Déi do fannen ech décke Gas! Deen Himmel do, daat gesäit aus wéi gemolt, iwerhaapt daat ganzt Bild. Ech huelen un daat as verschafft am PS oder? Saugutt. Hei as eng vun deenen seltenen Fotoen wou ech eng 10 gin
Et ass dach net méiglech dat ech di doten verpasst hun. Di wuarm Fuarwen, dat Rauschen am Himmel an di genial Silhouetten (Pärd, Reider an Schöff) maachen aus der heiten Prise eppes ganz besonneches.
merci elmuzo, datt's du se nees entdeckt hues, hun däi comment lo grad an de "4 läschtgeschriwwenen Haaptkommentäeren" gelies;
wow, ass wierklech staark: d'Schäerft bei Pärd a Reider, d'Mier an engem flotten dégradé an dann déi genial Pastellfaarwen mat grain am Himmel; nët ze vergiessen, den Dëpel um i: d'Schëff wat der Bildkompositioun zegutt kënnt!!!
Fir de Rom, den Elmuzo an de Jean-Jos, an natierlëch och de Maggele:
Et freet mëch datt der déi Foto hei entdeckt oder och erëm-entdeckt hutt, an datt'se ärch gefällt.
Sie huet mër selwer gudd gefall, an Ech war am Ufank ë bëssen perplex bei denen éichten Kommentaren, well Ech gemierkt hunn dass d'Idee vun dem Bild nët eriwer komm ass.
D'Szen hei ass real, d.h. Ech hunn um Bildinhalt selwer naicht geännert, Ech hu just eben probéiert matt de Mëttelen vum PS, mëng perséinlëch Impressiounen a Reflexiounen an d'Bild afléissen ze loossen.
"D'Szen hei ass real, d.h. Ech hunn um Bildinhalt selwer naicht geännert, Ech hu just eben probéiert matt de Mëttelen vum PS, mëng perséinlëch Impressiounen a Reflexiounen an d'Bild afléissen ze loossen."
Merci !!
Freet mëch datt meng Fotoën der esou gefaalen.
Jo, déi Escher Médaille ass meng éischt op engem internationale Salon, daat ass scho flott, doriwwer eraus kritt een duerch International Salonen ën Iwwerbléck iwwert den Niveau vun der Fotografie weltwait an Ideen an Ureegungen kann een do en plus nach sammelen.
ech hun dei heiten photo reicht duerch random foto entdeckt ... geheiert defintiv an d kategorie top ** schaerft, DOF, faarwennuance sin harmonesch ...alles ass dobai ... top