pitchul
Mitglied
Dabei seit: 14.08.2007
Beiträge: 27
|
|
Moien alleguer,
Ech hoffen dass ech hei am richtegen Deel sinn
Ech hunn grad eng Foto erofgelueden déi net acceptéiert ginn ass. Ass rare, mä do géif ech awer gären den genauen Grond kennen. Wär dat méiglech ?
Ech soen iech Merci
Hei d'Fotoe :
Manu
|
|
14.06.2010 19:20 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
ech sin keen admin, me et ass vill op der foto drop déi d'foto nët opwert (den rietsen deel) an dain villchen weist eis och nët déi ganz interessant sait, sou dass et sech fir mëch vertrieden léisst dass d'foto rejetéiert gin ass, sou grenz eben....
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von xaph32 am 15.06.2010 08:49.
|
|
14.06.2010 20:05 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Ech sinn elo ob der Minutte fäerdeg mat den Fotoen kucken déi säit gëschter eropgelueden goufen. Do sinn mir komplett onscharf Bibbien, onscharf Beien an een Ziggenpack mat Kacka drop virun d'Aen gesprongen.....!
Do wär mir den Spatz awer méi sympathesch gewiescht...., zemools wann ech se mat den Zigaretten vergläichen.
Mee wei ëmmer, a-d-g, ech kann den pitchul awer verstinn...
__________________ Laurent
|
|
15.06.2010 08:23 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
tjo, all admin huet eben eng aaner visioun...
dat gesin ech jo am flickr wou ech admin spillen, déi eng si méi krass, eng aaner kéier ass een midd an onfair (dat sollt zwar nët geschéien) me kënnt ëmmer rëm fir etc an heiansdo wënkt een eng duerch an et freet een sëch den daag drop virwat...
ass nët ëmmer einfach
|
|
15.06.2010 08:52 |
|
|
Nemo
Jungspund
Dabei seit: 27.08.2008
Beiträge: 15
|
|
Obwuel déng Foto, am Geigesaatz zu aneren, scharf as: Et as kee KAKA drop Pitschull....
Da wees d'et fir next Keier : einfach warden bis de Villi sain Kéipchen gedréckt huet an dann ausléisen....
--> net béis huelen alleguerten, mee konnt mer et einfach net verknäifen.....
Nee, mee lo mol seriö, et kënnt alt mol viir. Mee net dovunner ofhaalen loossen weiderhin gudd Biller ze machen. Haat och gemengt mech gecht driwer opzereegen, mee am Nachhinein (a wann ech gesinn wat fir eng Emeuten sou en Thread kann ausléisen) as et d'Saach net weart.
A wann ech awer eierlech sin, gëtt jo awer de Gros vun den Fotoen hei ugeholl a gewisen, deemno as bei 10 Fotoen een Schlag an d'Waasser duerchaus ze vertrieden ;-)
|
|
16.06.2010 15:59 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
salut alleguer!
ech sin den refusator vun der foto
ech kann novolzéien wéi dat as wann een eng schéi foto refuséiert krit. an ech mengen ech well méng decisioun folgendermoosse verteidegen:
iwwert déi foto mam schäiss kann een sech opt mannst opreegen
déng foto as schaarf, flott beliicht, propper. trotzdem fehlt de bléckfang.
méi krass ausgedréckt: deen eenzege plus deen se huet as deen dass se net schlecht as (krass ausgedréckt)
ech kucke bei refuséierte fotoen emmer ween se gemach huet a kucke mer och 't galerie vun deem fotograf nachengkéier duerch. deemno as et e kompliment wann ech se refuséieren, well dat jo heescht dass ech mer -opgrond vun dénger vireschter leeschtung- méi erwaarden.
déng foto as net schlecht. se giff och kommentarer kréien, mee déi giffen däer(!) net weider hëllefen.
apropos admin an esou: mäer sin alleguer nemme mënschen. mäer sin eis als team eenz dass mer dat och bleiwen. vir 't aktivéierunge vun aneren administratoren kann ech näischt, mee ech huelen hier entscheedungen un, sou wéi ech engem säi strenge kommentar op méng foto unhuele muss. natiirlech get et do en ennerscheed, mee ech mengen dee get awer vum team erkannt a respektéiert.
@pitchul
wéi gesot: keen zweifelt un dénger leeschtung. ech si just däer meenung dass du et net néidech huet eng "normal" foto ze weisen.
__________________
|
|
16.06.2010 16:23 |
|
|
Nemo
Jungspund
Dabei seit: 27.08.2008
Beiträge: 15
|
|
Majo, de Refusator (mega deen Titel...
) huet geschwat.
Du hues an puer Sätz d'Saach op de Punkt bruet an eng sachlëch Erklärung gin dei net ze mëssverstoen as. Sou ka jidfereen novollzeien weieng Critèren mussen erfëllt gin a wisou dei eng oder aner Foto refuseiert gëtt.
Genau dat war et wat ech duerch main Thread (--> Auswahlkriterien) wollt wessen.
An deem Senn, merci gesot
|
|
16.06.2010 16:33 |
|
|
pitchul
Mitglied
Dabei seit: 14.08.2007
Beiträge: 27
Themenstarter
|
|
@MarcGerard
Merci, elo verstinn ech vierwaat
Ass fein
Ech sinn selwer "Screener" op engem Flieger site (jetphotos.net) an "screenen" a puer honnert Fotoen den dach, also verstin ech dech och gutt
Zitat: |
ech si just däer meenung dass du et net néideg huet eng "normal" foto ze weisen. |
Elo ginn ech awer ganz rout
Manu
|
|
16.06.2010 16:44 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
ok, ech hoffen dass méng äntwert kee getrëppelt huet, an dass esou eng refuséierung net zevill an de falschen hals geréid. ech si vir e friddleche site wou acceptéiert an nogelauschtert get wann een sech ongerecht behandelt villt (oder wann een ongerecht behandelt get). dovir fannen ech et gudd wann een sech hei am forum melld bei sou engem problem. soss hätt ech gue net eréicht reagéiert wann et mer nemmen dorems geet mäin job als aktivator/refusator no méngem wellen duerchzezéihen.
den challenge a séngem hobby emmer besser wellen ze gin an net stoen ze bleiwen as gesond a mecht spass. soulang et kee konkurrenzdenke get
__________________
|
|
18.06.2010 00:07 |
|
|
suraki
Doppel-As
Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149
|
|
Pitchul, kuck ennen d'Diagonal vun der Trap an fuer a Gedanken bis bei d'Broscht vun dengem Villchen. Dat ass den Punkt wous de den iewechten Deel kanns ewechgeheien.
En Panorama, wous de nëmmen d'Patten an de Schwanz geséis, an dee mer selwer immens gutt giff gefalen. Mach et ewéi ech an hal der Blat virdrunner
Marc, wat sees de, häss de se esou och refuséiert ? ... ech menge net
|
|
18.06.2010 23:42 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
100%
__________________
|
|
19.06.2010 21:16 |
|
|
|