Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Support » Misc » Datesëcherung ? » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Datesëcherung ?  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
Cypress Cypress ist männlich
Mitglied


Dabei seit: 06.08.2011
Beiträge: 27

Datesëcherung ? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

No mengem leschte Thread ("Daterettung") an dësem Forum, hei dann mol nach eemol eng Fro, déi drun uschléisst, interessenshalber.

Wéi macht Dir et dann all matt der Datensëcherung?

- 1 externen Harddisk an den Disk vum PC/MAC ?
- 2 extern Harddisken?
- Cloud?

a virun allem

- Halt Dir Är Fotoen ëmmer op den Späicherkaarten, oder gebraucht Dir déi ëmmer nei?

Merci fir Äre Feedback! :o)

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Cypress am 24.08.2013 15:37.

24.08.2013 15:36 Cypress ist offline E-Mail an Cypress senden Beiträge von Cypress suchen Nehmen Sie Cypress in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also an der Vakanz ass et esou: Laptop geet mat, mat 2 externen Disken, allen zwee verschlësselt. Zum schluss vun all Dag importéiren ech all Fotoen 2x, an zwar op all Disk. Fir heem kënnt een Disk an d'normal Valis an een an d'Handgepäck. Wann ech all Fotoen wéilt op de Kaarten halen, hätt ech villzevill Kaarten bei mer Zunge raus (Alleng déi 2 Wochen an Irland waren eng 70GB Fotoen), well ech wëll och keng ze grouss Späicherkaarten notzen - wat s de méi drop mëss wat der méi verluer sinn wann mol eng Kaart sech verabschied, wat dach oft mol virkënnt (Ech hat et bis lo 2x)

Doheem dann um Mac ass een externen Disk drunn op deen Backup leeft all Stonn mat Time Machine, all puer Wochen setzen ech och all déi wichtegst Dateien op nach en aneren externen Disk deen ech bei mengen Elteren am Haus leien hunn.

Iwwerdriwwen? Vläicht. Awer et muss scho schlëmmes geschéien fir dass ech meng Daten verléieren smile

__________________
404 - Not found
24.08.2013 16:18 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
gi87
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Johny
Also an der Vakanz ass et esou: Laptop geet mat, mat 2 externen Disken, allen zwee verschlësselt. Zum schluss vun all Dag importéiren ech all Fotoen 2x, an zwar op all Disk. Fir heem kënnt een Disk an d'normal Valis an een an d'Handgepäck. Wann ech all Fotoen wéilt op de Kaarten halen, hätt ech villzevill Kaarten bei mer Zunge raus (Alleng déi 2 Wochen an Irland waren eng 70GB Fotoen), well ech wëll och keng ze grouss Späicherkaarten notzen - wat s de méi drop mëss wat der méi verluer sinn wann mol eng Kaart sech verabschied, wat dach oft mol virkënnt (Ech hat et bis lo 2x)

Doheem dann um Mac ass een externen Disk drunn op deen Backup leeft all Stonn mat Time Machine, all puer Wochen setzen ech och all déi wichtegst Dateien op nach en aneren externen Disk deen ech bei mengen Elteren am Haus leien hunn.

Iwwerdriwwen? Vläicht. Awer et muss scho schlëmmes geschéien fir dass ech meng Daten verléieren smile




Wosst jo dass Esh keng hänken hun großes Grinsen , soit, de Johny heut hei vollkommen recht, an een den sain Hobby hei e bessen serieux helt den muss och an Secherheet ewei de Backup etc... Investeieren. Meng Daten sen all gespiegelt op 2 Disken an sen Frou doriwer well sou hun Esh nach nie e Bild wärend deenen leschten 9 Joer valeur, zugeur beim vasehentlechen löschen. smile
24.08.2013 23:42
Loki Loki ist männlich
Mitglied


Dabei seit: 11.03.2010
Beiträge: 28

großes Grinsen Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Bei mir ass et ähnlech. Ech notzen meng Spaicherkaarten zwar emmer erem, mee se gin emmer carrément formatéiert (an der Cam) soubal ech d'Fototen op main Computer kopéiert hun no engem Fotostours. Daat ass anscheinend besser wi wann se just geläscht gin, hun ech mer soe gelos... Falls de nämlech en futtist Dateisystem hues, an du läschs se just, dann bleiwen Datenläichen zeréck a wanns de dann nei Fotoen drop mechs, dann gin se eventuell falsch dropgeschriwwen an si scho verluer wann se dropkommen. Formatéieren schreiwt en neit Inhaltsverzeichnis op d'Spaicherkaart, da leefs de dee Risiko net.

Um Computer geet et dann weider. Wann ech meng RAWs um Computer hun, gett per Tool den Folder op en externen USB-Disk synchroniséiert an op eng Sambashare op mengem Server kopéiert. Den Ennerscheed ass deen dass den USB Disk all Verännerung vun deem Folder matmescht (d.h. och wann ech eng Foto läschen), den Server awer just Saachen eriwwerhellt déi dobaikommen. Wann ech dann also rem eng Kéier ze séier geklickt hun an eng Foto geläscht hun um internen Harddisk, dann huet en se och vum USB Disk geläscht, mee um Server ass se emmer nach do (Do leien nach e puer TB frai, do kënnt et op e puer Fotoen echt net un großes Grinsen )

Insofern fueren ech mat engem Disk wou de Folder drop ass mat dem ech schaffen, een Folder op engem externen Disk dee spigelt an een Folder op engem zweeten externen Disk deen all nei Daten iwwerhellt mee keng läscht. Daat ganzt geet vollautomatesch enner Mac mam Tool 'Folder Watch'. Dee kascht zwar eppes, mee en ass sain Geld wert. Link: https://itunes.apple.com/us/app/folderwa...408224368?mt=12
26.08.2013 08:58 Loki ist offline E-Mail an Loki senden Homepage von Loki Beiträge von Loki suchen Nehmen Sie Loki in Ihre Freundesliste auf
Charly
Doppel-As


Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114

RE: Datesëcherung ? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Eng Info viraus: ech sin Informatiker an e.a. responsabel fir Backupen bei eis ...

Also, meng Photoen hun ech um internen disk vum PC, eng synchron Kopi op engem (encryptéirten) klengen USB disk fir ze reesen, en richtegen Backup mat history; full, incremental, ... op zwee aaner USB Disken, een dovunner geet ëmmer ausser Haus (mat op d'Aarbecht) an schliesslech och nach en online backup (och daat as alles encryptéiert).

Ech hun zwou Späicherkaarten an der Kamera (je 16GB) plus zwou an der Reserv. D'Kamera as konfiguréiert dass d'Biller parallel op di zwou Kaarten geschriwen gin. Wann d'Kaarten 1 & 2 voll sin, bzw no engem Shooting, kommen d'Kaarten 3 & 4 an d'Kamera an gin do formatéiert während 1 oder 2 (et as jo daat selwecht op béiden drop) op den PC kopéiert get. Duerno geet et dann ëmgedréint, an esou weider.

Wann ech reesen, dann gin d'Biller vun den Kaarten parallel op den Disk vum Laptop an den externen Disk geschriwen. An ech hun en zweeten Laptop dobäi. Zweet Kamera. Zwee Netzdeeler fir Laptop. Zwee Chargeuren fir Kamera-Akkus, zwee vun all Sort USB-Kabel, ...

Ok, sin villäicht e bëssen paranoid, mee ech wees waat alles futti goën kann großes Grinsen
04.09.2013 15:56 Charly ist offline E-Mail an Charly senden Beiträge von Charly suchen Nehmen Sie Charly in Ihre Freundesliste auf
Houll-art
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Wann ech gesinn waat verschiddener een Opwand bedreiwen dass kee Bit verluer geet handelen ech jo schon grob fahrléisseg. Ech muss soen dass ech iwer 20 Joer mat PC an Daten schaffen an nach nie e probleem haat dass eng Hardware futti gaangen ass bzw Daten verluer hun duerch Hardware Fehler. Par contre hun ech schon Daten/Fotoen onbeabsichtegt geläscht. Déi Gefor fannen ech méi grouss wéi déi wahrscheinlechkeet dass eppes futti geet. Allerdings hun ech och een Backup Harddisk awer éischter aus deem Gronn wëll deen am Laptop voll war. Backup'en zéihen ech manuel an ganz onreegelméisseg. Sinn der Meenung dass een schon soll seng Daten op enger zweeter Plaatz secheren mee vir méi wäit ze goen gesinn ech net an wëll d'wahrscheinlechkeet dass 2 harddisken futti fueren geet géint Null. Wéi gesoot, ech beruffen mech heibäi op meng Joerenlaang Erfahrung.
05.09.2013 00:36
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Erfahrung ass hei sou eng Saach, well ëmmer Chance mat am Spill ass. Et mécht awer och z.B. en Ënnerscheed ob een, wéi ech z.B., pro Dag de Computer iwwer 12h lafen huet, oder en just mol fir 1 oder 2h owes umécht an heiansdo de Weekend.

Aus menger Erfahrung kann ech soen dass mir nach viru puer Méint mäin Harddisk futti gefuer ass mat groussen Daten drop, déi awer gréisstendeels onwichteg waren (dofir hat ech och kee backup dovun, wier mer ze deier gewiescht fir dat wat et war). Ech kann och aus Erfahrung soen dass wann de Server wou Photogen drop leeft net en redundant Netzdeel hätt (Also en zweet mat agebaut als Reserv), de Site elo e puer Deeg offline gewiescht wier well eent dovu futti gefuer ass e Méindeg smile An statistesch gesinn gi vill méi Harddisken futti wéi Netzdeeler déi fir 24/7 professionelle Betrib geduecht sinn...

__________________
404 - Not found
05.09.2013 00:46 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Charly
Doppel-As


Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dem Houll-art seng Ausso "Ech muss soen dass ech iwer 20 Joer mat PC an Daten schaffen an nach nie e probleem haat dass eng Hardware futti gaangen ass bzw Daten verluer hun " as fir mech wéi "ech sin 20 Joër laang bei roud iwert d'Stroos gaang an et as nie eppes geschit ...". Ech gin trotzdem nët bei roud eriwer.
Ech haat schon e puer mol Disken futti. An daat mam online backup oder Disken ausserhalb vum Haus as fir den Fall wou z.B. Feier, Blëtzschlag oder Anbriecher d'Ursach fir den Verloscht sin.Dofir verstinn ech och nët déi di zwar en regelméissegen Backup op en USB disk oder en NAS machen, deen awer ëmmer un as an um selwechten Stroumnetz hänkt wéi den PC ... An, jo, mir haaten am Betrieb schon öfter Saachen déi futti gaang sin duerch Stroumausfäll (genauer gesoot wann den Stroum nees erëm komm as).

Wéi gesoot, ech sin beruflech an deser Sach virbelaascht, mee, leider, aus Erfahrung.
05.09.2013 08:11 Charly ist offline E-Mail an Charly senden Beiträge von Charly suchen Nehmen Sie Charly in Ihre Freundesliste auf
Houll-art
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Mir schwätzen jo hei och vum Privaten Asaatz an net wou Serveren mussen 24/24h laafen. Dass do d' Méigelechkeeten vir Ausfäll méi grous sinn streiden ech net of. D' Ufuederungen sinn jo do och aanescht. Ech schwätzen vun engem normalen Gebrauch doheem, wou een de PC all Daag e puer stonnen umecht an dann erem ausmecht. An dee Fall trëfft jo hei op déi meescht, wann net all zou. An do kann ech soen dass Daten op 3-5 Plaatzen secheren iwerdriwen ass. Sinn mäin PC bestëmmt schon dausenden mol erop an erof gefuer an Nie ass eppes geschidd. Jo, e kann eemol net méi ugoen oder den HD ass futti, dann huelen ech eben dann de Backup. Wéi gesoot, dass deen dann och sollt dee Moment ganz zoufälleg futti fueren, déi wahrscheinlechkeet ass quasi Null. Wann deen zweeten HD och nach ausser Haus ass, denken dann ass een och nach am worst case Fall gesechert.
05.09.2013 09:32
Charly
Doppel-As


Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hues scho Recht domat. Wollt just eben soën dass een un all Méiglechkeeten denken sollt an dann muss een selwer entscheeden wéivill Risiko een angoën wëllt, bzw waat engem d'Sëcherheet wert as. Do as jo schliesslech och en Käschtenfaktor ze beràcksichtigen.
05.09.2013 11:31 Charly ist offline E-Mail an Charly senden Beiträge von Charly suchen Nehmen Sie Charly in Ihre Freundesliste auf
Loki Loki ist männlich
Mitglied


Dabei seit: 11.03.2010
Beiträge: 28

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Jo daat mat der eegener Erfahrung ass effektiv sou eng Saach... Meng ass do ganz anescht di deng, Houll-art. Mär ass, bei ganz normaler Benotzung, mol virun Joeren en HDD abgeraucht während (!) ech e Backup dovun op DVD gebrannt hun. Dat war demols een vun den eischten SATA HDDs déi ech je gesin haat, en Maxtor, wann ech mech net ieren. Wi gesot, wochelang gudd a féx gelaaf, a während dem Backup geet et abemol klack klack klack an den Headcrash war perfekt, inklusiv engem Totalverloscht vun sämtlechen Daten déi drop waren. Dat waren gesammelt Files aus menger Lycées Zait (Word files, gescannten Fotoen etc), Musik di ech nach enner DOS (haha) op MP3 gerippt haat etc. Et war e klenge Schock. Wi gesot, den HDD haat mol nach kee Joer. Den Backup op DVD war iwwergens dann och hin.

Mi speit dann op der Uni, ech haat Deeg virdrun main läschten Backup op en USB HDD gemach do geet et klack klack klack an den HDD am Laptop war fier de Recycling. Ech muss dozou bemierken dass ech op meng Saachen oppaassen wi verréckt, et gin keng Stéiss, keen brutalt Behandelen, nix. Wann ech dee Moment keen Backup gehaat hätt, dann wiere wochelang Arbeschten fort gewierscht, a wee wees ob ech dann nach main Joer gepackt hätt? Main USB Harddisk huet iwwergens deen Dag bal net iwwerliewt well main Matbewunner iwwert main USB Kabel gestolpert ass während den HDD amgaange war d'Files zeréck op en neien Laptop HDD ze kopéieren.... dofier léiwer ee Backup anzwousch zevill wi ze mann.

Wat ech och schon erliewt hun (well ech emmer geruff gin sou Saachen ze flécken...) ass dass Bekannter e Backup haaten, hier Files well se net opgepasst haaten geläscht hun, an och keen undelete se mi hiergestallt kruut, an dass dann den Backup HDD en Filesystem Fehler haat ("Oh di Meldung do liesen ech nie, di klicken ech emmer eweg wann se kennt") an de Backup lauter fehlerhaft Dateien haat. Dann ass abemol d'Panik grouss wann d'Fotoen vum klenge Bébé vun den läschten 2 Joer fier ëmer fort sin. Et ass och scho fierkomm dass en HDD méint- oder joerelaang tadellos gaangen ass, dann awer wann et drop ukomm ass natirlech grad dann den HDD en Headcrash gemach huet... och hei: waat méi Backups wat besser.

Di Gefor vun Harddisks soll een net ennerschätzen. Main alleréischten 1GB Hdd (Seagate) a mengem Pentium 90 geet zwar haut nach (Pio Mode 4, leeeecker), mee daat ass absolut keng Garantie. SSDs iwweregens och net, do dréint zwar naischt, mee wann dain Controller futsch geet (google mol d'Vertex Serie vun OCZ), dann ass och alles weg.

Perséinlech Erfahrung hin oder hier, bei engem Harddisk ass et net d'Fro *ob* en futti geet, mee *weini*. An Murphy seet dass en emmer am ongeschteschsten Zaitpunkt futti geet. An dass de Backup och futti ass. An den Backup vum Backup Augenzwinkern

Ajo, ech haat nach ganz vergiess ze erwähnen dass ech soubal ech 25GB zesummen hun, dat ganzt nach op eng BluRay brennen ˆˆ
05.09.2013 12:16 Loki ist offline E-Mail an Loki senden Homepage von Loki Beiträge von Loki suchen Nehmen Sie Loki in Ihre Freundesliste auf
Houll-art
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Deen een huet déi Erfahrung gemach deen aaneren huet déi Erfahrung net gemaach. Natirlech ass deen deen se 2mol ofspäichert besser drun wéi deen deen se nëmmen eemol ofspäichert an deen se 3mol ofspäichert nach besser wéi deen deen et nëmmen 2mol mecht asw...
Pessimistesch kann een nie genuch sinn mee irgendwou muss een sech soen wou den Opwand daat ganzt nach gerechtfertegt an wou d' Realitéit dobai nach bleiwt. Et handelt sech hei jo "just" ëmm Fotoen, ech mengen daat sinn keng Iwerliewenswichteg Donnéen, woumat ech net wëll soen dass vir deen eenzelnen e gewëssen Wert hunn!
Dass näischt éiweg hällt daat berücksichtegen ech a mengen Iwerleeungen jo och, mee ech gesinn déi Saach awer net zefill Pessimistesch.
Ech wenschen jidderengem dass en net an dee Fall kënnt, a wann, dass en dann nach ee Backup huet- dee geet. Eng 100% secherheet gëtt et nie, ech mengen daat wësse mir alleguer. Ech fir mäin Fall gesinn do d'Gefor net esou grouss, a moins dass e Blëtzschlaag, eng Iwerschwemmung, e Sturz, een Erdbiewen, een Akzident, oder weider Katastrophen mateneen kommen. Mee dee Moment ass ass et mir och egal op meng Fotoen dann fort sinn.

PS: Et ass souwisou net gewosst wéi laang Digital Donnéen, egal op wéi engem Träger se gespäichert sinn, haalen bzw. rekonstruéierbar sinn wann se eemol beschéidegt sinn. Ech beruffen mech do op eng Aussoen vun Läit déi an Centres audiovisuell schaffen, déi jo d' Aufgaab hun Daten ze secheren op Joerzengten oder Joerhonnerten hinn.
05.09.2013 13:47
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Bei der Fro ëm Datesécherung ass et net just ëm Fotoen gaang, alleng d'Fro mat de Späicherkaarten war amfong spezifesch op Fotoen bezunn Augenzwinkern Mä ech maachen do lo keen Ënnerscheed ob ech meng Files vu Photogen (Administrativ Saachen, Code den ehc programméiert hun asw) oder perséinlech Fotoen backup'en. An bei mir ass den Deel dass ech all 1h e Backup maache vu mengen Daten och mat 0 Opwand verbonn vu dass et komplett automatesch ass. Den aneren, externen Disk den ech net heiheem hu bei mir dee kënnt dann all puer Woche just mat heem fir eng Kéier rëm déi nei Saachen derbäi ze setzen, also och do zimlech geréngen Zäitopwand.

__________________
404 - Not found
05.09.2013 14:28 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Houll-art
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech iwerlossen jidderengem gären wéi oft hien seng Daten secheren wëll, ech wollt just soen dass ech eben nach keng Erfahrung gemaach hun mat gecrashten Hardisken an deenen iwer 20 Joer wou ech mat PC schaffen, an perséinlech och keen kennen, obwuel jo jiddereen haut HD'en huet egal ob waat wir engem System. Duerfir verstinn ech déi ganz Polemik net. Mat deer Astellung kann een jo dann och esouwäit goen a soen wann ech x copy'en maachen kënnen déi x ob eemol net méi goen, dann ass et besser ech maachen x+1. Mee waan een dann Pech huet dann geet déi eng en plus viläicht jo och net. Et muss een Wahrscheinlechkeetsrechnung einfach mol betruechten. Secher ass dass keng Copy/Backup, falsch ass a liichtsënneg ass.
05.09.2013 18:12
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Support » Misc » Datesëcherung ?

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH