Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Support » Misc » "Blend 22" an neicht scharf (Canon 5D) » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (2): [1] 2 nächste » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen "Blend 22" an neicht scharf (Canon 5D)  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
tennes
Eroberer


Dabei seit: 10.09.2008
Beiträge: 54

"Blend 22" an neicht scharf (Canon 5D) Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Moien alleguer,

hun alt rem Problemer matt menger neier Canon 5D mark ii... oder eichter gin den Verdacht net lass, dat eps domatt net stemmt.... :-/

Haut war ech bessen an den Besch Fotoen man, vun fleissendem Wasser, hun Blend 22 geholl an Zeit 5'' , natierlech op Stativ... heiheem kucken ech ma fotoen dann un, an muss feststellen datt net eng dovun ordentlech scharf ass....
ech varzweiflen geschwenn.... un wat kann dat leien?
Bei Blend 22 mist dach alles tip top scharf sin...ok vlait net extrem,extrem scharf...
mee awer, dat mecht am Bild....vun fir bis hannen?

as dat schon normal, dat wann ech an den Live-View gin, an zb, do sin 3 steng, ech zoomen run fir scharf ze stellen an kann dat just op een steen man, obwuel se allen drei beieneen sin,an dat bei enger f 22?? Et huet sech sou ungesin wei wann ech eng blend 2.8 haett oder sou......
ech dreinen gleich duerch, hun sou den keis matt der kamera....mecht iwerhapt keen spass.. an lo brauch ech se awer, an kann se net zereck gin....

nuje, ech wees och net un wat et leit.....

lg tennes
31.10.2011 20:46 tennes ist offline E-Mail an tennes senden Beiträge von tennes suchen Nehmen Sie tennes in Ihre Freundesliste auf
Hiko
unregistriert
RE: "Blend 22" an neicht scharf (Canon 5D) Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut,

daat waats du do beschreiws ass ganz normal, physikalesch gesin. Ech gin lo net an Detailler. Den Phänomen nennt sech Diffraction an en trett bei ganz klengen Blendenöffnungen wei f22 op.

Do as et dann normal dass d'Schärft mei oder manner dramatesch oofhelt. Weivill hängt vun der Pixeldicht vun dengem Fotoapparat of. Bei der 5D mk ii fängt d'Diffractioun em f10-11 un siichtbar ze gin. Daat kann een rechnen. Hei kanns de kucken : http://the-digital-picture.com/Reviews/C...era-Review.aspx direkt di 1. Tabell, dei läscht Kolonn.

Dofier as et sënnvoll, vir eng optimal Bildqualitéit ze kreien, ennert där Grenz ze bleiwen. Bon ech denken f16 dierft nach net ze dramatesch ze sin.

Waats de och muss bedenken, as, dass de mat enger f22 rem eng keier un d'Grenz vun der Optik gees, genau wi bei der Offenblenn... Di bäschten Leeschtungen hues de am mettleren Beraich.

Et lait net un denger Kamera... Eng 7D wier do nach vill schlemmer, well d'Pixeldicht vill mei heisch as...

Wanns de am Live-view Bild kucks, gesais de emmer d'Bild an der Offenblenn vun dengem Objektiv, well do d'Miessungen duerchgefouert gin. Nämlecht wi am Sucher. D'Schärtendeift kanns de testen wanns de den Ofblendknäppchen drécks.

Dieser Beitrag wurde 4 mal editiert, zum letzten Mal von Hiko am 31.10.2011 21:48.

31.10.2011 21:40
Shantideva
unregistriert
RE: "Blend 22" an neicht scharf (Canon 5D) Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Hiko: Genau dat... D'Bildqualitéit ass am Duerchschnëtt am beschten ab duebeler Oppenblend. Bei engem Objektiv wat eng Liichtstäerkt vun 2.8 huet, ass déi beschten Qualitéit normalerweis ab 5.6 bis 8. Awer et hängt natierlech och vun der Optik oof... Mais soit... f/22 ass net grad déi beschten Basis fir d'Bildqualitéit vun enger Kamera ze moossen, an déi kennt jo vum Objektiv an net vun der Kamera.
31.10.2011 22:15
Hiko
unregistriert
RE: "Blend 22" an neicht scharf (Canon 5D) Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Genau daat. Bei f22 geet een sech onneideg optesch Problemer sichen, di net ze vermeiden sin... An dann huet een mat der bäschter Optik keng uerdentlech Bildqualitéit.
31.10.2011 22:31
tennes
Eroberer


Dabei seit: 10.09.2008
Beiträge: 54

Themenstarter Thema begonnen von tennes
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Merci fir aentwerten , haett ma dat och keinten denken...
Mee well emer meenung vun aneren heiren.. Denken am emer direkt dat schlemmstsmile
Mee, wei kann een man, also, ech wollt jo eng lang zeit fir wasser an ze freiren...
An bei blend 8/11, huet einfach net geklappt.. Do war automatesch eng kuerz zeit..
31.10.2011 23:12 tennes ist offline E-Mail an tennes senden Beiträge von tennes suchen Nehmen Sie tennes in Ihre Freundesliste auf
Hiko
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also daat eenzegt waat der do helleft fir d'Beliichtungszait ze verlängeren sin Grofilteren.
31.10.2011 23:17
gi87
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also hun dat och An da Ardeche probeiert bei de cascaden an do wor alles scharf gewicht ch bei da blend 22 och wann dat elo net Optimal Blend ass wei esh hei eraus liesen.. awa Leit et net eichter un engem Back oder Frontfokus hei ? well dann wieret Optik dei de bock scheisst.. hat wini de problem bei engem 50 mm L1.2 an den hat e krasen frontfokus um 1D an un da 5D gehat, do wor nix scharf wat esh fokuseiert hun, dun ass ma opgefall dass aner bereicher mei weit am raum an da schärftedeiw lung.. awer mam Microajustement um Boiter konnt esh Lens perfekt kalibreieren an elo klappt dat..

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von gi87 am 01.11.2011 00:02.

01.11.2011 00:01
Charel_L
Jungspund


Dabei seit: 08.01.2010
Beiträge: 18

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Gellt dat nemmen fier Zoom-Objektiver an/oder Canon Apparater?

Ech hun schon dofun heiren, dass d'Diffusion fum Liicht bei enger klenger Blend am Bild gesi ka ginn, mee den Phenomen na nie deitlech erlieft.
Ech hu bei mengen Fotoen fum Schießentümpel och eng 22er Blend benotzt (wat bei ISO 100 Fotoen fun 8-25 Sekonnen goufen), awer hunn op kengen daitlech Problemer mam Fokus gehaat.


Fier d'Bild ofzedonklen kann een en ND-Filter benotzen. Ganz einfach kann een soueen aus Schutzglas aus Schweeßerbrellen bauen.
01.11.2011 00:49 Charel_L ist offline E-Mail an Charel_L senden Beiträge von Charel_L suchen Nehmen Sie Charel_L in Ihre Freundesliste auf
Hiko
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@ gi87 : Hat huet am Live-view manuell fokusseiert, wann ech et richteg verstann hun, do spillt den autofokus also keng Roll. Dat en Autofokusproblem bei senger Lens besteet kann nach emmer sin. Ech hun bei 3 Objektiver (2 där mam rouden Reng vun Canon an een 50mm vun Sigma) di domm Erfahrung missen maan, dass den Autofokus en Problem huet. Bei mier huet den Microadjustment keng Besserung bruecht.

Wei den Shantideva och soot hänkt et nach vun Optik zu Optik oof, wi vill een eng Onschärft duerch Diffractioun gesait. Dat daat Phänomen optrett as en Fakt.

An et sin d'Usprech di verschidden Leit un hiert Material hun. Ech kann dem tennes seng Reaktioun novollzeihen. Et keeft een sech deiert Material an et geet een dervun aus dass et fonktionneiert... Dann kuckt een natierlech den läschten Detail op enger Foto, wann meiglech nach am 100% um Ecran. Do faalen dann natierlech di gerengsten optesch Fehler op. Wann een dann souwisou schon negativ geigeniwwer sengem Material agestallt as, fennt een daat dann direkt nach vill schlemmer...

@Charel_L : Nee daat begrenzt sech net op Canon Apparater oder Zoom Lensen. D'Diffraktioun hues de bei allen Marken an Typen vun Objektiver. Daat leit net um Numm, si schaffen jo schließlesch all mat den selweschten Moyenen...

Et as ganz normal dass eng Foto di mat f22 gemaach gouf keng optimal Schärft weist. Mee wei staark den Effekt as, hängt vun extrem villen Faktoren of. An et hängt och vun der subjektiver Meenung of. Eng nämlecht Onschärft kann vun zwee verschiddenen Leit als mei oder manner dramatesch ugesinn gin.
01.11.2011 10:17
Miau Miau ist männlich
Mitglied


Dabei seit: 21.01.2009
Beiträge: 25

RE: "Blend 22" an neicht scharf (Canon 5D) Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

huest Du och dei Stabilisator ausgeschallt? Vum Stativ soll een ouni Stabilisator schaffen!

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Miau am 01.11.2011 15:04.

01.11.2011 15:03 Miau ist offline E-Mail an Miau senden Beiträge von Miau suchen Nehmen Sie Miau in Ihre Freundesliste auf
tennes
Eroberer


Dabei seit: 10.09.2008
Beiträge: 54

Themenstarter Thema begonnen von tennes
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@hiko.. Du vastees mech:-)
Mee mengen et as eps drun, an dofir sinech sou genervt.. As weis du sees, ech arwarden ma bei sou vill suen datt se och fonktioneiert ouni fehler!! An dei hei huet einfa keng schaerft... An dat nervt mech lo sou dermossen, datt ech lo awa se werd mussen zereck droen..... :-( obwuel ech se jo lo brauch! Fannen ech dat einfa eng freschheet bei dem preis!
Dann stellt een sech dauernd fro, leit un dier oder un da kamera, an dann denkt een sexh kann jo net sin , datt sou eng deier "nei" kamera schon macken huet!!
01.11.2011 15:07 tennes ist offline E-Mail an tennes senden Beiträge von tennes suchen Nehmen Sie tennes in Ihre Freundesliste auf
tennes
Eroberer


Dabei seit: 10.09.2008
Beiträge: 54

Themenstarter Thema begonnen von tennes
RE: "Blend 22" an neicht scharf (Canon 5D) Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Do as jo mol keen stabilisator drun...
01.11.2011 15:17 tennes ist offline E-Mail an tennes senden Beiträge von tennes suchen Nehmen Sie tennes in Ihre Freundesliste auf
mmphotos mmphotos ist männlich


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

RE: "Blend 22" an neicht scharf (Canon 5D) Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Kanns de eis fleit mol all dei onschwarf Fotoen weisen? Dann kann een der eichter hellefen. Ob et lo um apparat leit oder awer fleit normal as.
Well et as effective normal dass eng Foto bei 22 net wirklech schein gestachen scharf as. Kann der do roueg Beispiller schecken.

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
01.11.2011 15:46 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
Hiko
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@ tennes : Oh jo... Ech kennen den Problem mei wi gudd... Et huet mech schon vill Nerven kascht.
Daat eenzegt waat ech der virschloen kann as, dass de eng Keier mat mengen probeiers. Et as jo deen nämlechten Fotoapparat an daat nämlecht Objektiv. Dann hues de en direkten Verglaich.

Wann en Problem besteht as et eischter d'Objektiv. Beim Boitier as daat eigentlech mi rare.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Hiko am 01.11.2011 15:49.

01.11.2011 15:48
gi87
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Wat mir bei da 5D opgefall wor ass dass den Zentralen Af seng Arbecht an den 95 % gud mecht, an dei aner AF Punkten wiekleg schwach sen am Scharfstellen sougeur bei gudem Wieder wou sonn an Licht do ass.. Soubal et mei donkel ass Fannen ech insgesamt dass den AF beim 5D wiekleg net gud ass.. bon op dat elo e fehler un da Technik ass oder Gewolt vun Kannen vir net hier Flagscheff 1D aus dem Rennen ze kicken k.a. mee hun wiekleg bei 2 5DmkII dat Festgestallt an Verglach mam 1DmkIV.. Bon wat ech elo net gief man Tennes ass emmer bis an de lechten Pixel ranzoomen ze goen well do fennt een dan bei al Kamera kleng Boboen..
Bon vlaicht asset io och just eng uleucht dei zu denen Resultater feiert.. Gief an denger Platz als Eicht mol eng anner 5D mol an de Krap heulen an dann meste mol peur Fotoen an och mat denger eegener vum gleichen Sujet an dan Vergleichste wei grous do dei Ofweichung vun Schärft tatsächlech ass. Wat nach en negativen Punkt ass um 5D parport vum 1D ass dass an den heigen ISOen e Pixelbanding entsteht woudeurch vill Detail verlour geht, wat dann och nach zu Onschärften feiert !
01.11.2011 16:28
tennes
Eroberer


Dabei seit: 10.09.2008
Beiträge: 54

Themenstarter Thema begonnen von tennes
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dat mam vergleich man matt enger anerer canon hun ech och schon drun geduet. Hun lo op
Da arbescht een kennen geleirt, wou eng huet... Dofir gett den lo direkt mol gefrot. Mee en hat ma schon fotoen gewisen wou en domatt gema huet, an muss soen war baff, wei knack scharf seng fotoen waren... Also meng sin null sou, do war ech schon rem
Entteuscht...
Meng fotoen hun emer soueen flou dran... An heinsto froen ech mech wou "schaerft" dann iwerhapt an da foto lo lung.......
Mist den metten fotoen man goen, wei ech se op da arbescht gekukt hun, soten dei aner dat selwecht, do waer neirens schaerft...
Hun geduet et geing vlait un der rauschennerdreckung leien, mee den war guenet angeschalt...
Naja, probeiren lo mol einfa matt enger anerer canon den varglach ze man, an dann gesin ech et jo......
Wann wieklech eps drun waer, fannen ej et zwar wieklech allerhand.. An eng freschheet.
Hat se am saturn kaaf,an da stadt bei da gare den.. Wann se matt den kameraen sou em gin wei matt hieren fernseher,an etc..dann vastin ech et^^
Well ech war eng keier do lanecht gang wei se eng liewerung kruten an se hun sachen einfach aus dem camion op stross geheit, ech hun geduet ech geing schlecgt gesin.......

Merci na eng keier alleguer fir aer Aentwerten!:-)
Lg tennes

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von tennes am 01.11.2011 18:55.

01.11.2011 18:51 tennes ist offline E-Mail an tennes senden Beiträge von tennes suchen Nehmen Sie tennes in Ihre Freundesliste auf
tennes
Eroberer


Dabei seit: 10.09.2008
Beiträge: 54

Themenstarter Thema begonnen von tennes
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Do muss ech awa soen, hun bis elo och nemen den zentralen fokus benotzt... Schaffen bal emer nemen matt dem, as am sechersten.
01.11.2011 18:52 tennes ist offline E-Mail an tennes senden Beiträge von tennes suchen Nehmen Sie tennes in Ihre Freundesliste auf
Miau Miau ist männlich
Mitglied


Dabei seit: 21.01.2009
Beiträge: 25

RE: "Blend 22" an neicht scharf (Canon 5D) Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Waat eng Optik huest Du benotzt?
01.11.2011 19:17 Miau ist offline E-Mail an Miau senden Beiträge von Miau suchen Nehmen Sie Miau in Ihre Freundesliste auf
tennes
Eroberer


Dabei seit: 10.09.2008
Beiträge: 54

Themenstarter Thema begonnen von tennes
RE: "Blend 22" an neicht scharf (Canon 5D) Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

hun lo mol fotoen awer rop geluden, wollt ech am ufank net,well se wieklech kack sin.... mee fir mol ze weisen, dat sin lo dei vum schiessentümpel. se sin zwar retoucheiert lo. mee et geseit en direkt wei schlecht qualiteit as...... wann ech se am klengen kuken, vun ganz weit eweg , sin se guddgroßes Grinsen mee am groussen, an na run gezoomt, ohh..krein flemm.......
dauert na bessen bis fotoen drop sin...
01.11.2011 19:45 tennes ist offline E-Mail an tennes senden Beiträge von tennes suchen Nehmen Sie tennes in Ihre Freundesliste auf
tennes
Eroberer


Dabei seit: 10.09.2008
Beiträge: 54

Themenstarter Thema begonnen von tennes
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

hei as den link fir fotoen

http://photogen.lu/?page=photo&id=59984
01.11.2011 20:22 tennes ist offline E-Mail an tennes senden Beiträge von tennes suchen Nehmen Sie tennes in Ihre Freundesliste auf
Seiten (2): [1] 2 nächste » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Support » Misc » "Blend 22" an neicht scharf (Canon 5D)

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH