Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Support » Material » as et wierkech dowaert? » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen as et wierkech dowaert?  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
modellbauer
Grünschnabel


Dabei seit: 12.05.2011
Beiträge: 7

as et wierkech dowaert? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut,

Ech sin de Claude, verfolgen de Board schon eng kléng Zait, am Fong säit ech op der Sicht no engem neie Fotoapparat war. Ech hunn eng Sony A33 kaaft. (ech wollt nët iwerdreiwen)

Ech brauch den Apparat fir meng Maquette ze fotograféieren.
Hei e Link op meng HP fir e bëssen ze gesinn ëm waat et do geet.
http://www.diorama-clervaux.com

Virdrun haat ech eng Dimage A2, hun domadden och Fotoen gemaat fir méin eischt Buch, daat sech an aller Welt nawell nët schlecht verkeeft. Ech hun och keng negativ Kritike kritt waat Qualität vun de Fotoen ubelaangt. Well ech awer, wéinst där spéiderer Bearbechtung fir Pulikatioun am RAW fotograféieren, ass Dimage mär awer einfach ze lues ginn.

Ech hun Sony mat dem Kit Objektiv 18-55 a sin natierlech och elo duerch daat ganzt sichen a kucken op all méiglech Kritiken an Kommentare gefall , wou ëmmer gesoot gët dat alles anescht besser ass ewéi deen Objektiv, sierf ët en Sigma 17-70 oder en ähnlechen Tamron (fir emol an där Praisklass ze bleiwen).

Wann ech awer déi Tester a Meenungen liesen, da froën ech mech wierklech op hei nët nëmmen mat den Aaen vu wierklechen Fotobegeeschterten gekuckt gët an zum deel Miessapparaten erugezu ginn fir Ennerscheeder ze erkennen.

Wann ech dann nach heieren dat Leit dovunner schwetzen dat se schlecht Kopien vun Objektiver erwëscht hun an se mol ganz einfach esou x-mol ëmwiesselen bis se zefridde sin, froën ech mech am Moment op ech do soll mat spillen.

Méng Fro un iech, emol eierlech, mierken ech als Amateur en Ënnerscheed zweschent menger Sony 18-55 an enger Sigma 17-70? Qualitätsmeisseg. Op den eischte Bléck.

Ziel vu menger Aktivität ass an 2-3 Joër en zweet Buch erauszeginn, mat ville Fotoen vun der Maquette déi Deelopnahmen weisen. Ech dreemen och vun doubelsäitesche Biller am Buch (quasi e DinA4 Bild dann)
As et dowaert fir 400 Euro weider op den Desch ze leen? Waerten Lieser vum Buch deen Ënnerscheed mierken?

Ech weess dat et esou vill opzepasse gët, haaptsächlech Beleuchtung bei méngem Diorama, dat et dout sëcher net aleng um Objektiv léit ewéi Biller ginn. Mee loss mär emol aam Moment dobäi bleiwen, fir méin eischte Post hei ass e schon laang.

Merci

Claude

PS. Ech hänken einfach nach eng drunn, dann ass et gemaach. Méngt dier et kinnt een vun iech sech virstellen mier an 2-3 Joër ze hellefen déi Maquette e bësse méi professionnel ze fotografeieren, esou als Ofwieslung (daat heescht ënner eis ouni vill Bezuelung :-) ) Ech traue mär daat schon selwer zou, hunn daat eicht Buch jo och gemaat, mä e passionéierten Fotoamateur kinnt do awer vlaicht nach méi draus maachen. Interesseierter kënnen sech jo da mellen.
12.05.2011 15:43 modellbauer ist offline E-Mail an modellbauer senden Beiträge von modellbauer suchen Nehmen Sie modellbauer in Ihre Freundesliste auf
VeloBen
Doppel-As


Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140

RE: as et wierkech dowaert? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut Claude!

Ech mengen ganz du léiss dech zevill vun Kritiken opp amazon beanflossen. Do ass deelweis een richtegen "bashing" vun verschieden Lait opp alles waat Den Numm Sigma huet. Ech kann daat absolut net novollzéihen. Sin mat mengem Sigma Objektif méi wéi zefridden (Blend : 2.8 ! ) an Praisleeschtungsverhaeltnis ass einfach super!

Mein Tipp: Géi an een Fotogeschaeft, losd dech beroden , probéier d'Objektif opp dengem Apparat aus an dann gesaiss de direkt opp mat deem Objektif een Problem ass oder net. Sou hun ech et gemaach. Daat brengt mei wéi 100 verschidden Kritiken opp amazon & co ze liesen.

Sigma get menges Wëssens minimum 3 joer Garantie.
12.05.2011 18:43 VeloBen ist offline E-Mail an VeloBen senden Beiträge von VeloBen suchen Nehmen Sie VeloBen in Ihre Freundesliste auf
_MiAmI_
Foren As


Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77

RE: as et wierkech dowaert? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Slt,

kann mech dem Veloben senger Meenung unschleisse.
Ab an Geschaefft an probeieren!!
Hat och Sigma, bleiwen awa elo bei Canon "L-Serie"

Eng fest Blend as och emmer gud..

Wei den Veloben seet, as Sigma Preis/Leeschtung gud, et muss een jo kucken waat den porte-monnaie hier get ;-)
12.05.2011 19:15 _MiAmI_ ist offline E-Mail an _MiAmI_ senden Beiträge von _MiAmI_ suchen Nehmen Sie _MiAmI_ in Ihre Freundesliste auf
ZerberuZ
Jungspund


Dabei seit: 09.08.2010
Beiträge: 17

RE: as et wierkech dowaert? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

also ech hun nemmen sigma an mengem fotorucksaack .. an sin wuel zefridden, kloer et get besseres .. fier vill geld großes Grinsen
12.05.2011 19:52 ZerberuZ ist offline E-Mail an ZerberuZ senden Beiträge von ZerberuZ suchen Nehmen Sie ZerberuZ in Ihre Freundesliste auf
Pit
Mitglied


Dabei seit: 11.05.2011
Beiträge: 36

smile RE: as et wierkech dowaert? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Moien Claude, sou gesäit een sech erëm smile smile

Ech hun deels Canon (17-85mm Kit Opbjektiv an 70-200mm f4L), deels Sigma (30mm f1,4 an 10-20mm f3,5). Sigma ass doudsécher gutt, och wann ech eng schlecht Erfahrung mat engem Händler gemaach hunn (kuck bei Artikel Fachhandel vs Amazon). Iwwerall kann een mol eppes kréien, wat net 100% sou ass wei et soll, mä dat gëtt et och bei Canon. Ech kennen deng Fotoen jo, an ech gesinn fir dech och keen Problem fir däin 2te Buch. Wann et esou weit ass, géing ech der gär hëllefen, géing mer Spaass maachen, well ech jo souwisou gären Maquetten fotograféieren. Déi Tester am Amazon sinn mat Virsiicht ze genéissen, well do ginn oft Äppel mat Bieren verglach.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Pit am 12.05.2011 21:51.

12.05.2011 21:39 Pit ist offline E-Mail an Pit senden Beiträge von Pit suchen Nehmen Sie Pit in Ihre Freundesliste auf
Metalbambi Metalbambi ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-147.gif

Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Eppes ass mol kloer: Objektiver vergläicht een net op Amazon mee op dpreview.com, déi wëssen nämlech och vun wat se schwätzen! smile

__________________
Anti-Signature
12.05.2011 21:57 Metalbambi ist offline E-Mail an Metalbambi senden Beiträge von Metalbambi suchen Nehmen Sie Metalbambi in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Metalbambi anzeigen
modellbauer
Grünschnabel


Dabei seit: 12.05.2011
Beiträge: 7

Themenstarter Thema begonnen von modellbauer
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Merci,

Ech haat awer neischt vun Amazon gesoot!? Do war ech nämlech iwerhaapt nët :-)
Nëmmen op deenen genannten Spezial-Siten a Foren

"Ab an Geschaefft an probeieren!!" Do hun ech jo grad meng zweifelen (vlaicht iwerdriwen, ok)
Elo mol krass ausgedreckt: Waat soll ech do gesinn am Geschäft? Objektiv drop a kucken. Bon, ech gesonn natierlech en Enneerscheed an de Brennweiten, Weitwenkel an esou, mee Qualität, gesinn ech do schon op en Ennerscheed zu mengem Kit Objektiv besteet? Déi Fro vu mär ass bis elo nach net ugepaackt ginn.

Salut Pit,

Déi ass gudd, ob wuel, Lëtzebuerg ass jo bekannterweis kléng, ewéi ee seet.
Ech wollt kucken wass du dann esou drop hues an der Fotografie an do stellen ech fest dass de dech jo ereischt deen Daag viru mär hei ugemellt hues , och e Grünschnabel also (weinstens hei).
Ganz du mär soen op déi selwecht Foto vu menger Maquette ënner deene selwechte Bedégungen besseer mat der Sigma get ewéi mat der Sony 18-55.
Loss mär soen bei Brennweit 50.
Elo direkt brauch ech se jo nëmmen fir opnahmen vu mengen "Work in progress". Pit, du weess jo waat daat heescht.
Fi déi anner, z.B,. en Modellhaus (H25cmxB25cmxT20cm) an Detailer dovun ze fotografeieren (daat ass schon z.Deel Makro).
Fir déi Fotoen fir an Buch (overview vun deem Ganzen) huin ech jo am Fong nach 2 Joër op mannst Zäit.

Nach eppes: Ech hu gemegt ech misst mär schon en Sony SAL85F28 kaafen , ënner anerem wëll jo eng fix Brennweit besser Lënsequali soll garanteieren. Ech haat geduecht, du hues jo schon déi 18-55 , da kaaf keng 50er fix mee dei dooten.

Ok, esou vill hunn ech Quali um PC nach nët kontrolléeiert, mä duerch déi eng Verhältnisser a mengem Aarbechtskeller ass Fotoe machen mat der 85er nët évident wannst de op mannst e Meter muss ewech fir eppes drop ze kreien.
Ech mengen ech teste déi elo nach e bësse méi an kucke a wéi weit déi schon déi Aufgab ganz kann iwerhuelen.

@Pit, annerer awer och nach, tip top , wee weess , ech ka vlaicht wann et esou wait ass e Workshop organiséieren, wou déi scheinste Biller dann mat an Buch kommen.
Ech muss sowieso wahrscheinlech iergenswou e Sall lounen wou ech Méi Platz hunn fir den Dio anstänneg ze fotograféieren. Plaatz fir Luuten a esou weider.

Ok, scho vill geschriwen, ech hu vlaicht besser nach e beese méi ze testen mat deenen Objektiver déi ech schon hun.

Claude
13.05.2011 08:01 modellbauer ist offline E-Mail an modellbauer senden Beiträge von modellbauer suchen Nehmen Sie modellbauer in Ihre Freundesliste auf
_MiAmI_
Foren As


Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Mat "ab an Geschäft" mengen ech net, en Hifi oder Saturn, mee richtegen Fotobuttek !
Dein Geschreiws kent ma eriwer, wei wannste "daat" perfecten Objectiv, sust vir deen genauen Sujet sichs, deenste eis hei erklärs. Mee dann muss ech dech leider enttäuschen, daat get et leider net.
Wei gesoot, musste probeieren goen, vleit een zwee Objectiver ausleihnen, an einfa sou hei aus dem Aarm gerösselt kannste net vun den Leit verlaangen, dasse da genau soen waatste brauchs. "Makro"
13.05.2011 11:29 _MiAmI_ ist offline E-Mail an _MiAmI_ senden Beiträge von _MiAmI_ suchen Nehmen Sie _MiAmI_ in Ihre Freundesliste auf
modellbauer
Grünschnabel


Dabei seit: 12.05.2011
Beiträge: 7

Themenstarter Thema begonnen von modellbauer
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von _MiAmI_
Mat "ab an Geschäft" mengen ech net, en Hifi oder Saturn, mee richtegen Fotobuttek !

ech hun e Präis am Fototrade gefrot (ech schaffen net wàit ewech), mee wann ech schon heieeren dat ech eng Avance muss bezuelen fir ze bestellen (de Präis ass ok) da kann ech mär scho bal nët virstellen dat ech dono einfach ka soen , Nee Merci , ech wëll en awer nët

Zitat:
Dein Geschreiws kent ma eriwer, wei wannste "daat" perfecten Objectiv, sust vir deen genauen Sujet sichs, deenste eis hei erklärs.

As dach legitim , oder nët? Augenzwinkern Seriö, ech verstinn schon wass de mengs.

Zitat:
einfa sou hei aus dem Aarm gerösselt kannste net vun den Leit verlaangen, dasse da genau soen waatste brauchs.


Daat war jo och nët meng Fro. Waat ech brauch as mat der Kit Lens , der Sigma oder enge ähnlecher Tamron bestëmmt ofgedeckt.

Déi eenzeg Fro déi ech wollt beäntwert kréien, ass déi op dei Viirdeeler vun enger Sigma z.B einfach ze gesinn sinn oder op ech duefir muss Miessinstrumenter hunn oder all Foto maximal vergréisseren muss fir iwerhaapt en Ennerscheed festzestellen.

Daat as déi Haaptfrô, daat annert war susst fir iech an Bild ze setzen, soss kënnt dei Fro vun engem anneren "Waat meichst gären domat"?

Hei ass vun SLRgear.com, den Text deen Kit Lens mat der aaler Sigma 17-70 verglaicht

"Sigma offers the 17-70mm Æ’/2.8-4.5 in the Sony mount, offering a wider, longer, and faster lens option than the Sony 18-55mm. The Sigma is slightly sharper, about the same with CA and distortion; corner shading is a bit more distinctive, particularly at 17mm."
A wann een dann d'Urteel vun där neier Sigma nach liest a gesäit dat déi emol nët onbedengt besser as ewéi déi all
"While the older version of Sigma's 17-70mm doesn't have the same aperture capability of the new version or optical stabilization, it produced markedly sharper images - though it could be that there are sharper copies of the 17-70mm OS we tested. CA resistance is a little better, distortion is a bit lower, but corner shading is a bit higher. Macro performance is also a bit better and the whole package weighs a bit less; it's also a little less expensive."

Wéi soll e Mensch dann do nach eens ginn?
Vum Text hier geif ech soen dat et nët dowaert ass, mä fiirwaat ersetzt dann Jenni a Menni déi Kitlens?

Ech hätt dofir vlaicht manner Text gebraucht, sorry fir är verlueren Zait

Merci

Claude

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von modellbauer am 13.05.2011 12:06.

13.05.2011 11:47 modellbauer ist offline E-Mail an modellbauer senden Beiträge von modellbauer suchen Nehmen Sie modellbauer in Ihre Freundesliste auf
Pit
Mitglied


Dabei seit: 11.05.2011
Beiträge: 36

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also, looss mech et mol sou soen: Déi Tester an den verschiddenen Zeitungen, ginn ënner Labo Konditiounen gemaach an gemooss. Du muss eng Foto schonns richteg 'verschäissen' fir dat een herno seet: o freck, wat as dat do dann.... Et gesäit een am Buch net, ob's du mat engem Sigma oder Canon asw. fotograféiert hues. Et ass wuel méi wichteg, dass de weess, ob een Weitwenkel villäicht ze vill verzeechent an doduerch eng 'kromm' Foto erauskënnt, vun der Bildqualitéit hier, ass an engem Buch näischt dovunner ze mierken, well Foto beim Printen jo souwisou nach beaarbecht gëtt (zwangsleefeg). Ech hunn e pur Artikelen gemaach fir verschidden Zeitungen, an déi Fotoen sinn deelweis mat enger Canon SX5IS (eng Bridgekamera) an deelweis mat enger Canon D60 (DSLR) gemaach ginn. An der Zeitung kann keen mer soen, wat dann lo mat wei enger Kamera gemaach gouf. Ech géif mer doriwwer net ze vill Gedanken maachen. Natierlech sinn déi méi deier Objektiver iergendwéi besser (verschafft, méi liichtstark, keen Plastik) mee och mat deenen méi 'bëllegen' kann een Super Resultater kréien. Festbrennweiten sinn ëmmer besser wei en Zoom, haaptsächlech och wat Liichstärkt betrëfft. Ech sinn awer dovun iwwerzeegt, dat ech mat mengem Canon Kit-Objektiv ouni Problem Fotoen fir däin Buch maachen kéint...An um PC kann een och nach sou munches verbesseren.
13.05.2011 12:17 Pit ist offline E-Mail an Pit senden Beiträge von Pit suchen Nehmen Sie Pit in Ihre Freundesliste auf
modellbauer
Grünschnabel


Dabei seit: 12.05.2011
Beiträge: 7

Themenstarter Thema begonnen von modellbauer
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Pit
Ech géif mer doriwwer net ze vill Gedanken maachen.


Daat wollt ech wahrscheinlech heieren ! Merci fir d'Äntwert

Natierlech sinn déi méi deier Objektiver iergendwéi besser (verschafft, méi liichtstark, keen Plastik)
verschafft- meng stinn dauernd um Stativ (nëmmen de Stepps mecht mär e bësse Suergen)
méi liichtstark - idem, Stativ

Ok, da loosen ech daat nach op der Säit. Wann et dann esou wäit ass, da schwëtzen mär daat Thema nach eng Kéier un (bis dohin gesi mär eis jo nach eng Kéier, op mannst) an da kënne mär jo vlaicht eppes am Sënn vun engem gemeinsame Shooting organiséieren. Et hun jo vlaicht nach Leit Interessi fir esou eppes.

Ech son ët awer léiwer direkt. Copyright op de Biller hun ech aleng :-)

Claude
13.05.2011 12:34 modellbauer ist offline E-Mail an modellbauer senden Beiträge von modellbauer suchen Nehmen Sie modellbauer in Ihre Freundesliste auf
Metalbambi Metalbambi ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-147.gif

Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Jenni an Männi ersetzen hiert Kit-Objektiv och net duerch en gläichwäertegt bas-de-gamme Objektiv, mee duerch Lënsen déi méi liischtstaark sinn (f/2.8 ), méi séier an präzis fokusséieren, am beschtem nach méi en groussen Ëmfang an der Brennwäit hunn, an d'Optesch Qualitéit (Schäerft, CA, Distortioun, Vignettéierung,...) besser sinn. De Problem ass dat déi Lënsen (wéi eigentlech all gutt Lëns) méi kaschten wéi deng Kamera, ënner 700€ kanns de et komplett vergiessen. Als Ufänger deet et natierlech wéi, wann een sou déif an d'Täsch gräifen muss, an herno den Ënnerscheed mol vläicht net mierkt well een virdrun nach net wierklech un d'Limitten d'Méiglechkeeten vun sengem alen Material komm ass. Jenni an Männi maachen meeschtens dann och schon méi laang Fotoen, oder hunn ze vill Suen an mengen deiert Material kéint Know-How ersetzen... smile

Ech géif der mol einfach roden mam 85er ze probéieren op s de no genuch eru kenns, an wann net an 2 Joer mol kucken wat et dann vun Makro-Objektiver gëtt, déi wous de lo am An hues ginn bestëmmt net méi deier bis dohinner. Augenzwinkern

__________________
Anti-Signature

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Metalbambi am 14.05.2011 01:17.

14.05.2011 01:16 Metalbambi ist offline E-Mail an Metalbambi senden Beiträge von Metalbambi suchen Nehmen Sie Metalbambi in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Metalbambi anzeigen
Mika
Doppel-As


Dabei seit: 03.03.2007
Beiträge: 143

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

An opste een Objektiv wierklech brauchs, wells du verschidden Iddi'en einfach nitt sou emgesaat kriss, wéis du gäer häss mam Kitobjektiv (an wous du da präzis gesäis, waas du brauchs), daat mierkste irgendswann ganz vum selwen smile
14.05.2011 09:56 Mika ist offline E-Mail an Mika senden Beiträge von Mika suchen Nehmen Sie Mika in Ihre Freundesliste auf
modellbauer
Grünschnabel


Dabei seit: 12.05.2011
Beiträge: 7

Themenstarter Thema begonnen von modellbauer
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Sorry wann ech engem op d'Feiss getrëppelt sinn mam Jenni a Männi.

Mat "Jenni a Männi" an oprüsten hunn ech natierlech nët daat generell oprüste gemengt, mee hunn nemmen un anner esou Leit wéi mech geduecht, déi kaum wësse vu waat se schwëtzen mee awer mengen si missten oprüsten well jo all Mensch et mecht.

All déi anner schleissen ech natierlech do aus, déi wesse jo wierklech waat se wellen.

Ok, Merci, ech amuséieren mech dann emol mat deem Geschier wou ech hunn. Ech mengen, et gett jo schlechteres wéi daat.
Fir richteg Makro huelen ech och nach ëmmer meng aal Minolta Dimage, déi haat eng richteg Makrofunktioun an as jo nët vun haut op muer nët mei ze gebrauchen, susst e bësse méi luess.


Schéine Weekend

Claude

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von modellbauer am 14.05.2011 16:21.

14.05.2011 12:59 modellbauer ist offline E-Mail an modellbauer senden Beiträge von modellbauer suchen Nehmen Sie modellbauer in Ihre Freundesliste auf
Metalbambi Metalbambi ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-147.gif

Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

War net negativ geduecht, wollt der einfach erklären wisou vill Leit effektiv oprüsten, an wisou ech der Meenung sinn dat et am Moment nach keen Wäert vir dech huet.

__________________
Anti-Signature
14.05.2011 15:26 Metalbambi ist offline E-Mail an Metalbambi senden Beiträge von Metalbambi suchen Nehmen Sie Metalbambi in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Metalbambi anzeigen
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Support » Material » as et wierkech dowaert?

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH