Kommentar vum Fotograf:
Hunn d'High-Key-Veraarbechtung emol bei engem Natursujet probéiert.
Di dier Grieser am Hannergrond hunn dat méiglech gemaach. Doduerch wollt ech d'Fragilitéit vun dësen Insekten ervirsträichen.
De relativ breede wäisse Rand soll dem delikate Bild zousätzlech Rou ginn, besonnesch op dem däischteren PG-Hannergrond.