wuschel_lux
Mitglied
Dabei seit: 28.12.2006
Beiträge: 27
Herkunft: Luxembourg
|
|
Nowend zesummen,
mir ass do mol eng Idee an den Sënn kom, waat en um photogen.lu nach ausbauen kéint, nët dass ech onzefridden wir oder sou, mee einfach nach eng kléng Verbesserung.
Ech haat elo schons zwee, dräi mol den Fall, dass ech eng Foto eroplueden, an duerch konstructiv Kritik vum Membren op "Fehler" oder Verbesserungen opmierksam gemach gin sinn. Do hun ech d'Foto verbessert an dann ... nach een mol eropgelueden, fir se ze weisen, waat draus ginn ass.
Elo hun ech se awer 2x am Portfolio. An elo zu der Idee no laagem blabla...
Wier et nët besser, wann en esou eng Verbesserung mecht, se mat enger néier Fonktioun eroplued. Sou dass D'Foto nëmmen 1x ungewissen gët, mee wann een mat der Maus driwert fiert, déi 2ten Versioun visibel gët. Oder einfach niwerwt dem Titel [Verioun 1 2 3] steht.
Wees nët op daat sou einfach ze maachen ass oder iwerhaat gewollt ass, wéi gesoot just eng Idee.
Also wënschen nach en schéinen Owend
|
|
28.05.2007 21:50 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Dass een eng Foto updaten kann ass schonn am Thread wou et em den Update geet. Fir dei al Versioun(en) ze halen fannen ech net gutt well da secher vill Leit fir all klengegkeet rem eng nei Versioun roplueden, sou gëtt d'Späicherplaz zimlech verschwend, an och den Traffic. A béides ass net gratis
__________________ 404 - Not found
|
|
28.05.2007 22:11 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
|
|
do kann een als alternativ jo sou maachen dat een aawer ee klenge Thumbnail vun der (oder den) viereschte Versiounen haellt... da gesait een dat d'Foto verschafft gouf an och wei (am groben)... ausserdeem spuert daat jo da Plaaz... ech fannen et komesch wann een eng Foto update an da gesait ee guer net mei wei se vierdru war... dan passen deemno wei d'Kommentarer jo och guer net mei...
|
|
28.05.2007 22:19 |
|
|
wuschel_lux
Mitglied
Dabei seit: 28.12.2006
Beiträge: 27
Herkunft: Luxembourg
Themenstarter
|
|
@Johny
Do hues du och rescht, dass daat deelweis Kapazitéit erhéischt, kéint een jo eventuell op 1 "update" limitéieren, an soen dass deen déi 2 Crediter pro 20 Stonnen am upload verbraucht (oder souguer méi sou dass en sech et iwerleet).
Oder wéi sen spako seet, just Thumbnails haalen, déi kann en zweschent 5 - 15 KB haalen, sou dass d'Resourcen nët ganz sou belaascht ginn.
Mee wéi den Spako schons och bemierkt hut, sos passen Kommentäiren nët méi, an ech fannen et och interessant fir ze gesinn, wéi eng Foto sech entweckelt...
Also mech géif et fréen dess oder eng ähnlech Variant vun desser Idee irgendwann héi erëmzefannen.
Schéinen Dag nach
|
|
29.05.2007 08:14 |
|
|
JADE
Kaiser
Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer
|
|
LOLLLLLL .... D' D' D' spako ...
... an ech waert mech nët gin !! ... bis dass d'ganzt Land ët wees ...
|
|
29.05.2007 12:22 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Verhal der am beschten dass d'Spako eigtl Veronique heescht, da verhälls de dass et en hatt ass
Also iergendeng Variant vun der Idee wärt secher matt drakommen, wei genee daat iwwerléen ech mer nach
__________________ 404 - Not found
|
|
29.05.2007 17:21 |
|
|
wuschel_lux
Mitglied
Dabei seit: 28.12.2006
Beiträge: 27
Herkunft: Luxembourg
Themenstarter
|
|
Hun ech mer notéiert, an sorry wor nët beiss géngt ;-)
Ma fréen mech awer dass eppes an déi Richtung wärt kommen. Merci gesoot.
PS. Johny wannst du mol Loscht an Zäit hues, kanns du w.e.g. mol op volleyball.lu kucken (och eng Gallery) an mir soen waat dir do Fehlt, sinn och nach um bastelen...
|
|
29.05.2007 17:34 |
|
|
|