robgoen well an den Galerien just nach mettelmeisseg biss gudd Fotoen wieren, an all daat, jo keint ee schon bal gespams soen geif obhalen.
__________________ Anti-Signature
|
|
03.12.2009 00:00 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
(@Bambi: just eng kleng Reaktioun doropshin: stömmt, et fent sech OFT och een den bei manner gudd Fotoen derbai schreift...mee gin dGefill nik lass wei wann den EEN oft den selwechten wier!;p (an: et sin wierklech net soufill Lait -eng halef Dozen vlait?- dei sech dMeih maachen och bei schlechten Fotoen een ausfeierlechen Kommentar ze schreiwen...
an: ech sin mei frou Fotoen ze gesin aus denen och ech na eppes kann leiren wei saitenvoll Thumbs ze gesin dei ech -net emmer- Loscht hun unzekliken...)
fir de Rescht kent mer dei Propose mat dem "UserKomité" den beim Fraischalten helefen soll bekannt fier...mengen haaten mer firun laaaaanger Zait schons enkeier....
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
03.12.2009 02:34 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
@Metalbambi: Ech sot net dass just 2 Voten am ganzen duerginn, ech sot dass der 2 mussen fir d'refuséiren sinn respektiv d'akzeptéieren, d.h. wann 2 erreecht ass bei engem vun deenen 2 dass dann déi aktioun geholl gëtt, dat kënnen dann och 3 voten gewiecht sinn ... Dat geet awer aus mengem Saz mat "wann dann 2 missten zoustëmmen respektiv 2 mussen dergéint sinn fir dass et geholl gëtt" kloer eraus
Mee lo ginn et hei awer 2 Versiounen erëm:
- Entweder Méi wéi 1 Admin + prezis Riichtlinnen oder
- Méi wéi 1 Admin, prezis Riichtlinnen AN nach dass d' Leit d Fotoen trotzdem durno ze gesi kréien, just net an der normaler Galerie, an nach kënnen derbai schreiwen (awer naischt mei un der Décisioun ännere kënnen, ausser vlaicht bei puer extrem Fäll, déi danna wer dieften op quasi 0 miniméiert sinn)
Wéieng vun deenen 2 wëllt der lo?
__________________ 404 - Not found
|
|
03.12.2009 10:09 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Dei 2t heiert sech eigentlech ganz gudd un. An engem Zweifelfall kann dann ennert där Foto gestridden gin, an aanerer gin net mat ragezunn
Ech geif et just gudd fannen wann des, refuseiert mee gewisen Fotoen dann awer och net bei de neitsten Fotoen gewisen gin. Well soss geet et rem wei deemols wou een onbegrenzten upload haat, dass no 2 Seiten Fotoen mol eng kent dei flott as.
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
03.12.2009 10:48 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
ech sin fir déi 1., bei 2. gët et well rëm richteg komplizéiert, an e bëssen vertrauen an d'admin (déi eigentlëch vill a gutt schaffen) muss och sin...
an wat hëlleft dat fotoen ze gesin déi duerch e "jury" eliminéiert sin, well se wierklëch nët méi an d'konzept passen? wëll een déi nach gesin? an dann gët et ëmmer nach den thread am forum wann een wëll contestéiren...
oder wann 2 versioun, wou gin se gewisen, gin se automatësch no engem mount geläscht? et brengt och naischt wann déi fir d'éiwegkeet gespaichert sin...
béi iddien/versiounen sin u sëch nët schlecht
johny, wat ass eigentlëch fir dëch méi einfach bei der ëmsetzung?
|
|
03.12.2009 11:27 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
@Johny: Jo eigentlech schon... war geschter en bessen midd. XD
Bon ech mengen ech hun meng Meenung schon gesoot. Dat waat den marc seet ass och wichteg, soss huet et kee Waert se iwwerhaat ze refuseiren.
__________________ Anti-Signature
|
|
03.12.2009 15:28 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Als Ëmsetzung ass natirlech déi éischt méi einfach, well déi zweet ass jo am fong déi éischt plus nach eppes extras, also méi Aarbecht
__________________ 404 - Not found
|
|
03.12.2009 23:50 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
et kinnt een jo mol matt versioun 1 ufänken an kucken wat et brëngt...
(woubai ech mer sëcher sin dass et eppes brëngt
)
|
|
04.12.2009 09:06 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ma vu dass dat och sws net zevill Changementer mat sech bréngt, kucken ech dat dann emol zsm mat deenen aneren déi och mat aktivéieren
Do mussen jo dann Riichtlinnen opgesat ginn.
__________________ 404 - Not found
|
|
04.12.2009 17:50 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von BlueRic
Ech hat grad eng Idee duerch dem Gaga sain abc. Wollt se ob jidderfall awer mol hei nidderschreiwen.
Wat wir wann all d'Fotoen géingen ungeholl gin, just, dass déi, déi normal net géingen ungeholl gin net an der Gallerie dran wieren mee enert engem Link "net ungehollen Fotoen" wou d'User alleguer kennen oftstëmmen mat enger Begrënnung derbei.
Wann eng Foto no enger Zait (1-4 Wochen oder esou) net bewert oder schlecht bewert gouf, get se automatesch geläscht. Et as quasi eng 2 Chance.
D'Idee as natierlech ausbaufäheg.
Freen mech iwert är Kommentarer. |
wei wier et dann, et e bessi mei einfach ze haalen,
wann eng foto ugeholl gin as, huet se eng deadline, wann no 48h net weinstens 5 leit se als "ok" bewerten, flitt se erem eraus !
daat bedeit zwar dat eis galerie den daag selwer net mei eidel as wei soss, mais wann een awer mol als net alldaagoppg-user kucken kennt, kann een sech duerch eng gut gefiltert an niveaureich galerie klicken ...
den fierdeel as deen, dat mer net eng galerie mat "schlechten" fotoen hun !
sou wei ech et bis elo verstin, mussen dei leit dei do aktiv wellen hellefen, sech jo duerch dei 2t galerie klicken an do kucken ob iergendwou nach epes ze retten as ?!? oder wei ?
an mat der zeit geiff ech och färten dat daat keen mei mecht ...
oder just 1-2- leit, an dann hun mer erem e bessen deen monopol !
den johny hätt jo souwisou nach en bleck drop, dat net een alles unhellt waat kennt, duerch den log !
|
|
05.12.2009 18:21 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
|
|
sot leit mir ass do grad su eng Idee komm, lo net direkt relatet zu sujet awer gaaaaaanz close
wéi wier et dann mat esou engem "Like" feature button (wéi och emmer) dass een net onbedengt en comment brauch ze schreiwen wann d foto engem gefällt mee einfach eng kéier klickt an voilà "dem deBaemm gefällt des Foto" an dass dann d'Nimm dohinner stoen kommen, an dei di wellen en konstruktiven Comment hannerloossen kennen daat jo dann nach emmer maachen.
En fiirdeel dovunner ass dass een sech net duech 15 "déi ass schéin" comments muss scrollen fiir op di konstruktiv ze kommen! An en avantage zum bewertungsfeature ass dass een eben kann gesin weem d'Foto gefällt.
Waat haalt der dovun?
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
06.12.2009 17:46 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
@sicho: souvill Fotoen ginn net erop gelueden, an sou grouss ass PG net, dass esou ee Filter e Sënn ergëtt. An dann bilden sech vill méi "Clans" an dann fällt déi ganz Community an eenzel Stécker. Wann mer elo riesegen Undrang hätten dann géif et Sënn erginn, mee sou wéi et elo ass awer net.
@Gaga: Dann misst bei ALL Foto 5 Leit den OK ginn ... ech mengen dat wär bëssen zevill streng, well ee just den OK gëtt wann een wirklech eppes sehenswärtes dra gesäit. An dann fléien ganz vill Fotoen eraus. Sou wéi et "elo" geplangt ass gëtt et keng 2. Galerie, just dass op manst 2 admins mussen ofstëmmen an dass kloer Riichtlinnen bestinn. dat aner wir dann enb Optioun fir nach spéider
@deBaemm: Schonn "Als Favorit bäisetzen" benotzt? Huet ganz genee déi Funktioun, just dass een nach (!) net gesäit ween d' Foto als Fav bäigesat huet.
__________________ 404 - Not found
|
|
06.12.2009 23:44 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
|
|
genee daat war eben daat waat ech gemengt hun mee fav beisetzen ass fiir mech eischter eppes extraes net eng foto wou ech ging derbei schreiwen se ass flott mee das eng WOOOOOWWWW foto, ass fiir mech nach zweeerlee
an eben den fait mam numm
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
06.12.2009 23:59 |
|
|
|