Foto u sech ass immens flott mee denTturm ass leider zevill zentreiert! Heiandsdo gellen Reegelen vun der Fotografie beueschten kann een se och briechen mee an desem fall ass daat net ganz gelongen
ech mengen jo awer dass daat grad gewollt ass hei, mengen net dass et deen turm an der mett ass...
schued ass fannen ech dass dei aaner tierm net gleichens sin. also z.b. gleichen oofstand zu deem an der mett an dann nemmen een riets an een lenks
fir mech ass daat awer soss gelongen...
ech hun baal keng foto wou iergend eppes zentreiert ass...ausser fotoen mat menschen..mais sos baal neischt...an dat heiten ass mol esou eng... wou ech awer fannen dass den tuerm gudd an der mett steet
2 kollegen stin och "ongewollt" op der richtege plaatz...
wieren dei aner "tierm" an gleichen ofstand vun eneen ewesch..dann wier se langweileg ...an dann hätten dei 2 op der foto gesteiert...
mais dat mat der "gellener" regel fannen ech unsech egalwaat...
de kadinsky wou dat 1. abstract, onfigurativ bild gemolt huet, huet och null regel beacht, den jackson polloc mat sengem action painting selwesch... vill cubisten ebenfalls... se sin awer sau bekannt gin
also fannen dass een sech net emmer un engem prinzip oder reglen soll festhaalen...
ech knippsen einfach esou, dass ech mengen d'foto wier gudd cadreiert...oder wei ech dat ganzt halt gesin... wann mein aa seet...dat doten geif eng gudd foto gin...dann knippsen ech dat..ouni elo nach ze kucken ob alles gud zentreiert ass , um niveau ass...asw...