Mijo soot da jo scho puer Saachen dei mer net sou direkt gefall hunn, an jo ass o schued, dass den Taj Mahal disant zerschmettert gett duerch d'Faarwen...mee soss ass et eng interessant Foto, wou ee genuch ze kucken an ze staunen huet
op däerer enger Säit huet de Sevy Recht, awer aneresäits gëtt den Titel vun der Foto déng Intentioun erëm, an domadder ass eigentlech alles kloer;
fir mech eng flott Foto, du häss eventuell den Taj Mahal riichtzéien (dréien) kënne , an e bësse manner Kontrast op de faarwegen Deel (haptsächlech Hoer a Gesiichter) léen kennen
Gaaanz ganz ganz flott... wierklech eng schein kompositioun... hai ass den sujet gudd gewielt, an och den sw mat color passt super... just hannen sin leider ebssen ze man detailler... hätt och am HG den kontrast ropgeschrauwt...
Do hues de eng schein photo kreiert, obwuel ierschend eppes mech steiert, kann elo sou direkt awer leider net soen waat. :/
Fleit ass et d´verdeelung vun den faarwen, oder einfach daat ech net esou en frend vum s/w plus faarwen sin.
Wei schon gesot, sie kippt liicht no lenks... ansonsten kann ech am fong netkloen!! Wier fläit mei interessant, wanns de just eng farw faarweg geloss häss, wei zum beispill dei moof bei den Schaalen!!
ech well rem dohinner grml....sou flott.... hmm ech haett nemmen dei mauve do farwesch geloos , well besonnesch den eenzelen arm do steiert ganz bessi mee fannen se awer ganz flott ass awer cool dei foto ass 3 deech firun mengen taj mahal fotoen gemeet gin
hehe ech war op silvester selver puer stiet mei weit jodthpur oder sou eppes an enger indescher disko =P ass deck ab gangen! Indeschen Techno allerbecht
Wees elo net waat schon gesoot gouff an waat net, mee ech sin faszineiert vum Taj Mahal! Waat mir opfällt as datt di 2 Tierm baussen schief sin, also deenlenks as mei schief wei deen riets... doofir gin ech derfun aus datt d foto net ganzt riicht as.. mee d'Idee fannen ech super gudd...
Ech well och an Indien!!!
also d foto ass net 100% riecht do sin ech ganz aferstaanen ! mee allerdengs teuscht dat och well dei tiermerscher no bausen gebaut sin fier dass wann se gengen emfaalen geifen dass se net op den taj mahal faalen!
Jop, datt se allen zwee schief gebaut sin wosst ech aawer (kruut ech shcons bei enger aanerer foto gesoot)
mee trotzdeem as deen riets baal riicht an deen lenks do dergeint gekukt vill mei kromm...
haet lo eichter den geigendeel gesoot mee bon eigentlech egal well dass d foto dei definitif kippt an och vieleicht aus engem bessi kommeschen wenkel geholl ass