salü...
ech sin einfach nemmen iwwerwältegt vun all dengen makro-fotoen...
waat mech am meeschten impressionneiert sin deng beishcter deis de am flug kreis...ech froen ech obs de daat alles per "auf gut glück" mess oder eng fierrichtung gebaut hues fir dass daat mei seier an einfach vun der bühn geet...mee egal wei...allen respekt!!
ech hunn keng Vierrichtung an dass och nët "op gut Glück".
ech hunn e Weiher wou ech zimlech dachs a lang dobai sëtzen. Wann elo esou e Béischt geflun kënnt, bleiwen ech emol rouheg an ech kucken bësse no. Zait an Blend sinn am viraus agestallt. Wann elo dat Béischt viru mir an der Luut schwéiwt (30 - 50 cm)viséieren ech hat un, focusséiren schaarf an drecken of.
merci fir dai léiwe comment
all di positiv kritiken zu menger louvre foto si mer am fong méi wäert wi dat se als topfoto gewielt gin as.
wann ee kuckt wei oft se gekuckt gett, oder dat just super positiv kritiken kommen, as se a mengen aen eng topfoto, wann dei leit aus der jury dat net sou fannen, as daat eben sou. that's life
Endlech ass et sou wäit - De Studio vun Photogen gëtt opgemaach, an dofir feieren mer dës kleng Erëffnung och. Dëse Sonndeg um 5 Auer geet et lass, zu Jonglenster am Centre Culturel. Dir kritt de Sall ze gesinn an och d' Basis vum Material gëtt kuerz erklärt fir déi déi nei am Studioberäich sinn. Ausserdem ginn zwee Workshops firgestalt déi an den nächste Wochen sinn, an fir z'Iessen an ze Drénken ass natirlech och gesuergt. Och gëtt dann erklärt wéi dat geet fir de Studio gelount ze kréien als Clubmember.
Et ass jiddereen häerzlech invitéiert, net nëmmen d' Clubmemberen.
Hei ass nach de Link op eng Kaart wou Der gesidd wou eise Sall ass: http://club.photogen.lu/clubsall.php
hei geet et ëmmer méi Bierg of, an ech iwwerleeë hei ganz op ze halen, ech sinn an der fotocommunity.de erëm méi engagéiert, do geet et net sou Doud eescht zou wéi hei an vill méi professionell zou