Nee net mat Macro, waert daat awer nach probieren, leider kann ech elo keng Bieren mei Futti schloen soos schleit mech mein Noper
Ech probeiern emol mat engem mei heigen ISO.
Merci.
du kannst jo mat enger futtisser Bier (also ouni Damp) deng Astellungen probeieren bis et gudd as.
Virschag: stell d'Bier riicht op, dei hei ass liicht schief. Loos mei Glasschiebelen drun, gesait mei dramatesch aus. Stell op de Fuedem schaarf an. Huel ee Bletz fir d'Bier ze knipsen an de Fotoshop fir den Damp dobai ze maachen. Eventuell ass ee Bletz och gudd fir den Damp, awer esou daat d'eegen Luucht net iwwerstraht get (dat get komplizeiert...)
Jo,...ech haat mech schlecht ausgedreckt: den Damp soll schon geknipst gin, mee et kann ee jo aus e puer Fotoen eng zesummebastelen: also eng mat der Bier, eng mam Damp, an dann am PS zesummesetzen.
A wann de PS verbuede get, sin ech direckt dobai. Ech fannen d'Foto soll beim knipsen färdeg sin, an net ereischt um Computer entstoen...
(...lo gin ech secher ofgeschoss...also esou extrem gesinn ech daat awer elo och net...)
Mach zwou Photoen. Eng sou wéi dëss hei, an wann d'Bier futti as nach eng. Lo kanns du jo scharf stellen. Dono setzt du déi zwou Photoen zesummen. Wells du den Apparat op dem Stativ hues, geet daat ganz einfach an sie passen gudd op enneen.
Merci fir dei Ideen, Ech haat daat och schon geduecht fir dei Iwerbeliichtung eweg ze kreien dann kann een vileicht s'Spiral gesinn.
Ech waert nach weider probeiren.
yess!!den Oxyde den Tungstène as den deel wou bei dene anren Bierenfoddoen fehlt!
dei wolekk gefellt mer immens gudd mee mengn den Focus haasde bessi derneewtgetesselt...(am beschten am Hellen MANUELL astellen an dann lassleen...)
wier vlait na besser gin wa se riischt an na MEI glasschierbelen rondrem geweescht wieren....
trossdem awa een intressant motiv...