dr_kim_veis
Tripel-As
Dabei seit: 10.01.2009
Beiträge: 157
|
|
...as jo emmer gudd fier den geescht fresch ze haalen. Darkroom haat mer en kommentar ennert e bild vun mier geschriwwen deen ech e bessen arrogant fonnt hun an dun hun ech mech e echaufeiert an daat heiten geaentwert:
"Ech wees ech sollt mech net opreegen iwwert sou en quatsch mais heiansdo frustreiert mech esouvill arrogant dommheet.
Ech keint och dei milliardsten versioun vun banalen blummen makroen maachen oder nach eng keier en scheinen HDR vun der philharmonie oder en geeschtlosen concerts-shot. An jiddfereen geing soen:oooooh, schein faarwen, schein schaerft, super cadrage, bla bla bla...
An ech keint komplett ignoreieren dass all dei eegenschaften nemmen dovunner kommen dass ech total iwwerdeiert material mat mer ronderem schleefen an dass den artisteschen input vun mier selwer absolut null as an dass ech absolut naischt baigedroen hun ausser deen klengen knaepchen ze drecken. Dass ech esouguer der Konscht schueden well d'photographie banaliseieren.
An dann keint ech mech relax zereckleen, mier selwer op d'scheller klappen an op alles eroofkucken waat sech net dem mainstream ennertwerft sou wei ech, well daat as jo alles net sou wei et SOLL sin...
Et geet mool net drem ob der eppes gefaellt oder net. Iwwert lieweg konscht kann an soll een streiden. Soubaal iergend een message, iergend een inhalt do as kann an soll een streiden, mais dei ignorant baueren attitude, dei reegt mech heiansdo op.
Waat fier mech wichteg as (an ech gin zou do kann jiddfereen aaner meenungen hun...) as dass een op as fier ongewinnten saachen an dass een och wann engem eppes net gefaellt op manst respekt dofier opbrengt dass een et probeiert huet fier mool eppes neies ze maachen..."
Daat keint en interessant Thema sin fier diskussioun. Vlaicht huet jo een eppes dozou ze soen.
Scheinen Bonjour,
Dirk
|
|
11.04.2011 16:34 |
|
|
DarkRoom
Mitglied
Dabei seit: 08.03.2011
Beiträge: 28
|
|
RE: E bessen Kontroverse... |
|
JO - ECH
An ech denken net dass de meng Äntwert nach geliess hues iers de d'Foto geläscht hues (an och wanns de mier elo wahrscheinlech am leifsten den Hals emdrei'en geifs : mee, daat - alles ze läschen - fannen ech feig !)
Ech hun dir ennert deng Foto geschriwwen :
daat doten kann nemmen en Insider sin, ech kann domadder och näischt ufänken (obwuel ech wees waat en Kindchenschema ass)
Also, kannst de mer emol verrooden waat ech esou spezielles gesoot hun fier esou eng reaktioun ze provozeieren ?
|
|
11.04.2011 16:41 |
|
|
dr_kim_veis
Tripel-As
Dabei seit: 10.01.2009
Beiträge: 157
Themenstarter
|
|
sorry, darkroom, ech hun iwwerreageiert an daat war onraif vun mier an et deet mer leed. Ech entschellegen mech.
Mais daat thema insgesamt fannen ech valabel an der waert dass driwwer diskuteiert gett. Et kennt mier heiansdo fier wei wann konformismus ermutegt gett an innovatioun bestrooft.
Maachen mier all fotoen fier op d'scheller geklappt ze kreien oder fier eppes ze erzielen?
|
|
11.04.2011 16:50 |
|
|
DarkRoom
Mitglied
Dabei seit: 08.03.2011
Beiträge: 28
|
|
Ass ugeholl
Just nach eng Keier kurz zereck op d'Foto
Op mäin Post hin hun ech eigentlech op eng Erklärung gehofft, well obwuel d'Jade eng gudd Erklärung fier Kindchen-Schema gegoogelt huet, konnt ech hei keen Zesummenhang teschend denger Foto an dem Titel gesin (obwuel aanerer gemengt hun : gudd gesin)
Zum Thema
Ech schreiwen hei am PG am grousse ganzen eigentlech nemmen just Kommentarer wann mer eng Foto aus deem engen oder aaneren Grond entweder gudd, oder eben net gefällt.
Daat op d'Scheller geklapps daat hun ech awer elo gudd gemeet ass guer net menges. Och deenen typeschen 08/15 & goldener-Schnitt-Fotoen kann ech net vill ofgewannen.
Ech muss och soen, et enttäuscht mech schon e bessen dass et hei keng richteg Foto-diskussiounen gin.
An aaneren Foren an deenen ech ageschriwwe sin klappt daat jo och wonnerbar. Dei eng gin hiert Wëssen weider, dei aaner léieren eppes derbäi (oder och net, je no Charakter).
Daat heescht awer elo och net dass daat waat ech, oder de Jempi oder Pitti & de Poli soen, absolute richteg ass. Et ass just eng subjektiv Meenung vun demjeinegen deen sech d'Bild grad ukuckt.
An konform ? Waat ass konform ?
E Bild oder eng Foto kann wéinst menger alleguerten d'Regelen an der Fotografie briechen ... wann ech méi wei 10 Sekonnen derbäi "hänke" bleiwen, dann ass d'Ziel vun enger gudder oder enger interessanter Foto fier mech schon erreescht.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von DarkRoom am 11.04.2011 17:25.
|
|
11.04.2011 17:23 |
|
|
dr_kim_veis
Tripel-As
Dabei seit: 10.01.2009
Beiträge: 157
Themenstarter
|
|
wei gesoot et war en allgemengen frust deen sech an laeschter zait bei mier opgebaut huet well ech d'gefill haat dass 0815 fotoen deen meeschten feedback kreien an dass wann een probeirt aus deem schema erauszegoen (an ech mengen net schlecht an oniwwerluechten fotoen) een meeschtens keng reaktioun kritt oder just en oniwwerluechten standard sproch. Leider war ech sou domm et bei dier erauszeloossen an daat deet mer leed mais sou saachen gescheien.
Egal. Ech hun en aehnlechen frust schon e puermool hei an den diskussiounen gesin an et schengt net esou einfach eppes dorunner ze aenneren. Trotzdem as et wichteg sech daat duerch den kapp goen ze loossen well ech och d'gefill hun dass vill leit dei gudd fotoen maachen an zuer community keinnten bai droen net mei hei sin.
Ech denken net dass iergendeen speziell eppes falsch mecht mais et misst een awer mol driwwer nodenken...
|
|
14.04.2011 20:36 |
|
|
Schluck
Doppel-As
Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114
|
|
Nodeems ech mech hei duerchgelies hun froen ech mech froen ech mech ween hei arrogant ass, d'Darkroom oder du. Ech hun dei Photo och gesinn an ech konnt och naischt innovatives oder photographech interessantes dran erkennen den Titel Kindchenschema woar och nët immens mais bon ... dat ass jo dein Point de Vue.
Mais kommen mer ob den Punkt vun dengem Post hei wou ech meng 0.02$ wollt beinleen:
Zitat: |
Ech keint och dei milliardsten versioun vun banalen blummen makroen maachen oder nach eng keier en scheinen HDR vun der philharmonie oder en geeschtlosen concerts-shot. |
Wann dir dei Stiller vun Photographie nët gefaalen dann ass dat deng Sach an wanns du sou Sachen nët wëlls machen ... fein, awer w.e.g. du brauchs awer dofir nët doriwwer hierzefallen nëmmen wëlls du Kritecken bei engem Bild kritt hues dei der nët passen. Ass ët dann wirklech esou hei
Vun geeschtlosen concerts-shots ze schwaetzen fannen ech eng Frechheet well ech geif mol soen dass du vun Concertsphotographie keen blassen Schimmer hues an keng Ahnung hues vun wat's de schwaetz ... wei schweier ët ass iwwerhaapt ee puer brauchbar Biller mat heemzebrengen.
Du hues absolut null Affloss ob d'Beliichtung, du hues drei Lidder Zait fir ee puer gudd Biller ze machen an muss der dei anstaenneg Platzen am Pit mat 15-20 anneren Photographen deelen.
En plus muss de nach all Concert unfroen an oft kriss de gann wann meiglech deen selwechten Daag gesoot ob's de iwwerhaapt daerfs Biller machen.
Och nach folgendes:
Zitat: |
An ech keint komplett ignoreieren dass all dei eegenschaften nemmen dovunner kommen dass ech total iwwerdeiert material mat mer ronderem schleefen an dass den artisteschen input vun mier selwer absolut null as an dass ech absolut naischt baigedroen hun ausser deen klengen knaepchen ze drecken. Dass ech esouguer der Konscht schueden well d'photographie banaliseieren. |
Also d'Material waat een benotzt haengt mol ëmmer dovunner off firwat's de et gebrauchs. Ech gin der Secher recht dass de fir 95% vun den Biller keen deiert Material brauchs, mais wann's de zb. Concertphotographie machen wëlls brauchs de Heich ISOën an Objecktiver mat groussen Blenden, besonnech am Rock/Metal bereich wou nawell zimmlech vill Bewegung ass an's de emm kuerz Verschlosszaiten nët dolaanscht kënns. Et waert jo awer nach jidderegem selwer iwweloos sinn weivill Geld een wëll/kann an sein Hobby investeieren oder muss een dofir hei och neierdeng Rechenschaft offleen?
Zitat: |
wei gesoot et war en allgemengen frust deen sech an laeschter zait bei mier opgebaut huet well ech d'gefill haat dass 0815 fotoen deen meeschten feedback kreien an dass wann een probeirt aus deem schema erauszegoen (an ech mengen net schlecht an oniwwerluechten fotoen) een meeschtens keng reaktioun kritt oder just en oniwwerluechten standard sproch. Leider war ech sou domm et bei dier erauszeloossen an daat deet mer leed mais sou saachen gescheien. Egal. Ech hun en aehnlechen frust schon e puermool hei an den diskussiounen gesin an et schengt net esou einfach eppes dorunner ze aenneren. Trotzdem as et wichteg sech daat duerch den kapp goen ze loossen well ech och d'gefill hun dass vill leit dei gudd fotoen maachen an zuer community keinnten bai droen net mei hei sin. |
Den Problem ass jo awer och dass d'Leit keng Krittik mei verdroen an leiwer Hunneg ëm den Mond geschmiert kreien. Wann een eppes negatives iwwert een Bild seet ginn se glaich an d'Loft, fillen sech gemobbt oder läschen d'Photo an ginn hierer Wee.
Waat soll een dann nach annechters soen ...
|
|
15.04.2011 11:31 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Kunst hat mit Geschmack nichts zu tun. Max Ernst
souvill mol zu dem thema
wou ass den i like button fir em Schluck seng äntwert?
|
|
15.04.2011 11:54 |
|
|
dr_kim_veis
Tripel-As
Dabei seit: 10.01.2009
Beiträge: 157
Themenstarter
|
|
Sorry Schluck mais ech verstin dech net.
Du sees zu mier ech geing keng Kritik verdroen an dann schreiws de eng hallef sait fier iwwert mech hierzefaalen obwuel ech neierens eppes vun dengen fotoen geschriwwen hun. Du bas et deen den bezug ob deng fotoen gemaach huet net ech. Du fills dech ugegraff obschons ech net vun dier mais allgemeng geschriwwen hun. Ausserdem: Ech hun extra meng aussoe qualifizeiert an deems ech "geeschtlos" fierdrun geschriwwen hun. Dass du daat ob dech bezitts as eischtens net meng schold an zweetens seet et mei iwwert deng eegen onsecherheet aus wei iwwert mech. Am geigensaatz zu mier hues du main Wierk ugegraff mais bon: have a go!
Op d'thema bas de net agaangen!
Ech widderhuelen d'Fro: Geet et eis doremmser fier eppes ze maachen waat schon honnert aanerer gemaach hun, just mei schlecht, oder wellen mer eppes baidroen, eng geschicht erzielen oder waat och emmer. Wei kann een photogen mei breed opstellen sou dass souwuel avanceiert leit wei ufaenger et interessant fannen. An ennert avanceiert verstinn ech all dei leit dei sech wierklech mei gin eppes spezielles op d'been ze stellen och wann et riskeiert mool schief ze goen. Ech haat mer eng konstruktiv diskussioun erhofft, keng kannereien.
Arroganz?
Du nenns et eroofloossend arroganz, ech nennen et gesond ambitioun an sech net mat all quatsch zefridden gin. Ech hun esouvill hei um site geleiert mais net vun leit dei einfach nemmen knipsen an heihinner kommen fier sech geigensaiteg op d'Scheller ze klappen. Jiddfereen deen sech e bessen mei gett fier eppes ze kreeieren huet main respekt. Doremser geet et dach, oder?
Et gett hei leit dei sech mat klengen Bletzer amuseieren an genial ideen emsetzen. Et gett leit dei fantastesch Landschafts-fotoen opstellen. Et gett hei leit dei stilbildend waren/sin. Merci un iech all! Wei kann een dei leit hei haalen? Wei kann een mei oppen gin ouni et fier ufaenger oninteressant ze maachen?
Ech hun nie gesoot dass een mat concerts-photoen net kann an nei dimensiounen vierstoussen mais weis du sees, ech kennen mech domadder net aus. Daat wier dann eischter un dier.
Ech gin zou meng aart-a-weis fier d'diskussioun ze starten war net optimal mais ech war transparent an ech hun mech entschellegt.
An wanns de lo denks du misst nach eng keier perseinlech gin dann brauchs de net ze erwaarden dass ech dorobber aentwerten.
e scheinen daag.
PS.Schlimpitz, dain kommentar hun ech och net verstaanen. Et schengt ech sin e bessen bloed...
|
|
15.04.2011 19:14 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Waat hues de dann do drun net verstaan?
|
|
15.04.2011 21:58 |
|
|
Schluck
Doppel-As
Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114
|
|
Also ech hun mech och guer net perseinlech ungegraf/ungesprach gefillt, mais waat mech einfach steiert ass dass de einfach ungefangen hues Stieler als langweileg oder geeschtloss offzestempelen. Ech hun iwwerhaapt keen Bezug ob meng Photoën gemach, lies dat wat ech der geschriwwen mol nach eng keier ....
Ech machen mein Deng an eierlech gesoot ass ët mir egal ob engem hei ob Photogen meng Photoën gefaalen oder nët ... dem se net gefallen brauch se net ze kucken.
Wat mech gesteiert huet ass wei's de iwwet Macro- an Concertsphotographie hiergefall bass an och dei materialistech Diskussioun dei ech och an engem anneren Thread gelies hun.
Zum Thema: Lo mol eierlech, wei wells de vun engem Unfänger verlaangen dass hien hei direkt Meschterwierker produzeiert. Du als Betrachter hues villeicht schon dei 100. Versioun vun der Philo, CT or whatever gesinn an ëmmfënns dat als langweileg ... mais den seng Versioun vun der Photo mecht, den mëcht se nun mol fir d'eischt. Hien setzt ze dann hei ob den PG an kritt dann entweder 0 Kommentar oder gesoot ... "schon erem eng Photo vun hei an do". Wann soll dat dem dann hëllefen eppes beizeleieren ??
Wat ech bei villen leit allerdengs nët verstinn ass, dass een net mat Kritik kënnen emgoën ... mais och dat ass eppes wat een muss leieren.
Ech perseinlech wier mol frou wann hei mol an den Kommentaren ërem geif mei konstruktiv diskuteiert ginn, mais dat ass nun mol leider net mei de Fall. Ech sinn zwar frou wann een mer schreift dass een meng Photo gudd fënnt (ween net?) mais ech wier och mol frou wann een mer och geif soen wat ech keint besser machen, well doduerch leiert een bei ... net duerch gebauchpinsels an schëller geklapps.
Ech hat/hun och net wëlles dech perseinlech unzegreifen, ech kennen dech net an ech hun och keng Loscht mat dir ze streiden ... dat brengt naischt an ech hun besser Sachen ze din.
Menger Mehnung gët de PG ee bëssen d'Opfer vun sengem egenen Erfolleg (zevill Photoën, zevill Leit) an menger Mehnung dreit och dei Facebookmetaliteit vun haut dozou bei dass d'Qualitiet vun den Comments offhëllt. En plus huet een net d'Zait fir jidderengem eng detaileiert Analyse ze schreiwen bei der Mass vun Photoën hei um Site.
Villeicht wier ët eng Idee den Site an verschidden Niveauën anzedeelen, wou een sech kann progressiv verbesseren an erobschaffen ... eventuell mat Mentoring/Coaching mais wei ëmsetzen, vun der Aarbëscht vir ët ze programmeieren guer net ze schwaetzen.
Dieser Beitrag wurde 4 mal editiert, zum letzten Mal von Schluck am 16.04.2011 11:57.
|
|
16.04.2011 02:18 |
|
|
dr_kim_veis
Tripel-As
Dabei seit: 10.01.2009
Beiträge: 157
Themenstarter
|
|
|
16.04.2011 17:30 |
|
|
Mika
Doppel-As
Dabei seit: 03.03.2007
Beiträge: 143
|
|
Lo wou daat ganzt mol bessen um laafen ass, kommen och puer gudd Diskussiounsusätz raus
Waat ech denken, bei Fotoen vun der CT oder Philharmonie...ok et dierfen der nach ropgelued ginn. MEE wanns du dohinner gees, eng Foto vum Kwitch, Shanti oder wees Gott ween zu 99,5% kopéiers, fannen ech nitt dass si héihinner gehéiert. Daat ass neemlech keng Leeschtung méi fir mech. Ok, du hues eppes beigeléiert duerch imitéieren, mee du hues da kee Recht op konstruktiv Kritik...
Soss fannen ech ganz gudd analyséiert, Schluck, dass Photogen u sengem eegenen Erfollech leit. Dofir sinn ech scho säit laangem dofir, dass einfach méi häert sélektionéiert gett. Dofir gett Photogen nitt onbedingt eng Säit fir méi avancéiert Fotografen, waate vill Leit hei schingen ze fäerten! Um Ufank kruut ech ganz vill Fotoen refuséiert, wou de Johny kuerz kommentéiert huet, do feelt Bildopbäu, do feelt Technik, beschäfteg dech bessen dermat. Irgendswann hunn ech et och gemeet, an wou bis di éischt Fotoen aktivéiert wäeren, hunn ech och gemierkt, waat heen giff mengen! Duerch déi Phase muss einfach jidereen, an een deen d'Flemm kritt, well en 2 Fotoen refuséiert kritt huet menger Meenung no näischt héi verluer.
Daat mam Mentoring "organiséieren", fannen ech keng sou eng gudd Saach. Daat ass soss emmer vum selwen gelaaf, mee mettlerweil sinn vill Leit verjoot ginn. Et giff menger Meenung méi hellefen, wann eben manner Fotoen mat méi Qualitéit um Site wieren.
Och d'Niveau'en...hmm...ech hunn et soss grad flott fonnt, meng Fotoen neewt Fotoen vum gloda oder sou ze fannen
Waat och villäicht helleft, ass wann ee Minimum un Wierder bei engem Kritik musse geschriwwe ginn? Da giffen mol puer Remarqu'en, wi: fannen ech ganz flott, wechfaalen. Da muss deen, deen d'Kritik schréiwt sech wéinstens puer Gedanken maachen, firwaat en d'Foto gudd fonnt...
|
|
17.04.2011 13:57 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
hey dirk, sin jo guer nët gewinnt dass de sauer kanns gin? ;-)
looss dëch nët vum schluck provozéiren, hien huet déi nummer do well eng kéier mam spontanen photoshoot duerchgezun, et ass "immer mal wieder", an eng vun e puer ursaachen firwat ech praktësch naischt méi roplueden. well all gudden usatz op dat lo eng gudd gemengten kritik ass oder soss eng positiv inititiativ ass, iergentwéi ëmmer boykottéiert gin an een d'loscht eben einfach verléiert...
|
|
18.04.2011 11:39 |
|
|
Schluck
Doppel-As
Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114
|
|
Ech wollt iwwerhaapt keen provozeieren, ech hun den Thread hei net ungefangen. Lo muss de mer awer erklären wat hei den "Spontanen Photoshoot" domatt zedinn huet ??
|
|
18.04.2011 13:08 |
|
|
gi87 unregistriert
|
|
Do gin ech da vollkomen recht Schluck, dat mam Maetrial souwei och mat den Anlaysen iwert Photoen hei um Site..
Vun verschiedenen Leit gett een Direkt ofgestempelt wan en eng Deck kamera heut, an get awa nie gefrot wisou een se heut, ech perseinlech leen op ordentlech Fotoen vill wärt well ma den Hobby och immens um härtzen leit an ech emmer eraus gin mat engem Chelleng am et besser ze man, mech ze entwecklen, an grad do evolueeirt engem seng Ausrüstung och mat, mat da Zeit an da Erfahrung...
Mein material ass bewosst ausgewielt vir meng Sujen wou ech fotografeieren, kloer sin ech ma och bewosst dass ech dei maschine net zu 100% wert ausnotzen..
mee halt notzen ech dat wat ech brauch vun dem Outil!
Zu de Comments zu de Photoen hei fannen ech et weiss du et och schon soos, et helt keen sech hei wiekleg zeit engem seng Biller ze analiseieren an konstrucktiv ze kritiseieren oder ze komenteieren!
Oft gesin ech hei Fotoen dei Duerchschnettlech gud sen dei dan 400 views hun obemol an keen heut e Weut dozou verlour... wat esch och scheud fannen, dan awa sen och Fotoen hei drober, do froen ech mesch wiekleg weisou se iwerhapt ugeholl gin ass, an dan kreien de Fotoen zbl. 20-30 kommentaren, wat ech dan engersaits eng Frecheet ass paraport deenen aaneren hei dei sech eventuel drun gin hun an sech eng konstruktiv kritik ahoffen vir besser ze gin.
Hun och Fotoen hei kommenteiert zimmlech am Detail, wou en dan halt den enzegen wor, an dat am gudden wellen vir engem ze hellefen och nach, dan obemol keen Feedback mei vun deier Persoun kriz, oder komplett ignioreiert get..
Dat ass och net dat wat ech ma an souenger Comnity hei virstellen.
An hei sin wiekleg zevill Leit dei wieklech keng Kritik verstin. Kloer iwer Konscht kann en Diskouteieren oder Streiden awa iwert eng Wourecht net !
|
|
18.04.2011 13:45 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Schluck
Ech wollt iwwerhaapt keen provozeieren, ech hun den Thread hei net ungefangen. Lo muss de mer awer erklären wat hei den "Spontanen Photoshoot" domatt zedinn huet ?? |
well et do schons war wéi hei. vill gestänkers weenst enger klengegkeet. ech hun hei alles gelies wats de geschriwwen hues, du bass hei um dirk seng ausso vun den concerts-fotoen gesprongen (an op aaner saachen) an hues se aus dem kontext gerappt. well dat wats du dran interprétéiert hues huet hien net gesot an och nët gemengt. et ass eigentlëch evident wat en gesot huet, an hat doudsëcher naischt matt enger stil-richtung ze din. du hues alt rëm roud gesin sou wéi demols och an lassgeluecht, ech hoffen d'relatioun ass lo kloer.
nach als tuyau: kuckt iech mol am détail un wat den dirk fir saachen mëcht matt sengem analogen dëppen, an frot iech am eescht, wéi huet en et gemeet an wéi kann ech vun sou engem léiren...
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von xaph32 am 18.04.2011 14:09.
|
|
18.04.2011 13:54 |
|
|
|