Gaga unregistriert
|
|
ok, e fonken fun normaler diskusioun !
1. ech sin stuer, daat wees ech !
fierwaat ech rosen a stuer gin sin, hun ech erklärt
2.ech hun jo schon e beispill gin wei et (a mengen aan) deem besser entsprecht waat et soll heeschen
3. ech hun mein 1. post elo schon 10x geliess, a fannen net dat en esou eriwer kennt wei wann ech geng meckeren, siehe :
Zitat: |
Greets,
an nach eng keier, ech well keen démotiveieren oder seng arbescht schlecht machen, ech well just epes beidroen et (nach) besser ze machen !
greets !
deGaga |
also wei kloer soll een daat soen ???? ech wees net wei een daat kann falsch verstoen !
an fier besser ze interpreteieren, ech sin elo erm op gefillten +-90 eroof ! also net mei op 200 wei firun e puer post's !
an als läscht :
meng ! sin guer net : bäm prends ça ... se sin , wei gesoot, eng (villeicht schlecht) gewunescht well ech entweder en "!" oder en "?" hanenrt all saatz setzen fier dat en net falsch verstaan get !
Ech verspriechen der awer, ze probeieren et ofzegewinnen (wanns de weist wei oft ech der elo gemach hun, dei ech erem eweg gemach hun i)
an ech verspriechen der och mein 1ten post nach eng keier ze liesen, an falsl ech wierklech gesin dat do epes "negatives" wei en fierworf, eng kritik oder esou ze liesen as, dann stellen ech daat hei richteg !
sou, peace and love ... ech hun erem e puer kalorien verbrannt ... et wier net neideg gewiercht ...
|
|
03.06.2010 16:37 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Kleent
Nach eng Kéier:
En Selbtportrait... = eng Foto vun sech selwer
...wou een den Fotograf net drop erkennt = sprëch de Fotograf muss anonym sin / et däerf een zB net erkennen, daat den Gaga oder d'JADE op der Foto sinn.
MEE de Fotograf MUSS ob der Foto sinn...
Méi kann ech Iech leider net soen... wéinst bekanntleche Grënn vum Beaflossen.
Aaneschtes wéisst ech och lo net méi ze zielen...
Entschëllegt mech, ech gin op d'Terasse e Kaffi drenken an fir meng Hausaarbescht recherchéieren.
|
kuck:
1. Ech keinnt eng Passfoto fun mier heihin setzen, an just dei dei mech schon gesin hun erkennen mech, vill leit sin hei secher awer nemmen als "www-profil" bekannt !
2.Ech kann och eng Baby foto fun mier eropsetzen, et gesait een mein gesiicht, awer ween wees schon zu 100% ween daat baby mol gin as ???
3. Ech kann mein Kierper ouni Kapp duerstellen, keen erkennt mech, ausser ech weisen mein Reck, dann wessen verschiddener schon dat ech et sin !
(fun fier villeicht och dei, dei schon mat mier geduscht hun ?!? smile ) *joke* (fier dei dei et nie mierken)
4. Ech kann eng Foto fun mier, mat geiischt, postum verstellen, am PS, eng Karikatur souzesoen ! erlaabt ?
5. "maach en Selbstportrait" - "Et ass wierklech wichteg, daat den Fotograf NET ze gesin ass" also daat brauch jo wuel keen kommentar ?!?!?!? mei ondeitlech kann een epes net duerstellen !
|
|
03.06.2010 16:39 |
|
|
JADE
Kaiser
Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer
|
|
ah sou?
... ech hun naischt gemierkt vun Kalorienverloscht :-(
wann daat awer esou ass mam Kalorien verbrennen, dann well ech gaeren weiderdiskutéieren ... hun der Tonnen ze verléieren
(Offtopic, ech wees ...)
|
|
03.06.2010 16:41 |
|
|
Kleent
Administrator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 157
Herkunft: Echternach
|
|
Zitat: |
kuck:
1. Ech keinnt eng Passfoto fun mier heihin setzen, an just dei dei mech schon gesin hun erkennen mech, vill leit sin hei secher awer nemmen als "www-profil" bekannt !
2.Ech kann och eng Baby foto fun mier eropsetzen, et gesait een mein gesiicht, awer ween wees schon zu 100% ween daat baby mol gin as ???
3. Ech kann mein Kierper ouni Kapp duerstellen, keen erkennt mech, ausser ech weisen mein Reck, dann wessen verschiddener schon dat ech et sin !
(fun fier villeicht och dei, dei schon mat mier geduscht hun ?!? smile ) *joke* (fier dei dei et nie mierken)
4. Ech kann eng Foto fun mier, mat geiischt, postum verstellen, am PS, eng Karikatur souzesoen ! erlaabt ?
5. "maach en Selbstportrait" - "Et ass wierklech wichteg, daat den Fotograf NET ze gesin ass" also daat brauch jo wuel keen kommentar ?!?!?!? mei ondeitlech kann een epes net duerstellen ! |
Genau dorems geet et. Iwwerleen, recherchéieren, kreativ sinn ... du mess daat gutt
__________________
La vie, c'est vraiment comme le jazz. C'est mieux quand on improvise. George Gershwin
|
|
03.06.2010 16:49 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Merci Kleent,
also elo misst et kloer sin.
An am Fong wor et jo gut dat driwer geschwaat gin as, oder ?
An den Concours as an mengen Aan och net beaflosst gin...
Allerdengs muss ech nach engem äntweren :
BP, wanns du daat fier iwerflesseg hälls, brauchs de jo guer net mat ze diskuteieren, punkt.
an wanns de ze lidderech bass een Kommentar ze liesen, sierf nach mei lidderech an erspuer mer sou en iwerflessegen, off-topic kommentar ... esou epes brauch och keen ze liesen.
greets
|
|
03.06.2010 19:27 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von Gaga
BP, wanns du daat fier iwerflesseg hälls, brauchs de jo guer net mat ze diskuteieren, punkt.
an wanns de ze lidderech bass een Kommentar ze liesen, sierf nach mei lidderech an erspuer mer sou en iwerflessegen, off-topic kommentar ... esou epes brauch och keen ze liesen. |
Säi Kommentar war net off-topic. Dovun ofgesinn hun ech jo och en Kommentar vun dir net nach direkt gëschter Owend gelies. (Verständlech ass et awer schonn? wisou also net beim BP)
An vun dem ganzen ofgesinn sinn et d' Kleent an den BP déi sech ëm d' Konkueren këmmeren, déi zwee hun hei méi Recht ze äntweren wéi ech
__________________ 404 - Not found
|
|
03.06.2010 19:54 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
@Gaga: ech giff mengen ech hun mech zimlech KLOER hai aus der ->diskussioun<- erausgehaalen...
wei den Johny seet kemmeren Kleent an ech eis em dKonkueren - mee et as amfong egal waat mer maachen well allkeiers enstin doropshin hai laaaang Diskussiounen. Ech gesin den Senn dofunner net an, an hun mech dementspriechend enthaalen! ->enner Konkueren stin ALL Informatiounen dei een brauch fir matzemaachen...
(domat kiint een dann och argumenteiren dass dDISKUSSIOUN usech schons als off-topic ze defineiren wier....)
an wann dain Ziel war den Panther aus dem Käfech ze kreien...njah...nice try
Zitat: |
schéin ze gesin as awer dass den Forum liewt!! ;D
|
ps: BP als Oofkierzung.....as den moment jo net wierklech sou glecklech!!
<-now, that's what i call OFF-TOPIC!
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
03.06.2010 20:27 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Lauschter, et ass mer egal waat der draus macht, a wei der daat elo ophuellt ...
Ech hun eng "remarque" gemach, fà rdeg, ech mengen dei leit dei e bessen objektif sin an normalen menschenverstand hun, hu verstaan em waat et geht.
dei äntwerten dei ech kritt hun, sin fier mech ennert aller sau .. an ech hun mech natierlech duerch mein hetzkapp op deen nivreau eroof geloss
wann der elo mengt dier misst nach iergendepes do beifügen oder mengt, dier gengt mech elo derfun iwerzeegen dat ech dei sach falsch ugaangen sin ... dann denkt daat eben.
Dein Pefferkà r ech soll ufänken eng foto ze machen amplaatz ze diskuteieren, as mei wei flesseg , an dann och nach dei schlau remarque dats de mol net liess waat ech geschriwen hun, (och wanns de et mei speit mechs) an der dann erlaabs awer dorop ze reageieren, ob hand fun den äntwerten fun den aaneren, as e Witz an beiweist dei "selbstsecherheet" an wei iwerzeegt dats de schon fun denger positioun bass !
Ech hun jo gewisen dat de läschten Saatz an mengem 1ten Post schon ganz deitlech mecht dat ech net wollt meckeren ... kloer, ech hun gesoot et keinnt een epes anescht machen ! mais daat get dann direkt hei opgeholl wei wann een ierch weillt schlecht machen oder är arbescht net geng respekteieren, iergendwei sid der op engem trip, jiddereen ze veruerteelen wann et net sou geht wei der et gären hätt ...
du sees och "mier sin bis elo emmer ouni diskusioun auskomm" ... wei sennlos as daat dann erem, as dest dei eicht diskusioun hei iwert en concours ? nee !
et get mier all wuert hei verdreinnt, alles negativ opgeholl an et as keng spuer fun verständnis oder engem versuch mol ze verstoen waat ech probeiert huen ze machen, et get direkt veruerteelt ... weinst mengen "!" .... weinst menger persoun ... weinst iergendengem problem deen dier hud !
wann et mer scheissegal wier, wann ech alles geng schlecht fannen, mengs de ech wier dann hei ? mengs de ech geiff mer dann dei mei machen hei stonnenlaang ze schreiwen ? ech froen mech heiernsdo waat fier eng mehnung dat dier iwert dei aaner leit hei hud ... sech selwer a fro stellen brauch jo keen, mais t'art a weiss, et as net well et emmer erem heiernsdo richteg toperten gin dei wierklech nemmen alels schlecht machen an nemmen domm meckeren, dat all mensch esou as !
am endeffekt huet sech erausgestallt dat et net sou kloer wor, dat leit (aanerer wei ech) et och falsch verstaanen hun, awer daat elo zouzegin, neeee ... wouhier
lo get einfach nemmen drop geklappt dat ech mech provozeieren gelooss hun, ech hun mech jo lo opgereegt, also sin ech awer deen beisen !
ech stin gottseidank dodriwer, geheit mer fier waat der wellt, ech hun elo endlech eng à ntwert, all mensch deen den contest well matmachen huet elo eng genau idee waat gefroot as... daat wor mein ziel !
et as just traureg weieen wee daat ganzt emmer muss goen !
sou, fuert elo weider mer ze soen waat ech alles falsch gemach hun ... an vergiesst net allem aus de feiss ze goen waat iergendwei keinnt weisen dat ech awer villeicht net onrecht haat !
scheinen daag nach !
|
|
04.06.2010 10:26 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
also ech denken, dat dat méi wäitgehend ze verstoen ass, zb. däin Schiet ...
Du bass net ze gesinn oder erkennen, mais et gesäit een dech ...
als Beispill. natierlech ginn et do vill Méiglechkeeten.
oder du méchs eng Foto vun engem Dokument, zb en Acte de naissance, eppes wat ganz kloer dech "duerstellt" (administrativ gesinn), et kann keen aneren doduerch erkannt ginn ... awer du bass net physesch ze gesinn.
sou denken ech misst et sinn, natierlech ginn et do nach dausenden Méiglechkeeten.
Ass bestëmmt ganz interessant, wat ech ni bezweiwelt hunn !
PS : den neien lux-spell-checker ass super, mais elo gesäit een mol wei grausam schlecht een lëtzebuergesch schreift !
|
|
04.06.2010 10:58 |
|
|
JADE
Kaiser
Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer
|
|
|
04.06.2010 11:02 |
|
|
JADE
Kaiser
Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer
|
|
nee, carte d'identité och net well do erkennt een dech jo
jo, Burka oder Niqab ass gutt! ... bon, ausser du heeschs Pinocchio an hues graad déck gelunn
|
|
04.06.2010 11:19 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
hmm mir haaten usech un Fotoen geduercht wou den Fotograf selwer drop as awer net ze erkennen as.
op engem Selbstportrait as usech per Definitioun eng PERSOUN drop, mee vue dass mer hai eis all kennen wier et gudd wann dStemm net un een Gesiicht vergin geiff gin mee un eng kreativ Emsetzung fun enger anonymer Foto!
wei dei Emsetzung am Detail ausgesait as FRAI dem Fotograf IWERLOSS, allerdings sollt een dIddi derhannert, neemlechen een PORTRAIT net aus den Aan verleiren! an drun denken dass een aneren mat enger Delete-Tast nik onbedingt fill kann ufenken... (och wann dei puer dei et verstaanen hun sech köstlech ameseiert hun
)
an wei bei all Kontest gelt: mir sin een FOTOGRAFEN-club, keen PHOTOSHOP-club! ;p (et muss schon eng FOTO gemaach gin sin....)
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
04.06.2010 11:36 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Merci,
lo wäert sou lues keng falsch Interpretatioun méi méiglech sinn ...
|
|
04.06.2010 11:45 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
Themenstarter
|
|
Zitat: |
Original von BlackPanther
hmm mir haaten usech un Fotoen geduercht wou den Fotograf selwer drop as awer net ze erkennen as.
op engem Selbstportrait as usech per Definitioun eng PERSOUN drop, mee vue dass mer hai eis all kennen wier et gudd wann dStemm net un een Gesiicht vergin geiff gin mee un eng kreativ Emsetzung fun enger anonymer Foto!
wei dei Emsetzung am Detail ausgesait as FRAI dem Fotograf IWERLOSS, allerdings sollt een dIddi derhannert, neemlechen een PORTRAIT net aus den Aan verleiren! an drun denken dass een aneren mat enger Delete-Tast nik onbedingt fill kann ufenken... (och wann dei puer dei et verstaanen hun sech köstlech ameseiert hun
)
an wei bei all Kontest gelt: mir sin een FOTOGRAFEN-club, keen PHOTOSHOP-club! ;p (et muss schon eng FOTO gemaach gin sin....) |
Daat war kloer an daitlech..., Merci BlackPanther!
__________________ Laurent
|
|
04.06.2010 13:53 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
|
|
Also lo wollt ech hei am Forum eng kleng Fro zum aktuelle Concours opwerfen, (an zwar genee dei selwescht wei dei wou de Gaga opgeworf huet) an du sin ech op desen Thread gestouss...
Ech wees dat mettlerweil d'Fro beaentwert ass, d'Diskussioun am Fong keint rouhe gelooss gin, an aawer well ech mech hei trotzdem äusseren!
Ech fannen et schued dat de Gaga hei sou "ugemotzt" gouf, well hien wuel e puer Ausrufezeechen zevill benotzt huet (waat mir perseinlech emmer mat de Smilyen geschidd an wou een menger Meenung no muss driwwer wegkucken wann een an enger online Community matwierkt wou souvill verschidden Menschen man genee souvillen Schreif Art a Weisen openeen stoussen) a seng eigentlech Fro domadder direkt ennergebottert gouf.
Ech si secher net deen deen alles op de Punkt genee muss beschriwwe kreien fir kennen "kreativ" ze gin, allerdengs war och fir mech absolut net kloer, souguer widdersprechlech, waat an dem "'Enoncé" vum Concours steet.
Ech fannen net dat dem Gaga seng Fro iwwerflesseg war, ech haat dei selwescht Fro, an aus deenen ville verschiddenen Aentwerten dei dun aawer an der Diskussioun opkoumen ass och ganz kloer an daitlech gin dat de gros vun de Leit d'Thema och mol einfach falsch verstaanen haaten.
Wou ass elo do de Problem? Wisou muss een dofir direkt perseinlech gin, een ugreifen, engem soen e soll sech Gedanke maachen a mol selwer drop kommen waat gemengt ass?
Ech sin der Meenung hei huet net de Gaga sech derniewt beholl... hien huet eng kloer Fro gestallt an reischt drei Thread Saite weider och eng kloer Aentwert kritt. Wou ass de Problem engem einfach ze soen: "ok, do ware mer bessi ondeitlesch" 'net ze erkennen' an 'net ze gesin' sin zwee allee puer Schong an mir missten vlait eisen Enoncé deemno bessi adapteieren " (ee Wuert aenneren vlait?) am PLaaz direkt op Saazzeechen ze pochen dei jo guer neicht mat der Diskussioun ze din hun. (ech wees och dat heinsdo de Toun d'Musik mecht mee am geschriwwenen ass daat sou eng kriddleg Saach dat ech emmer eischter dervun ausgin dat et NET beiss gemengt ass!)
Ech fannen et op alle Fall schued dat sou banal Saachen da sou mussen ausaarten fir dat am Endeffekt aawer ganz kloer derbai erauskennt dat dei Fro berechtegt war. Wann de BP an d'Kleent sech em Concoursen kemmeren wier et dann net mei einfach och si dei nexte Keier bei sou enger Fro direkt dei richteg Aentwert heihinner schreiwen ze loossen am Plaaz dat do dann nach lauter aaner Leit eppes zou schreiwen waat si jo anscheinend och net wiirklech richteg verstaanen hun an dann fir nach vill mei konfusioun an Opreegung suergen.
A Kritik, Froen an Diskussiounen sin menger Meenung no dach genee daat wouvun Internet, an virun allem ee Site wei PG dach nemme liewen oder ieren ech mech? Si mer net all hei fir un Diskussiounen deelzehuelen? (wisou geet ee soss an ee Forum stöberen?) fir eng Kritik ze kreien oder ze gin (bei Fotoen, mee wisou net och bei aaner Saachen?) a fir vuneneen ze leieren an eis Auszetauschen...
Wei scho gesoot... den Toun mecht d'Musik, an daat gellt fir jidfereen!
meng 5 cent...
Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von spako am 05.06.2010 17:24.
|
|
05.06.2010 17:09 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Du iwwerdreiws zwar lo mat der Saach mat den Ausrufezeechen ... ech hun em gesot an erklärt wéi et eriwwer kënnt fir dass e versteet wéi muench Leit seng Kommentaren wuel opgeholl hunn. Ech hun en dach net ugemaach, vum Thema ofgelenkt oder sou dowéinst, et ass falsch dat elo sou ze dréinen. (Dovun ofgesinn huet e jo och selwer gesot e wéisst dass en se zevill notzt...)
__________________ 404 - Not found
|
|
05.06.2010 17:24 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
|
|
Jo vlait, oder secher ass et iwwerdriwwen..
mee sou hun ech DAIN Kommentar opgeholl an et dir dann soumat och gesoot... daat ass och net beiss gemengt et ass einfach sou wei ech dei ganz Diskussioun empfonnd hun... wei sou oft am Internet gi Saache falsch verstaanen a gestridde wou am Fong mol keng Uersaach ass ze streiden.. ech well och net streiden...
wei scho gesoot.. wisou net einfach direkt dei Leit Aentwerte loossen dei och d'Aentwert op dei Fro richteg wessen... et muss een net emmer sai Pefferkaer derbai gin... (waat ech hei zwar lo och gemaach hun..)
ech sin ee Korrinthekacker ;-) aawer et ass net beiss gemengt! :-)
|
|
05.06.2010 17:35 |
|
|
|